Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bodensee ginn zwéi Séie genannt, duerch déi de Rhäin vun Osten no Weste leeft: Den Obersee (meeschtens einfach Bodensee genannt), an dee méi klengen Untersee, déi duerch e 4 km laange Laf vum Rhäin, Seerhein genannt, matenee verbonne sinn. De nordwestleche Wupp gëtt Überlinger See genannt. De Bodensee läit am Bodenseebaseng, deen Deel vum nërdlechen Alpenvorland ass.

Bodensee
Land Schwäiz,
Däitschland,
Éisträich
Verwaltungseenheet Vorarlberg
Länner um Uwänner Däitschland, Schwäiz, Éisträich
Fläch 536 km²
Héicht. i. M. 395,23 m
Baseng Rhäinbaseng
Zoufloss Rhäin, Schussen, Argen, Rotach, Lipbach
Mainau
Bodensee a Lindauinsel

De Bodensee läit op der Grenz vun dräi Staaten: Däitschland (mat de Bundeslänner Baden-Württemberg a Bayern), Éisträich (Bundesland Vorarlberg) an der Schwäiz (mat de Kantonen Thurgau, St. Gallen a Schaffhausen). Säin Uwänner huet eng Längt vun enger 273 km; dovun 173 an Däitschland, 72 an der Schwäiz an 28 an Éisträich.

Numm änneren

An der Réimerzäit gouf de Bodensee eng éischte Kéier vum Geograph Pomponius Mela am Joer als Lacus Venetus, respektiv Lacus Acronius (den Untersee) ernimmt. De Plinius den Eeleren huet en ëm 75 n. Chr. als Lacus Raetiae Brigantinus, no der Uertschaft Brigantium (Bregenz) genannt.

Den haitegen Numm "Bodensee" kënnt vum Uertschaftsnumm Bodman hier, op alhoudäitsch Bodamon, dat zu der Frankenzäit eng Kinnekspfalz a Sëtz vun engem Herzogtum war. A romanesche Sproochen, an och am Engleschen, gëtt en no der Stad Konstanz genannt (Lac de Constance, Lake Contance,...)

Inselen änneren

Am Bodensee leien 10 Inselen déi méi grouss wéi 2000 m² sinn. Déi dräi gréisst si Reichenau um Untersee (wou d'Klouschter Reichenau drop steet), Lindau ganz am Oste vum Obersee, a Mainau am Südoste vum Überlinger See.

Stied änneren

Kuckt och änneren


Nieweflëss vum Bodensee

Aach | Argen | Bregenzer Ache | Dornbirner Ache | Leiblach | Linzer Aach | Radolfzeller Aach | Rotach | Schussen | Steinach

Kuckt och: Bodensee | Rhäin | Flëss an Däitschland


Um Spaweck änneren

Commons: Bodensee – Biller, Videoen oder Audiodateien