Naturschutzgebitt Dreckswiss

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Dreckswiss ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Käerjeng a Suessem. Laanscht d'Collectrice du Sud tëscht der Biff an der Industriezon Haneboesch zu Nidderkuer läit e Fiichtgebitt, dat vun der Kuer duerchzu gëtt a wouvun 71,03 ha zanter dem 22. Mäerz 2002 ënner Naturschutz stinn.[1]

Naturschutzgebitt
Dreckswiss
Land Lëtzebuerg
Plaz Nidderkäerjeng
Fläch 71,03 ha
Nationalcode ZH 85
Koordinaten 49°33'11"N, 5°54'7"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 22. Mäerz 2002

Duerch déi staark Industrialiséierung am Gebitt, ass mat dem Drainéieren an Zoubaggere vun enger Partie wäertvolle Fiichtgebidder, déi intakt Landschaft zerstéiert ginn. Dësen enorme Verloscht ass schliisslech no laanger Zäit, den 22. Mäerz 2002 mat der Ausweisung vun der Dreckswiss zum Naturschutzgebitt kompenséiert ginn. Zéng Joer virdrun ass de Laf vun der Kuer op engem klenge wäertvollen Deelstéck vun 360 m renaturéiert ginn.

Referenzen änneren

  1. Règlement grand-ducal du 22 mars 2002 déclarant zone protégée la zone humide Dreckswis englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Bascharage et de Sanem. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.