Den éischte Schmelzuewen ass zu Stengefort schonn am Joer 1846 vum Guillaume Pescatore, deen och nach "de blanne Pescatore" genannt gouf, gebaut ginn. Duerch Alluvialäerz, dat direkt an der Géigend fonnt a gesammelt gouf, ass duerch Verbrenne mat Hëllef vun Holzkuelen Eisen hiergestallt ginn.

Schonn 1856, huet eng fir d'Geschicht vun der Stengeforter Schmelz wichteg Famill, d'Famill Collart dësen Uewen opkaaft. Déi zwéi Bridder Charel a Jules Collart hu schonn e Joer méi spéit en zweeten Uewen opgeriicht.

Eng ganz wichteg Roll fir d'Entwécklung vun der Schmelz, huet d'Entwécklung vu wichtegen Zuchlinnen zu Lëtzebuerg gespillt. Déi zwéi Bridder konnten dunn Eisenäerzterrainen zu Rëmeleng, Téiteng an zu Esch-Uelzecht kafen, fir méi effizient zu Stengefort ze produzéieren.

An de Joren 1859 an 1860 hunn d'Zuchlinne Lëtzebuerg - Beetebuerg - franséisch Grenz, Lëtzebuerg - Klengbetten - belsch Grenz, Beetebuerg - Esch-Uelzecht an Näerzeng - Rëmeleng et méiglech gemaach vun Holzkuel op méi bëllege Kock als Brennmaterial zeréckzegräifen. Wéi dunn 1873 och nach d'Zuchlinnen Esch-Uelzecht - Péiteng a Péiteng - Stengefort funktionéiert hunn, ass amplaz vum Alluvialäerz och Minett verschafft ginn.

Experten hunn ausgerechent, datt d'Reserven u Minett fir d'lëtzebuergesch Industrie géife bis 1963 duergoen. Am Süde vum Land huet d'Eisenindustrie floréiert. Zu Stengefort war d'Fabrikatioun wéinst dem Transport vun der Minett bis op d'Schmelz méi deier. Nëmmen duerch Konzessiounen duerch de Staat kann d'Stengeforter Schmelz iwwerliewen. 1874 kruten d'Gebridder Collart sou 10 Hektar zougesprach. Dëst Lous louch zu Roudengen an huet staark kiselhaltegen Äerz geliwwert. Eréischt 1881 koum eng Konzessioun vu weidere 25 Hektar zu Esch dobäi. An de Joren 1891 an 1887 koumen nach weiderer dobäi.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Siderurgie zu Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

Ära Charel a Jules Collart änneren

Déi zwéi Proprietäre woussten, datt wirtschaftleche Fortschrëtt nëmme méiglech wier, wann hir Installatiounen um neiste Stand vun der Technik wieren. Minnendirekter war deemools den André Koch. Hie krut d'Aufgab d'Äerzminnen ze moderniséieren. Déi eenzel Grouwe sinn dunn zu engem zesummenhängende System verbonne ginn. Dëst Galeriegeflecht war ënner dem Numm Grouf Kazebierg bekannt.

1882 ass rout Minett aus der Grouf Schlassbësch ofgebaut ginn. Et koumen nach weider Grouwen dobäi soudatt am Joer 1892 47.000 Tonne roude Minett ofgebaut goufen.

Am Joer 1894 hunn d'Bridder Collart mat der ARBED Terraine getosch a sou konnte si en neie Galeriësystem tëscht de Grouwen Heentzebierg a Schlassbësch schafen. Duerch déi ënnerierdesch Systemer ass den Äerzofbau méi effektiv ginn an et war eng méi ekonomesch Aarbecht méiglech. Duerch d'Zesummeleeë vu Galerië konnt d'Produktioun vun der Stengeforter Schmelz am Joer 1898 op 72.000 Tonnen an d'Luucht gedriwwe ginn.

Zu Esch-Uelzecht hunn dunn d'Bridder Collart eng weider Innovatioun agefouert fir hir Produktioun nach steigeren ze kënnen: duerch de laange Grouwesystem waren d'Weeër fir d'Minett un d'Dagesliicht ze kréie méi laang ginn a vill Grouwewaasser huet missen ofgepompelt ginn. Déi eenzeg Léisung war den elektresche Stroum. Dofir hunn déi zwéi Bridder eng elektresch Zentral baue gelooss. 1891 sinn zwéi Gasmotoren a Betrib gaangen an twou elektresch Lokomotiven hunn du Buggie mat der Minett un d'Dagesliicht bruecht. An der Hiel zu Esch si se dann an Zuchwaggone gekippt ginn, fir d'Minett dann op Stengefort ze transportéieren.

De Staat huet tëscht dem 10. Abrëll 1881 an dem 13. Abrëll 1892 streng Konventiounen agefouert déi festgehalen hunn, datt all d'Minett, déi zu Lëtzebuerg ofgebaut gouf, muss zu Lëtzebuerg - an net am Ausland - verschafft ginn. Dës Konventioun déi Verhüttungsklausel genannt gouf, huet souguer verlaangt, datt all Transport vun Esch op Stengefort huet misse vum Staat geneemegt ginn.

Am Joer 1910 ass de Charel Collart gestuerwen an d'Firma „Jules Collart & Cie“[1] gouf kuerz drop an eng Aktiegesellschaft ëmfunktionéiert.

Ära "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" änneren

 
Collartsschmelz ëm 1930

Den Nottär Jules Gruber huet am Joer 1912 d'anonym Gesellschaft „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“[1] um Pabeier gegrënnt. D'Statuten hunn d'Liewensdauer vun dëser Societéit op 30 Joer begrenzt.

Nëmmen e puer Joer no der Grënnung vun dëser Gesellschaft gouf d'Majoritéit vun den Aktië vum däitsche Kabelfabrikant Felten & Guillaume vu Köln - Mühlheim opkaaft. Déi nei Hären hu Modernisatioun an Ausbau versprach.

Effektiv krut d'Schmelz am Joer 1913 nei Konzessiounen. Sou 51,9 Hektar zu Esch-Uelzecht, 64 Hektar zu Déifferdeng op der „Ferme Vesque“ an 8 Hektar um „Heidenfeldchen “zu Esch.

Nom Éischte Weltkrich stoung d'Schmelz ënner Friemherrschaft a gouf vun 1919 u vun der „Société des Mines de la Loire“ vu Paräis kontrolléiert.

De 16. Dezember 1919 gouf de Gustave Loosé vu Stengefort, deen zanter 1891 Produktiounschef war, Direkter vun den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ an de Jos. Belot Chef vum Héichuewebetrib. Am Abrëll 1920 gouf d'Betribskapital vu 17 op 25 Millioune Lëtzebuerger Frang erhéicht. Et goufen 500.000 Aktie vu 500 Frang.

Den 20. Oktober 1921 gouf d'„Société des Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ vun der belscher Gesellschaft „Athus-Grivegnée“ iwwerholl. Obwuel den Numm vun de Stengeforter „Hauts Fourneaux et Aciéries“ aus finanzielle Grënn bliwwen ass, war de Verwaltungsrot elo ganz a belschen Hänn. No de Fusioune mat der „Société d'Angleur et des Charbonnages belges“ an der „Société d'Angleur-Athus“ am Joer 1927 ware keng Sëtzunge vum Verwaltungsrot méi am Lëtzebuerger Land mä nëmme méi zu Athus, Grivegnée oder zu Bréissel.

Dat war den Ufank vum Ënnergank vun der Stengeforter Schmelz.

Ënnergank änneren

Déi belsch Aktionäre waren net sonnerlech un der Stengeforter Schmelz intresséiert. Dat eenzegt wouru si Interessi gewisen hunn, waren d'Minne-Konzessiounen déi d'Stengeforter Schmelz hat. Duerch dat strengt Gesetz géint den Export vu lëtzebuergescher Minett hu si alles probéiert fir dës Konventioun z'ëmgoen a souguer ze sabotéieren. An der Chamber waren hefteg Diskussioune programméiert fir dat illegaalt Schmuggelen z'ënnerbannen. Et war souguer ze héieren, datt déi lëtzebuergesch Minne reegelrecht eidel geplëmmt gi sinn. Hei ass besonnesch den Numm vun engem Klengbettener Deputéierten, dem Jean-Pierre Mockel ze nennen. Hien huet sech getraut ganz direkt mat den auslänneschen Aktionären iwwer de Problem ze schwätzen. D'Regierung wollt hien ënnerstëtzen an huet versprach eng Spezialkommissioun fir dëse Problem anzesetzen. Trotz all deem sinn am Ganzen 1.178.782 Tonne Minett sou ofgebaut ginn.

De Fakt datt den auslänneschen Aktionären d'Schmelz ganz egal war an duerch déi héich Transportkäschten aus dem Süde vum Land op Stengefort an d'Wirtschaftskris vun den 1930er Joren huet dozou geféiert, datt am Joer 1931/32 d'Schmelz zu Stengefort hir Dieren zougemaach huet. Dëst war e grousse Verloscht fir déi ganz Gemeng well d'Schmelz fir de wirtschaftlechen Opschwong vu Stengefort gesuergt hat. Ëmmer erëm hu verschidde Gerüchter an och falsch gedeiten Zeitungsartikele falsch Hoffnungen an der Stengeforter Bevëlkerung op eng weider Zukunft vun der Schmelz gemaach.

Iwwerraschend koum am Joer 1938 vun offizieller Säit d'Bestätegung, datt zu Stengefort awer erëm soll en Héichuewen a Betrib goen.

Falsch Hoffnung änneren

D'Aktionäre vun den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ waren och Besëtzer vun den Athuser Eisenindustrien. Duerch de Besëtz vun den Aktie vu Stengefort ware si och Proprietär vun de Minnen direkt virun hirer Dier. Si hätten doduerch kéinten ouni grouss Transportkäschten d'Minett aus der Grouf op Athus brénge wann do net déi Konventioun gewiescht wier, datt d'Minett net däerf baussent Lëtzebuerg exportéiert ginn. Natierlech hunn déi belsch Bedreiwer nëmmen drop gewaart fir kënne Minett op Athus ze transportéieren. Doduerch léisst sech erklären, datt si dem Lëtzebuerger Staat am Joer 1939 d'Versprieche ginn hunn, datt wa si däerfe Minett op Athus exportéieren, si sech verflichten zu Stengefort op d'mannst een Héichuewen ze bedreiwen.

Déi Stengeforter Schmelz krut eng Erlabnes, maximal 4.000.000 Tonnen Äerz ze verschaffen. Pro Joer war den Transport op 300.000 Tonne limitéiert. Si kruten och d'Erlabnes dat duebelt vun deem wat zu Stengefort verschafft gëtt z'exportéieren. De Maximum vum Export war op 250.000 Tonnen d'Joer fixéiert. Trotz skeptesche Stëmmen an der Oppositioun, huet d'Chamber de Projet gestëmmt an obwuel de Klengbettener Oppositiouns-Deputéierte seng Bedenken iwwer eng Reouverture vun der Stengeforter Schmelz ze bedenke ginn huet, huet de Staatsminister Pierre Dupong keng Bedenke gesinn an den Interessi vun den Athusser sou staark gesinn, datt si onbedéngt géifen déi Stengeforter Schmelz erëm opmaachen.

Hie sollt awer Onrecht hunn. Trotz dem Verspriechen un d'Regierung sinn d'Diere vun der Schmelz zu Stengefort net méi opgaangen.

Zweete Weltkrich änneren

Den 1. September 1939 ass den Zweete Weltkrich ausgebrach an den 10. Mee 1940 hunn déi däitsch Truppen och zu Stengefort vill Suergen a Leed matbruecht, soudatt de Projet vun der Reouverture vun der Schmelz an de Vergiess koum. Just déi belsch Aktionären hunn hire Projet vum Export vu Minett op Athus net vergiess. Am Joer 1940 hu si den Exportverbuet opgehuewe kritt. Ganzer 302.268 Tonnen Äerz si bis den 30. Abrëll 1942 op Athus transportéiert ginn.

Duerch de Krich bedéngt, sinn all Minièren den 1. Mee 1942, mat Ausnam vun deene vun der ARBED, Hadir an MMR, un déi däitsch „Gewerkschaft Lützelburg“ iwwergaangen. Bis 1944 hunn erëm 332.083 Tonne Minett de Wee op Athus fonnt. Eréischt am September 1944 ass d'Exportgesetz nees a Kraaft getrueden, an d'Äerzgrouwe sinn zougemaach ginn.

An der Generalversammlung vum 21. September 1944 ass den Numm „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ a „Steinforter Hochöfen und Stahlwerke AG“ ëmgeännert ginn.

Nokrichsjoren änneren

E wichtegen Datum war den 28. Mäerz 1945, wéi am Büro vum Nottär Albert Frere zu Seraing d'Firma „Angleur-Athus“ hir 47.418 Aktie vun de „Steinforter Hochöfen und Stahlwerke AG“ der Firma John Cockerill vu Seraing verkaaft hunn. Den Haaptaktionär huet domat gewiesselt.

Den däitschen Numm ass den 28. Juli 1945 zu Miersch ënner der Leedung vum Nottär Roger Würth op enger aussergewéinlecher Generalversammlung erëm zeréck an „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ ëmgenannt ginn. Réckwierkend op den 28. Juli 1942 ass och d'Liewensdauer vun dëser Gesellschaft op 30 Joer verlängert ginn.

D'industriell Anlagen haten am Krich staark gelidden an eng wirtschaftlech sënnvoll Exploitatioun war a Fro gestallt. Zudeem waren d'Aktionäre quasi déi selwecht bliwwen an doduerch huet hiert primäert Zil, d'Stengeforter Schmelz als Alibi ze benotzen, fir Minett an d'Belsch ze kréien, och net geännert.

Fir dës Alibifunktioun ze realiséieren ass de 25. Mee 1946 vun der Societéit „Hauts Foruneaux et Aciéries de Steinfort“ decidéiert ginn, an de futtisse Gebaier nei Industrie z'entwéckelen.

Dat eenzegt wierklech gebrauchsfäegt Gebai war déi grouss Hal. Leider war all brauchbaart Material vun der „Hermann Goering Vertriebsgesellschaft“ verschrott ginn. Et war sou net méi méiglech, duerch grouss Renovéierungsmoossnamen den industrielle Betrib erëm opzehuelen.

En Industriellen aus dem belsche Ransart, den Här Lefèvre hat dunn d'Iddi, zu Stengefort geschweesste Metallbehälteren ze produzéieren, déi op allméiglech Aart a Weis kéinten agesat ginn. D'Gemeng Stengefort war och bereet, fir dës Iddi en Terrain zur Verfügung ze stellen. Et sollt nëmmen nach eng Saach vum richtege Präis sinn. Och den Industrielle Lefèvre hat den Export vun Äerz an d'Belsch als primäert Zil am Kapp. Vun dëser Visioun motivéiert si ganz séier Verhandlunge mam Lëtzebuerger Staat opgeholl ginn. D'Resultat war, datt d'Regierung effektiv bereet war, en Export vu Minett z'erlaben ënner der Bedingung, datt zu Stengefort vum Här Lefèvre zesumme mat der Firma Cockerill oder den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ misst eng Gesellschaft entwéckelt ginn, déi iergendeng Aart vun Industrie géif an d'Liewe ruffen, fir de Stengeforter Aarbechter eng Aarbechtsplaz ze garantéieren. Well dem Staat bekannt war, datt d'Schmelz gréisstendeels a Ruine louch war just d'Oplag ginn, datt den Exporttonnage sech un der Héicht vum Verdéngscht vun den agestallten Aarbechter zu Stengefort ze moossen huet.

Fir de belschen Investoren dat Ganzt méi lackeleg ze maachen, huet d'Regierung och eng uerdentlech Finanzsprëtz an Aussiicht gestallt. Doduerch motivéiert, huet den Industrielle Lefèvre am Juni 1946 mat der Cockerill eng Societéit gegrënnt.

Schlecht Noriichte sinn den 9. September 1946 komm. Den Här Lefèvre wier ze krank fir nei Firmegeschäfter ze leeden. Trotzdeem ass weider mat der Regierung verhandelt ginn. Et koum dobäi eraus, datt de Staat pro 32 Frang Pai den Export vun enger Tonn Minett geneemege géif. Dëst huet déi belsch Interessente motivéiert, och ouni de Lefèvre de Projet weiderzeféieren.

Déi belsch Aktionären hate verstanen, datt si dës Kéier de Lëtzebuerger Staat net méi fir domm verkafe kéinten an nëmme Minett exportéiere kéinten, wa si och wierklech zu Stengefort industriell schaffe géifen. Si hunn dunn Handele missen. Sollt zu Stengefort keng nei Industrie entstoen, géife si vum Staat enteegent ginn. D'Entwécklungsaarbecht fir eng nei Industrie ass d'Aufgab vun der Cockerill ginn.

Méi speziell war Verwaltungsrotssëtzung vum 6. Januar 1947: Déi nei Virschléi fir eng Industrie zu Stengefort waren op den Opstellungsdatum vum 20. August 1946 datéiert a si réckwierkend op den 1. September 1946 akzeptéiert ginn. Et ass decidéiert ginn, zu Stengefort eng Fabrick fir Phenol opzebauen.

D'Phenolsfabrick änneren

D'Begrënnung fir d'Produktioun vu Phenol war, datt deemools de Bedarf vun der Industrie relativ staark war, mä um europäesche Kontinent vill ze wéineg dovu produzéiert géif.

D'Cockerill huet sech bereet erkläert, e Prêt zur Verfügung ze stellen, fir eng Fabrick opzeriichten, déi am Mount 300 Tonne Phenol zum Präis vu 40.000.000 Frang produzéiere géif. D'Beschafe vun der Matière première sollt ganz vun der Cockerill iwwerholl ginn. Déi Stengeforter industriell Gebailechkeete sollten eng Produktioun vu 750 Tonnen de Mount erlaben. No Kalkulatioune vun der Cockerill géif en Debouché fir Phenol an England, Dänemark an an der Schwäiz existéieren. Et gëtt net ausgeschloss, datt, wann d'Fabrick gutt géif lafen, d'Aarbechter e méi héicht Gehalt ausbezuelt kréichen (fir dann och méi Minett exportéieren ze kënnen).

Den 31. Mäerz 1947 gouf bekannt, datt d'Installatioun vun der cheemescher Fabrick am Gaang wier an et géif domat gerechent ginn, d'Produktioun scho virun Enn vum Joer opzehuelen. Deen Dag ass och de Vertrag tëscht der Cockerill an den „Hauts Fourneaux“ ënnerschriwwe ginn, an deem d'Finanzéierung vun der Produktioun, d'Benotze vun den Installatiounen an d'Bedreiwungskonditioune fixéiert goufen. Dee Vertrag ass réckwierkend op den 1. Januar 1947 a Kraaft getrueden a sollt 25 Joer laang gëllen. Duerch d'Ënnerschrëft vun deem Vertrag huet Stengefort seng Eegestännegkeet am finanziellen a kommerziellen Aspekt opginn an a belsch Hand geluecht.

De 27. Oktober 1947 ass e Betrag vun 1.500.000 Frang geneemegt gi fir eng Siidlung vu Wunnenge fir d'technescht Personal vun der Fabrick ënnerzebréngen. Sou konnten déi 6 Haiser, déi zanter 20 Joer am Réibau waren, fäerdeg gebaut ginn.

Am Joer 1948 sinn an de Méint Mee-Juni 89 Tonnen, am August 231 Tonnen an am September an Oktober 163 respektiv 263 Tonne Phenol produzéiert ginn. Bis zu deem Moment waren 62.400.000 Frang an d'Fabrick investéiert ginn. Et war eng weider Investitioun vu 5 Millioune Frang geplangt.

Den 1. Januar 1949 gouf den Här Logelin „Chef de Service“ vum Phenolwierk. Hie gouf gläichzäiteg zum „Fondé de Pouvoirs“ ernannt.

Op enger Verwaltungsrotssëtzung den 28. Mee 1949 gouf bekannt, datt de President vun den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“, de Grof Ancion de 27. Mee gestuerwe war. Als Nofollger ass de 24. Oktober 1949 den Albert Neef de Sainval ernannt ginn.

Duerch den Drock vum amerikanesche Maart ass de Phenolpräis rapid gefall. Well d'Matière première an Europa deier war, konnt d'Stengeforter Wierk präislech mat der amerikanescher Produktioun net méi mathalen. D'Nieweprodukter vun der Produktioun ware vu mannerwäerteger Qualitéit a konnten am Géigesaz zu anere Phenolwierker och net verkaaft ginn. D'Wierk war an enger Kris. Et war ee sech bewosst, datt nëmmen eng Moderniséierung an eng Verbesserung vun der Qualitéit vun den eenzele Produiten d'Wierk rette kéint. Fir dësen Challenge unzehuelen ass d'Produktioun den 30. Juni 1949 agestallt ginn. Wärend der Produktiounszäit ass äerdeg gefuerscht ginn an d'Paien un d'Aarbechter si weiderbezuelt ginn.

Wéi am Joer 1950 d'Phenolpräisser sech erholl hunn, ass am September mat der Produktioun weidergefuer ginn. Fir ausbaufäeg ze sinn, sinn d'Produktiounsstroossen direkt ausgebaut ginn.

De 5. September 1950 ass op enger Verwaltungsrotssëtzung erauskomm, datt et finanziell net sou gutt ëm d'Wierk bestallt war wéi allgemeng ugeholl. D'Betribskapital louch bei 25 Milliounen a 50.000 Aktien zu 500 Frang. 49.307 Aktie waren am Besëtz vun der Cockerill. Et gouf awer en Immobiliekapital vun 125 Milliounen an eng Verscholdung géintiwwer der Cockerill vu 96 Millioune Frang.

D'Steierverwaltung vu Lëtzebuerg huet sou eng finanziell Ofhängegkeet vun der Cockerill ugeholl. Déi Verdächtegung huet déi Stengeforter Aktionäre méi wéi veronséchert. Well Aktioune vum Steieramt gefaart goufen, huet eng séier Ëmstrukturéierung vun de Finanzen zur Verschleierung vun där Situatioun misse gemaach ginn. D'Léisung war, datt Stengefort onbedéngt seng Eegestännegkeet huet missen zeréckkréien. De 5. Dezember 1950 ass dunn decidéiert ginn, d'Kapital ëm 50 Milliounen z'erhéije fir sou 100.000 nei Aktien à 500 Frang ze kréien, déi du vun der Cockerill opkaaft gi sinn. Sou ass d'Schold géintiwwer dëser Firma ëm 50 Millioune méi kleng ginn. Fir der 46-Millioune-Schold, déi nach Rescht war, lass ze ginn, ass e Prêt iwwer 50 Milliounen opgeholl ginn. De Bierg war d'Cockerill. No dëser klorer Manipulatioun war d'Fabrick erëm „scholdefräi“.

D'Verträg vum 31. Mäerz 1947 sinn annuléiert ginn, soudatt Stengefort erëm wirtschaftlech mä och finanziell onofhängeg war.

Den 21. Februar 1951 huet Stengefort der Cockerill de Verkafsmonopol vun alle cheemesche Produiten zougestanen. Cockerill krut 7,5 % vum Verkafspräis.

1951 war e gutt Joer. D'Präisser si stabil bliwwen an d'Qualitéit war sou gutt, datt déi Stengeforter Produiten international geschat an unerkannt waren.

D'Joer duerno stoung awer ënner engem schlechte Stär: d'Amerikaner haten d'Präisser fir d'Phenolsprodukter staark reduzéiert. Zu Stengefort sinn d'Präisser sou drastesch gefall, datt se wäit ënner de Produktiounskäschte louchen an d'Capacitéit huet drastesch missen erofgeschrauft ginn. Well de Verkaf op dës Manéier op kee Fall d'Produktiounskäschten decke konnt, war d'finanziell Lag extreem schlecht.

Och wann et 1953 besser ausgesinn huet, souz der Fabrick dat viregt Joer nach an de Schanken. Obwuel d'Verkafspräisser geklomme waren, mä ëmmer nach ze niddreg louche fir Profit ze maachen, ass een och dat Joer vun engem Verloscht ausgaangen. Aus deem Grond ass d'industriell Produktiounskapassitéit op 600 Tonne de Mount ëmgebaut ginn.

1954 konnten 2.000 Tonne méi wéi 1953 produzéiert ginn, mä d'Finanzlag war ëmmer nach negativ. Obwuel de Verloscht um Enn vum Joer ëm 1 Millioun reduzéiert konnt ginn, an d'Produktioun huet missen op 800-850 Tonne pro Mount eropgeschrauft ginn, war et néideg, e Kredit vun 1 Millioun opzehuelen. Dës Moossnamen hunn et erlaabt, de Produktiounspräis op 0,70 Frang de Kilogramm ze reduzéieren.

An der Verwaltungsrotssëtzung vum 23. November 1955 war bekannt ginn, datt d'Gesellschaft den 31. Dezember 1954 e Verloscht vu bal der Hallschent vum Gesellschaftskapital hat. Och 1955 war defizitär: de Verloscht war du méi grouss wéi d'Hallschent vum Geschäftskapital.

Et huet eppes misse geschéien, fir d'Fabrick ze retten. Et hätt missen eng obligatoresch aussergewéinlecher Generalversammlung aberuff gi fir eng Liquidatioun vun der Gesellschaft ze verhënneren. De President huet dofir proposéiert: D'Kapital huet vu 75 Millioune missen op 25 Millioune reduzéiert ginn. D'Zuel vun den Aktien ass vun 150.000 op 50.000 reduzéiert ginn. All Aktien am Wäert vu 500 Frang sinn op Aktien ouni bestëmmte Wäert ëmfunktionéiert ginn. D'Propos war, datt 3 al Aktië géint eng nei ëmgetosch géifen. No der Kapitalreduktioun gouf et eng nei Erhéijung op 100 Milliounen an eng Enveloppe mat 150.000 neien Aktien. Mat Wierkung op den 1. Januar 1956 sinn et dunn erëm 200.000 Aktie ginn.

Fir d'Scholde vu Stengefort an der Héicht vu 74.763.000 Frang géinteniwwer der Cockerill ze reduzéieren, krut dës Firma 149.526 nei Aktien. De President huet virgeschloe fir en neie Kredit vu weidere 50 Millioune opzehuelen. Och déi Kéier sollt d'Garantie vum Kredit vun der Cockerill iwwerholl ginn.

E grousse Problem waren d'Nieweprodukter vun der Produktioun. Besonnesch d'Glabersalz an och d'Natriumsulfat hunn iergendwéi misse stockéiert ginn, well dëse Produit trotz ufänglechen Hoffnungen net konnt verkaaft ginn. Et gouf e grousse Weier vun 1 Hektar ugeluecht an der Hoffnung datt een dësem schwiefelhaltege knaschtegte Waasser duerch d'Verdonsten an d'Kristallisatioun lass léif ginn. Mä wéi gemierkt gouf, datt et en Echec géif ginn, ass een op d'Iddi komm, en déift Lach an de Buedem ze gruewen, bis un de waasserduerchlässege Lëtzebuerger Sandsteen, fir d'Glabersalz dann dodra verschwannen ze doen. Den 2. Mee 1957 ass e Budget vu 5 Millioune fir dës Aktioun votéiert ginn.

Eng grouss Ëmweltkatastroph änneren

Direkt nom Start vun der Phenolsproduktioun ass dem deemolegen Habschter Fierschter, dem Pir Weyland, gemellt ginn, datt vu ville Leit doudeg Fësch an der Äisch entdeckt gi waren.

Donieft blouf den virdru beschriwwene Problem vum Glabersalz bestoen. Wärend een op d'Geneemegung gewaart huet, fir dës cheemesch bedenklech Substanz ënner dem Buedem verschwannen ze loossen, koum et zu der bis dato gréisster Ëmweltkatastroph zu Lëtzebuerg:
De 7. August 1957 um 12h30 ass den Damm vum Glabersalzweier op enger Längt vun 10 Meter gebrach an déi gëfteg Substanz ass op den Terrain vun der Fabrick gelaf an iwwer d'Zuchschinnen an d'Äisch gelaf. Et sinn 10.000 Kubikmeter ausgelaf. Obwuel nach e groussen Deel am futtisse Baseng zeréckbliwwen ass, ass déi ausgelafe Quantitéit duergaangen, fir op ville Kilometer sämtlech Planzen an Déieren an an ëm d'Äisch auszeläschen. Experten hunn als Ursaach gesinn, datt de Bau vum Damm net an der Rei gewiescht wier.

An engem ministerielle Beschloss ass d'Sociétéit vun den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ den 21. August 1957 opgefuerdert ginn, en neie Weier unzeleeën. Dëse sollt wéinst den neien Normen déi d'Regierung virgeschriwwen hat fir eng weider Katastroph vun där Zort ze verhënneren, ronn 6 Millioune Frang kaschten. Et war ee sech awer och bewosst, datt en neie Baseng déi ganz Problematik net géif léisen. Et ass un der Iddi vun engem déiwe Gruef, fir dës Substanz verschwannen ze loossen, festgehale ginn. Aus deem Grond hu sech d'Verantwortlech vu verschiddene Verwaltungen an d'Häre Würth a Logelin vun der Phenolsfabrick de 17. August 1957 mam Justizminister Bodson getraff. De Minister huet bekannt ginn, datt hien nëmmen dann dem Wonsch vun der Fabrick kéint nokommen, wann d'Entscheedung an der Unanimitéit geholl géif ginn.

Et ass festgehale ginn, datt déi cheemesch Fabrick an engem prekäre finanziellen Zoustand ass. Fir dem Natriumsulfat uerdnungsgemäss lasszeginn, missten héich finanziell Käschten akzeptéiert ginn. Et gouf notéiert, datt eng ëmweltgerecht Verwäertung duerchaus méiglech wier, awer vun der Fabrick net an d'A gefaasst kéint ginn, well d'Käschten dofir ze héich wieren. D'Responsabel vun der Fabrick hunn zouginn, datt, wa se net d'Erlabnes kriten, fir de gëftege Produit am Buedem verschwannen ze loossen, si sech gezwonge geséichen, d'Fabrick ganz zou ze maachen. Et huet sech awer och erausgestallt, datt kee vun deen Leit déi derbäi waren, d'Iddi vum Ofleede vum Glabersalz an de Sandstee gutt fonnt huet. Obwuel de Michel Lucius der Meenung war, datt een d'Grondwaasserschicht (mam Drénkwaasser) sou kéint duerchbueren, datt d'Drénkwaasser net verschmotzt géif, waren d'Responsabel vum Gesondheetsministère der Meenung, datt deen eenzege Wee, d'biocheemesch Opbereedung wier, fir dann d'Reschtwaasser an d'Äisch fléissen ze loossen. Dëst Waasser wier awer net ganz propper, mä et misst een dann eeben d'Zesummesetzung an d'Quantitéit kontrolléieren.

D'Resultat vun de Verhandlunge war, datt ee léiwer d'Verschmotzung an d'Stierwe vun enger Baach, wéi de Risiko vun der Verschmotzung vum Drénkwaasser a Kaf huele wollt.

Als Léisung gouf vun de Politiker imposéiert, datt zu Stengefort obligatoresch en zweete Baseng huet misse gebaut ginn an datt eng Kommissioun ënner der Presidence vum Direkter vum Staatslaboratoire mat Representante vu verschiddene Verwaltungen, wéi der Administration des travaux publics an der Santé Publique, an och vun Delegéierte vun den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“. Dës Kommissioun sollt studéieren, wéi ee mat minimalen Ëmweltschied dat cheemesch verschaffte Glabersalz an d'Äisch alafe loosse kéint.

Konsequenzen änneren

De 26. Oktober 1957 ass decidéiert ginn den neie Weier, dee vun der Regierung gefuerdert gi war, ze bauen. Aus wirtschaftleche Grënn huet de Bau net méi wéi 2,5 Millioune Frang kaschten däerfen. Well d'Fabrick jo hiert Glabersalz léiwer an de Buedem lafe loosse wollt, huet ee sech mam opgezwongene Bau Zäit gelooss. Spéitstens Ufank 1958 sollt d'Expertekommissioun dem Wierk eng Léisung fir de Glabersalzprobleem virleeën a sou wollt ee méiglechst d'Zäit bis dohin iwwerbrécken an der Hoffnung, datt dës Kommissioun eng méi präiswäert Léisung wéi de Bau vum Baseng proposéieren géif.

D'Erniichterung fir déi wéineg ëmweltintresséiert Fabrickbedreiwer koum den 9. Januar 1958. Fir d'Natriumsulfat ofzebauen, missten Ëmbauten am Wäert vun 18 Millioune Frang gemaach ginn. D'Bedreiwer hu weider Diskussioune gefuerdert an dunn zouginn, datt et sou grouss finanziell Problemer géife ginn, datt de Problem vum Glabersalz deem géintiwwer niewesächlech wier.

Den Ofschlossbericht vum 8. Mee 1958 huet gewisen, datt d'Joer 1957 mat 10.041 Tonnen deen héchste Produktiounssaz zanter der Fabricksgrënnung hat. D'Präisser ware stabil an déi ganz Produktioun konnt verkaaft ginn. Leider war trotzdeem e Verloscht vun 2.892.676 Frang do. Et ass gefaart ginn, datt trotz zefriddestellende Betribsresultater de Fabricksbetrib bis zum Enn vum Joer misst agestallt ginn.

D'Generalversammlung huet den 31. Mee 1958 der Opléisung vum Direktiounskommitee zougestëmmt. Den Här Wurth sollt dunn d'Regierung informéieren, datt de Verwaltungsrot de 25. Juli 1958 eestëmmeg decidéiert hat, d'cheemesch Produktioun op den 31. Dezember 1958 anzestellen.

Obwuel nach 2 Méint doriwwer verhandelt gouf, ass dës Decisioun den 2. Oktober 1958 bestätegt ginn. Den 31. Juli 1958 haten déi 120 Beschäftegt hir Kënnegung an der Boîte. Bis den 31. Januar 1959 ass hinnen d'Weiderbezuele vun der Pai garantéiert ginn.

Rettungsversich änneren

Vun der Decisioun, d'Fabrick definitiv zou ze maachen, war d'Stengeforter Gemeng déif betraff. Sonndes, den 3. August 1958 ass eng Drénglechkeetssëtzung vum Gemengerot aberuff ginn. D'Resultat war e Protestschreiwes un de Staatsminister Pierre Frieden. D'Gemeng huet ëm Hëllef gefrot an den 23. November 1958 war eng Protestversammlung vun de Fabricksaarbechter an de Stengeforter Awunner.

De Pierre Frieden huet d'Saach ganz seriö geholl an ugekënnegt, se dem Parlement virzestellen, wann d'Situatioun et néideg maache géif. D'Regierung huet alles probéiert, fir d'Cockerill ze motivéieren d'Fabrick net zou ze maachen, mä ouni Erfolleg. Zudeem huet se probéiert, eng aner Gesellschaft ze fannen déi bereet wier an d'Stengeforter Fabrick z'investéieren an d'Wierk z'iwwerhuelen. Et hätte seriéis Interessenten hiren Interêt gewisen, huet et geheescht.

D'Regierung huet der Cockerill dunn de Kaf vun hiren Aktien ugebuede fir Stengefort ze retten. D'Regierung wier bereet, se engersäits selwer ze kafen oder fir de Verkaf un eng Drëttpersoun ze suergen. D'Cockerill huet den 28. November 1958 proposéiert, seng 199.811,3 Aktien ze verkafen an dem Staat erlaabt, dës bis zum 1. Abrëll 1959 weider ze verkafen. De Pierre Frieden huet decidéiert, datt eng ëffentlech Debatt der Saach nëmme kéint schueden an de Stengeforter Buergermeeschter ugewisen, seng Interpellatioun bis zum Verhandlungsschluss zeréckzestellen.

Eng ganz wichteg Konferenz war den 28. Januar 1959. D'Regierungsmemberen hu mat der Cockerill iwwer de Stellewäert vum Wierk verhandelt. D'Cockerill huet d'Kapital vum 31. Dezember 1958 op 183.350.000 chiffréiert mat Scholden an der Héicht vun 107 Milliounen. No der Subtraktioun vun der Schold wieren nach 76 Millioune Rescht gewiescht. Dëst huet der Regierung als vill ze héich geschéngt a sou gouf no zéie Verhandlungen d'Cockerill no an huet de Wäert op 158 Millioune reduzéiert. Et sinn deemno 51 Milliounen iwwereg bliwwen, wéi d'Scholde bis ofgezu waren. Dëse Betrag ass an 200.000 Aktien duergestallt ginn déi op 255 Frang d'Stéck fixéiert gi sinn.

Dat sou festgeluecht Kapital vun 158 Milliounen huet sech follgendermoossen zesummegestallt:

  • Konzessioun vun de Minnen: 78 Milliounen
  • Haiser, Gebaier an hir Terrainen: 14 Milliounen
  • Maschinnen a Schaffgeschier: 17,5 Milliounen
  • Ersatzdeeler: 2 Milliounen
  • Réimaterial fir d'Phenolproduktioun: 9,25 Milliounen
  • Fäerdegprodukter (Phenol a Sulfiter): 17,25 Milliounen
  • Eisenäerz: 1,07 Milliounen
  • Wäertpabeieren: 200.000 Frang
  • Finanzbäiträg: 16,23 Milliounen
  • Krichsschied: 2,5 Milliounen

Nodeem d'Cockerill mam Aktiëverkaf d'accord war, huet de Wirtschaftsminister Paul Wilwertz der Gemeng Stengefort proposéiert, op hiert Virkafsrecht ze verzichten an der Gemeng de Kaf vun den Aktie proposéiert. D'Gemeng hat wéineg Zäit fir eng Decisioun ze huelen, well d'Frist den 1. Abrëll 1959 ofgelaf ass a sou d'Stengeforter bis zum 28. Abrëll 1959 um 10 Auer der Regierung hir Decisioun matdeelen hu missen.

De 27. Mäerz 1959 war um 8 Auer eng Drénglechkeetssëtzung vum Stengeforter Gemengerot. Well keng Decisioun fonnt konnt ginn, ass de Staatsminister ëm Hëllef gefrot ginn. De Finanzminister Pierre Werner huet den Distriktskommissär Würth, de „Commissaire au contrôle des banques“ René Franck an de Generalsekretär vum Wirtschaftsministère Schummer opgefuerdert, am Nomëtten an der Sëtzung vum Gemengerot ze sinn. Et gouf der Gemeng matgedeelt, datt et de Wonsch vum Staatsminister wier, datt sech d'Gemeng Stengefort méiglechst ouni finanziell Belaaschtung aus der Affär zéie géif. Wann d'Gemeng d'Aktie kafe géif, kéim si an de Besëtz vun allen Immobilien an de Staat géif sech ëm d'Paie vun den Aarbechter bis den 31. Mee 1959 këmmeren. Dat Geld, dat sech aus der Transaktioun ergi géif (24 Milliounen), géif vun der Spuerkeess verwalt ginn, a wier als Subventioun virgesi fir Industrien, déi sech méi spéit zu Stengefort nidderloosse géifen. Dem Gemengerot ass proposéiert ginn, den Handel unzeguelen. De Gemengerot huet de Projet ouni Géigestëmm votéiert.

De Pierre Werner huet dem Stengeforter Gemengerot de 6. Abrëll 1959 matgedeelt, datt hien d'Optioun, déi Cockerill dem Staat ginn hat, den 28. Mäerz opgehuewen hat an datt Stengefort elo den Haaptaktionär vun den „Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ wier.

Mä Cockerill hat Konditioune un den Aktiëverkaf gebonnen: Mat der Wiel vum neie Verwaltungsrot ass deen ale Verwaltungsrot voll z'entlaaschten. Zudeem muss d'Regierung déi 2 Prête vu 50 Millioune vun der Cockerill iwwerhuelen an drëttens muss d'Regierung der Cockerill d'Minnekonzessioune vun der fréierer aler Schmelz iwwerloossen an den Exportverbuet an d'Ausland ophiewen.

D'Stengeforter Gemeng war elo Besëtzer vu 58 Wunnhaiser mat 76 Wunnunitéiten an Industriegebaier mat Terrain, Bëscher a Land vun 63,1647 Hektar. D'Gemeng hat dann awer eng Schold vun 199.810,33 Aktien à 255 Frang, also 50.951.634 Frang.

Fir der Gemeng ze hëllefen, huet de Staat dunn d'Minnekonzessioune vun der Stengeforter Schmelz verkaaft. Den „Ingénieur-directeur du Service du travail des mines“ François Huberty sollt de Wäert vun de Minne schätzen. „Schlossbuch“, „Heintzenberg “a „Katzenberg “sinn op 4.300.000 Tonne geschat ginn. Cockerill hat akzeptéiert 5 Frang pro Tonn bezuelt, wat dunn 21,5 Milliounen abruecht huet. Den Exportverbuet gouf den 31. Mee 1960 opgehuewen.

De Verkaf vun de Konzessiounen „Eichels“, „Ferme Vesque“ an „Heedefeldchen “ass den 20. Mäerz 1959 mam Staatsminister Pierre Werner, dem Wirtschaftsminister Paul Elvinger a mat den Direktere vun der ARBED, Hadir an MMR am Staatsministère diskutéiert ginn. Et sinn 20.700.000 Tonnen Äerz do geschat ginn, zu engem Verkafspräis vun 103.300.000 Frang. De Verkaf vun de Minnen huet sou 124.800.000 Frang abruecht. Dës Zomm huet de Staat der Stengeforter Gemeng iwwerlooss. Géigeniwwer dem Minnewäert vun 78 Milliounen an der Geschäftsbilanz war dat e Gewënn vu 46.800.000 Frang. Nom Steiergesetz hätt de Staat e Recht op 40 % vum Gewënn gehat. Op Propositioun vum Pierre Werner huet de Staat allerdéngs dorop verzicht. Zudeem huet de Staat der Gemeng seng lescht 49 Aktie gratis iwwerlooss.

Duerch dës Hëllef vum Staat konnt d'Gemeng hir Scholde meeschter ginn.

E wichtege Moment war de 14. Abrëll 1959. D'Cockerill huet an engem Bréif matgedeelt, datt d'Membere vum Verwaltungsrot dee bis dohin a Funktioun war, opgefuerdert gi sinn, bis den 30. Abrëll 1959 ze kënnegen. Genee op dem Datum gouf den neie Verwaltungsrot bestëmmt. D'Membere waren:

  • de Stengeforter Buergermeeschter Dominique Steichen,
  • de Klengbettener Schäffen Edouard Wagner,
  • de Stater Affekot Emile Lemmer,
  • de Sous-Direkter vun der Spuerkeess Gustave Stoltz,
  • an de Stater Affekot Bernard Delvaux.

Den neie Verwaltungsrot huet den 8. Juni 1959 op enger aussergewéinlecher Generalversammlung decidéiert, fir d' „S.A. Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort“ definitiv opzeléisen. Déi ganz Prozedur huet méi laang gedauert an ass de 25. Juni 1962 an der Etüd vum Nottär Manternach op der Cap aktéiert ginn.

Domat ass d'Geschicht vun der eigentlecher Stengeforter Schmelz definitiv ad acta geluecht ginn.

D'Geschicht vun der Phenolsproduktioun um eigentleche Site war awer nach net fäerdeg, d'Sich vum Staat no enger neier Gesellschaft, déi d'Fabrick iwwerhuele sollt, hat Konsequenzen.

2. Versuch vun enger Phenolsfabrick änneren

Am Joer 1959 huet déi däitsch Gesellschaft „Chemisches Werk Lowi Waldkraiburg Oberbayern“ Informatiounen iwwer déi zou gemaachte Fabrick zu Stengefort gefrot. Dës Firma hat an der Fachzeitung „Chemical Age“ vun der Faillite gelies.
De Bréifkontakt war intensiv, „Lowi“ huet Interêt gewisen an de 5. Mee 1959 war souguer e Vertrieder zu Stengefort fir sech d'Fabrick mat eegenen An unzekucken.

De 27. Juni 1959 hat de Stengeforter Gemengerot eng Drénglechkeetssëtzung, wou d'Iwwergab vun de Stengeforter Anlagen un d'Lowi gestëmmt gouf.

Den 1. Juli 1959 ass d'Produktioun erëm ugelaf, wann och mat reduzéierte Kapassitéiten. De Problem vum Glabersalz sollt duerch e spezielle Procedé ëmweltschounend geléist ginn. Och déi 120.000 Tonnen, déi déi al Fabrick dem neie Bedreiwer verierft hat, sollte verschafft ginn. Leider huet d'Realitéit manner roseg ausgesinn.

Schonn no kuerzer Zäit huet een erkannt, datt déi ganz Versprieche just op Spekulatioune baséiert waren. Den 11. Juli 1959 war beim Nottär Manternach op der Kap e Kontrakt ënnerschriwwe ginn an deem Lowi fir 1.750.000 Frang d'Fabrick kafe sollt. 145.000 Metercarré Terrain ëm d'Fabrick sollte vun der Gemeng un d'Lowi verpacht ginn. D'Lowi war vun aller Verantwortung fir dat aalt Glabersalz fräigestallt.

Den neien Numm vun der Fabrick war „Chemische Werke Lowi GmbH - Phenolwerk Steinfort“ mat Sëtz zu Stengefort an engem Kapital vun 3 Milliounen déi a 600 Aktien zu 5.000 Frang opgedeelt waren. Dovun hat de Mathias Thoma der 300, a fir de Rescht hunn de Robert Muntefer an de Wilhelm Lafontaine vu Frankfurt um Main Hallef an Hallef gemaach.

De Geschäftskommitee ass dunn op 7 Persounen ausgebaut ginn, vun deenen och Lëtzebuerger Aktie kruten. D'G.m.b.H. ass dunn an eng AG ëmgewandelt ginn an d'Existenzdauer gouf op 30 Joer fixéiert.

De Robert Carmes war de President vum Verwaltungsrot an him zur Säit stoungen den Emile Frank an de Joseph Noblot. Den technesche Beroder war de Mathias Thoma wärend de J.P. Bouché zum Kommissär ernannt gouf.

Definitive Schluss vun der Phenolsindustrie zu Stengefort änneren

Schonn den 13. Juli 1961 ass dëse Verwaltungsrot erneiert ginn. Vizepresident gëtt den Alexander Albert vu Wiesbaden an den Dr. Arthur Greth gëtt zum Delegéierte vum Rot ernannt. De Genfer Joseph Noblot an de Wiesbadener August Wagner sinn och Membere vun dësem Gremium.

An engem Bréif un de Stengeforter Buergermeeschter vum 27. Mee 1964 gouf matgedeelt, datt sech d'Phenolproduktioun géif verschlechteren a si verlaangen, datt aner Investoren oder souguer d'Gemeng hinne finanziell misst entgéint kommen, well am anere Fall d'Fabrick sécher misst zougemaach ginn.

Den 30. Juni 1964 gouf d'Astellung vun der ganzer Produktioun zu Stengefort bekannt.

D'Gesellschaft ass definitiv den 23. Abrëll 1969 opgeléist ginn. De Robert Calmes sollt sech ëm d'Faillite këmmeren an den 23. Mäerz 1971 war déi ganz Liquidatioun ofgeschloss.

Leider louchen nom Enn vun der Produktioun nach ëmmer 120.000 Tonne Glabersalz zu Stengefort. D'Lowi hat déi Ressourcen ni ugepaakt.

Wärend der ganzer Zäit ware scho Verhandlunge mat enger grousser Pneue-Mark opgeholl ginn, déi zu Stengefort eng Fabrick um Areal Schwaarzenhaff sollt installéieren. Aus deem Grond huet de Staat der Gemeng intensiv nogeluecht, d'Industrie-Friche vun der aler Stengeforter Schmelz séier ewech ze huelen an de ganzen industrielle Site dem Buedem gläich ze maachen.

E wichtegen Datum war den 13. Mee 1965, wéi vum Gemengerot geneemegt gouf, datt déi franséisch Firma A. Cominassi dat ganzt Glabersalz sollt oftransportéieren. Dat ganzt Tëscheprodukt war an engem provisoresche Weier an enger Steekaul mam Numm „Ënner der Berk“ gelagert. De Staat huet déi 8 Millioune Frang, déi den Transport kascht huet, iwwerholl. D'Firma hat 18 Méint Zäit fir de ganze Weier ofzebauen an huet sech misse verflichten, d'Glabersalz ouni Tëschestatioun zu Lëtzebuerg direkt an d'Ausland ze féieren. Dobäi huet d'Gemeng eng Geneemegung vum Zilland gefrot fir sécher ze goen, datt se dee cheemesche Produit sécher aus dem Land kréichen. Trotz anere Wënsch war d'Tëschelager zu Sterpenich, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg.

Den 23. Februar 1966 hunn déi belsch Autoritéite vun der „Inspection d'hygiène du gouvernement pour la province de Luxembourg“ festgestallt, datt schonn deemools op deem Gebitt d'Grondwaasser verknascht wier. D'Oplag vun de Lëtzebuerger, datt dëse gëftege Produit, deen zu Lëtzebuerg produzéiert gi war, op kee Fall bannent de Grenze vum Land däerft tëschegelagert ginn, ass staark hannerfrot an diskutéiert ginn. De Lëtzebuerger Staatslaboratoire huet de belschen Autoritéiten dunn déi genee cheemesch Formel vum Produit matgedeelt, grad ewéi déi eenzel Schrëtt vun der Phenolsproduktioun an huet verséchert, datt Sterpenich keen Endlager wier, mä als Basis dénge géif, fir dëse Produit un industriell Betriber ze verkafen.

De Josy Barthel als „Commissaire à la protection des eaux“ huet de Stengeforter Schmelzsite den 9. November 1966 besicht a reportéiert, datt d'Ofrappaarbechten zouverlässeg duerchgefouert gi wieren an d'Firma sech un de Kontrakt gehalen hätt.

De 5. Dezember 1966 sinn déi nom Acompte vun 2 Milliounen iwwereg bliwwe 6 Milliounen un déi franséisch Firma iwwerwisse ginn. Kuerz duerno, den 9. Dezember 1966 koum en anert Schreiwes vum Josy Barthel, an deem hien d'Gemeng drop opmierksam gemaach huet, datt d'Aarbechte vun der franséischer Firma awer verschidde Feeler opzeweisen hätten: d'Sterpenicher Tëschelager wier vill ze no op der Lëtzebuerger Grenz, soudatt och Gefor fir dat Lëtzebuerger Drénkwaasser géif bestoen. Hien huet proposéiert, just 3 Milliounen z'iwwerweisen. Et kann een unhuelen, datt dës Warnung schonn ze spéit koum.

De Stengeforter Lokalhistoriker Albert Lambert huet ausgesot, datt hie sech erënnere kéint, datt nach laang duerno eng erschreckend Quantitéit Glabersalz zu Sterpenich louch.

D'Phenolwierk selwer ass fir d'Verschrottung fir 5 Milliounen de 14. November 1964 un déi Déifferdenger Firma „Konsortium Jean Think“ an déi franséisch Entreprise „E.I.P.T.“ vun Nivelange verkaaft ginn. Nach Joren duerno hu vill krank Beem an der ganzer Ëmgéigend un d'Ëmweltverknaschtung vum Phenolswierk erënnert.

Eréischt 1966 sinn déi al Schlakentippe vun der Schmelz ofgebaut ginn.

D'Skepsis iwwer d'Installatioun vun der neier industrieller Firma zu Stengefort war grouss, mä och nach haut steet dës Firma um Schwaarzenhaff a bitt do eng ganz Rei Aarbechtsplazen.

 
De Kulturzentrum Al Schmelz.

Ëmbau an e Centre Culturel änneren

Nodeem d'Terraine vun der fréierer Schmelz brooch louchen, gouf decidéiert, d'Haaptgebaier als Centre Culturel ëmzebauen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Schmelz.

Literatur änneren

  • Jacques Maas, Walther Rathenau et les hauts fourneaux de Steinfort (1911-1919); in: Hémecht, 43 (1991), Heft Nr. 2, Ss. 141-183 (ill.).
  • Steve Kayser, La société des "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort" (1910-1962) - Regards sur un demi-siècle d'une histoire mouvementée ; in: nos cahiers, 2003, Nr. 3/4, Ss. 47-73.
  • Nicole Neyens, Das Steinforter Phenolwerk und die Umweltprobleme an der Eisch ; in: nos cahiers, 2003, Nr. 3/4, Ss. 75-88.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 legilux.lu Grënnungsstatute vun den "Hauts Fourneaux et Aciéries de Steinfort"