Den Directoire war an der Zäit vun der éischter franséischer Republik de politesche Regime den d'Exekutivmuecht vum 4. Brumaire Joer IV bis zum 18. Brumaire Joer VIII hat. Den Directoire war den Nofollger vun der Convention nationale an de Virgänger vum Consulat.

De Lazare Nicolas Marguerite Carnot.

Der Constitutioun vum Joer III no, goufen d'Direktere vum Conseil des Anciens gewielt. Déi fënnef éischt Directeurs waren de Rewbell, de Barras, de La Révellière Lépeaux, de Carnot an de Letourneur. All Joer huet een Direkter misse seng Plaz fräi maachen. Wien dat sollt si gouf duerch d'Lous entscheet. Nom Staatsstreech vum 18. Fructidor Joer V (4. September 1797) ass den Directoire an d'Hänn vun engem Triumvirat gefall (Rewbell, Barras, La Révellière Lépeaux).

D'Legislativ louch an den Hänn vum sougenannte Corps législatif, dee sech aus Membere vum Conseil des Anciens a vum Conseil des Cinq-Cents zesummegesat huet.

Den Directoire war, virun allem am Ufank, eng grouss Epoch fir d'franséisch Arméi: d'ganz Militärgeschicht vun dëser Zäit steet an den Nimm Bonaparte, Kléber, Desaix, Masséna a Moreau.

Bannepolitesch huet den Directoire versicht, d'Interessen ze vereenegen, an den neie Gouvernement ze festegen, ouni zu extreeme Mëttelen ze gräifen, mä duerch d'finanziell Problemer huet missen zu der Faillite gegraff ginn, déi ënner dem Numm vum Tiers consolidé verstoppt gouf.

Obschonn d'militäresch Victoirë vum Napoleon Bonaparte an Italien (1797) dem Staat erlaabt hunn, d'Krichskontributiounen an d'Luucht ze hiewen, gouf aus dem Directoire, ënner der Leedung vum Barras (« le roi des Pourris » laut dem Bonaparte) e Synonym fir Staatskorruptioun (Inflatioun vun den Assignats).

No e puer Réckschléi goufen d'Direkteren als onkapabel dohigestallt; si ware sech ënnereneen och rar eens. No verschiddenen interne Revolutiounen huet de Bonaparte, mat der Hëllef vum Sieyès, dem Directoire en Enn gesat mat sengem Staatsstreech vum 18. an 19. Brumaire, deen de Consulat an d'Liewe geruff huet. Zu dësem Zäitpunkt waren déi fënnef Direkteren de Barras, de Sieyès, de Gohier, den Ducos an de Moulin.

Lëscht vun de Presidente vum Directoire änneren

2. November 1795 - 31. Januar 1796: Jean-François Reubell
1. Februar 1796 - 30. Abrëll 1796: Étienne-François Le Tourneur
1. Mee 1796 - 29. Juli 1796: Lazare Carnot
30. Juli 1796 - 1. November 1796: Louis-Marie La Revellière-Lépeaux
2. November 1796 - 30. Januar 1797: Paul Barras
1. Februar 1797 - 30. Abrëll 1797: Jean-François Reubell
1. Mee 1797 - 26. Mee 1797: Étienne-François Le Tourneur
27. Mee 1797 - 24. August 1797: Lazare Carnot
25. August 1797 - 27. November 1797: Louis-Marie La Revellière-Lépeaux
28. November 1797 - 25. Februar 1798: Paul Barras
26. Februar 1798 - 26. Mee 1798: Philippe-Antoine Merlin, genannt Merlin vun Douai
27. Mee 1798 - 24. August 1798: Jean-François Reubell
25. August 1798 - 27. November 1798: Jean-Baptiste Treilhard
28. November 1798 - 25. Februar 1799: Louis-Marie La Revellière-Lépeaux
26. Februar 1799 - 26. Mee 1799: Paul Barras
27. Mee 1799 - 18. Juni 1799: Philippe-Antoine Merlin
19. Juni 1799 - 23. September 1799: Emmanuel-Joseph Sieyès
24. September 1799 - 10. November 1799: Louis-Jérôme Gohier

[1],[2],[3]

"Incroyables" a "Merveilleuses" änneren

 
En "Incroyable" an eng "Merveilleuse".

D'Gesellschaft vum Directoire huet sech op den Divertissement gestierzt. Nodeem d'Terreur eriwwer war, an d'Guillotine demontéiert, wollt all Mënsch Spaass hunn. Vläicht war et d'Gefill, eng verlueren Zäit nees opzehuelen. D'Fraen hu sech der Moud vun der "Antiquomanie" higinn: Räck am Stil vun Diana a Flora, duerchsichteg Stëfter, grouss Décolletéen. Gedroe goufe virun allem Stëfter wéi Gaze, déi näischt vun de Forme verstoppt hunn. D'Ausstellung fir d'Industrieprodukter, déi 1798 organiséiert gouf, war Zeie vun dësem neie Goût fir de Luxus.

Och plakeg ronderëmlafe war Moud: no der Ära vun de Sans-culottes waren elo d'"Sans-chemises" modern ! Mä de grousse Luxus vun dëse Merveilleuses - sou goufen d'Schéinheete vun dëser Zäit genannt - waren d'Parécken. Et gouf der vir all Stonn vum Dag: blond, schwaarz, blo, gréng …

D'Kavaléier vun dëse Fraleit goufen Incroyables, oder nach éischter Incoyables, genannt. Et war elegant den "R" ewechzeloossen (den R vu Revolutioun, vu Roi a vun Terreur). Hir Kleedung war exzentresch: grouss Krawatten, breet Boxen....

Dës Jugend, déi Suen ausginn huet, ouni u muer ze denken, huet sech zu Paräis op alle Plaze getraff, déi modern waren: Theateren, dem Tivoli oder Frascati oder an der Galerie vum Palais-Royal. Et gouf vill gedanzt an et gouf ëmmer e Bal organiséiert, wou ee konnt hi goen. Zu de renomméierste « Merveilleuses » hunn d'Mlle Lange, Mme Tallien, Mme Récamier, d'Joséphine de Beauharnais an d'Fortunée Hamelin gezielt. Hire Beschützer, de Barras, war e wichtege Personnage mat deem ee sech am Beschte gutt gehalen huet. Hien huet och selwer grouss luxuriéis Fester ginn. D'Moral gouf net wierklech grouss geschriwwen, et gouf sech bestuet, fir sech scheeden ze loossen, an nees nei ze bestueden.

Literatur zum Theema änneren

  • Albert Mathiez, Le Directoire - Du 11 brumaire an IV au 18 fructidor an V (publié, d'après les manuscrits de l'auteur, par Jacques Godechot, Agrégé de l'Université); Paräis (Librairie Armand Colin), 1934; 391 Säiten.
  • De Prosper Brugière de Barante (1855) an den Adolphe Granier de Cassagnac (1863) hunn eng Histoire du Directoire geschriwwen.
  • Marie-Nicolas Bouillet an Alexis Chassang (Ersg.), Dictionnaire universel d'histoire et de géographie, 1878.
  • Martyn Lyons, France Under the Directory, Cambridge University Press, Cambridge, 1975.

Um Spaweck änneren

Commons: Moud vum Directoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Recueil des Actes du Directoire exécutif (Procès-verbaux, arrêtés, instructions, lettres et actes divers)", Antonin Debidour in "Collection de documents inédits sur l'histoire de France publiés par les soins du ministre de l'Instruction publique (Paris: Imprimerie nationale, 1910-1917).
  2. Les procès-verbaux du Directoire exécutif, an V - an VIII. Inventaire des registres des delibérations et des minutes des arrêtés, lettres et actes du Directoire faisant suite au Recueil des actes du Directoire exécutif d'Antonin Debidour, ed. Pierre-Dominique Cheynet (Paris: Centre historique des Archives nationales, 2000-).
  3. "Mémoires de Larevéllière-Lépeaux: suivis de pièces justificatives et de correspondances inédites" (Paris: Plon, 1895).