Eurozon

Zon vun EU-Staaten, déi den Euro als Wärung agefouert hunn
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Eurozon (och alt Euroland oder Eurolänner genannt) ëmfaasst déi Memberstaate vun der Europäescher Unioun, déi den Euro (€) als Wärung agefouert hunn. D'Eurozon besteet aus 20 EU-Staaten a gëtt dowéinst och Euro-20 bezeechent. Dat sinn zur Zäit:

██ Déi 20 EU Memberstaate vun der Eurozon ██ Aner EU-Staaten, déi der Eurozon bäitriede mussen (6) ██ EU-Staat mat engem Opt-out der Eurozon musse bäizetrieden: Dänemark ██ Territoirë baussent der EU, déi en Accord hunn, fir den Euro ze benotzen ██ Territoirë baussent der EU, déi ouni en Accord vu sech aus den Euro benotzen

Zwéi Memberstaaten, Dänemark a Schweden hu bis op Weideres decidéiert, virleefeg der Eurozon net bäizetrieden. Och de fréieren EU-Member Groussbritannien war net an der Eurozon.

Déi 13 Memberstaaten, déi den 1. Mee 2004, respektiv den 1. Januar 2007 an den 1. Juli 2013 der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vireran ze refuséieren, den Euro anzeféieren. Si mussen allerdéngs déi néideg Konvergenzkrittären erfëllen, éier se dat kënne maachen. 8 dovun hunn dat bis ewell gepackt: Slowenien (2007), Malta an Zypern (2008), d'Slowakei (2009), Estland (2011), Lettland (2014), Litauen (2015) a Kroatien (2023).

Kuckt och

änneren
  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Um Spaweck

änneren
Commons: Eurozon – Biller, Videoen oder Audiodateien