Als Affär Dreyfus gouf de Fall vum jiddeschen Artilleriescapitaine aus dem Elsass Alfred Dreyfus bekannt, deen an der Troisième République Enn des 19. Joerhonnerts wéinst angeblecher Spionage zu Verbannung an Haft verurteelt gi war.

Geschichtlechen Hannergrond

änneren
 
Degradéierung vum Dreyfus

Déi éischt Affär Dreyfus ass dem Clemenceau no eng Spionage-Affär a "militäresch Ongerechtegkeet". Mir sinn am Kader vun der Modernisatioun vun de Waffen tëscht Frankräich an Däitschland. An dësem Kontext komme franséisch Geheimagenten am September 1894 u militäresch Informatiounen, déi vun engem franséischen Offizéier un déi Däitsch geschéckt gi waren. Direkt gëtt de Kapitän Alfred Dreyfus, 35 Joer al, verdächtegt, e Judd an Éischten Offizéier vum État major dee fir de Büro vun der Géigespionage schafft. D'Enquête geet séier iwwer d'Bün, an den Dreyfus, op deen Drock ausgeüübt gëtt, gëtt de 15. Oktober festgeholl. Just éier hie virum Militärgeriicht erschénge soll, erhalen d'Riichter e mysteriéise geheimen Dossier mat engem Billjee wou "cette canaille de D..." dropsteet. Nach éier sech d'Riichter beroden, fänkt d'antisemittesch Press ënner dem Édouard Drumont eng Hetzcampagne géint d'Judden an der Arméi un. An engem Interview am Figaro vum 28. November erkläert de Krichsminister Auguste Mercier datt d'Beweislag géint den Dreyfus erdréckend ass. D'Resultat vun dësem Drock op alle Plazen ass d'Verurteelung vum jiddesche Kapitän zur militärescher Degradatioun an der Deportatioun vum Paräisser Conseil de guerre den 22. Dezember. No der publiker Degradatioun am Haff vun den Invalides de 5. Januar 1895 gëtt den Dreyfus op d'Däiwelsinsel (Franséisch-Guyane) bruecht, wou hien de 14. Abrëll ukënnt.

Zu dëser Zäit ass d'Quasi-Totalitéit vun der Press an der ëffentlecher Meenung vun der Schold vum Dreyfus iwwerzeegt. De Kampf fir d'Wourecht opzedecken, dee vum Mathieu Dreyfus, Brudder vum Kapitän, a vum Schrëftsteller Bernard Lazare gefouert gëtt, stéisst sech un der Arméi an den ëffentlechen Ämter. Si kënnen awer d'Vertraue vum Lieutenant-Colonel Georges Picquart gewannen, deen de Büro vum Géigespionage iwwerholl huet. Dëse fënnt am Mäerz 1896 eraus, datt de wierkleche Schëllege wuel de Kommandant Esterhazy ass. De Bernard Lazare léisst d'Bomm platzen, andeems hien zu Bréissel eng Broschür mam Titel Une erreur judiciaire. La vérité sur l'affaire Dreyfus erausbréngt (November 1896). Mä de Picquart, dee seng Virgesetzte vun der Schold vum Esterhazy informéiert huet, gouf kuerzerhand an Tunesie versat (Oktober 1896). Säin Nofollger, de Colonel Henry léisst e falscht Dokument hierstellen, wat dem Dreyfus seng Schold op en Neits beweise soll. De President vum Conseil Jules Méline deklaréiert an der Chamber: "Il n'y a pas d'affaire Dreyfus." (4. Dezember 1897) Schlussendlech gëtt den Esterhazy dann awer viru Geriicht bruecht, mä gëtt den 11. Januar 1898 fräigeschwat. Heimat geet d'Affär Dreyfus eréischt richteg lass.

Frankräich an zwee gedeelt

änneren
 
J'accuse...! vum Zola

Nom Fräisproch vum Esterhazy publizéiert de Schrëftsteller Émile Zola e Manifest mam Titel J'accuse an der Zeitung L'Aurore vum Clemenceau. An dësem oppene Bréif un de Staatspresident Félix Faure denoncéiert hien d'Arméi, d'Justiz an de politesche Pouvoir. Hie gëtt wéinst Diffamatioun vum Krichsministerium ugeklot (23. Februar) mä säin Engagement war de Katalysator fir datt d'Affär Dreyfus politesch Formen ugeholl huet. Et ass d'Entrée vun den Intellektuellen op der politescher Bün, wéi de Clemenceau se an engem Editorial vum L'Aurore nennt. D'Press spillt hir ganz Muecht an dësem Kampf ëm d'ëffentlech Meenung aus. De L'Aurore multiplizéiert d'Artikelen, déi fir eng Revisioun vum Prozess sinn. Änleches fënnt een och am La Petite République vum Jean Jaurès, am La Fronde vun der Feministin Marguerite Durand oder am Le Figaro, déi eenzeg konservativ Zeitung déi sech op d'Säit vum Dreyfus gestallt huet.

Hir Géigner fanne sech an der antisemittescher (La Libre Parole), an der nationalistescher (L'Intransigeant), an der geeschtlecher (La Croix) an an der grousser populärer Press (Le Petit Journal). Mä d'Journaliste sinn net déi eenzeg an dësem Kampf ëm d'Iddien. Perséinlechkeete wéi Anatole France, Charles Péguy, Marcel Proust an André Gide ënnerschreiwen e Manifest zur Ënnerstëtzung am L'Aurore. Op der Säit vum Dreyfus stinn och Studente vun der École normale supérieure ënner dem Lucien Herr, Professere vun der Sorbonne, der École des Chartes oder vum Collège de France. Am September 1898 grënnen d'Anti-Dreyfusarden d'Ligue de la Patrie française mat iwwer 150.000 Memberen, dorënner Maurice Barrès, François Coppé, Jules Verne, Frédéric Mistral. Vill Artiste waren och géint den Dreyfus (Cézanne, Degas, Rodin, Renoir oder Toulouse-Lautrec).

D'legislativ Wale vum Mee 1898 sinn net vun der Affär beaflosst, well d'Majoritéit nach ëmmer vun der Schold vum Dreyfus iwwerzeegt ass. Bis am Juni 1899 bleiwen d'moderéiert Gouvernementer vum Méline, Brisson an Dupuy géint den Dreyfus. Ob Republikaner oder Monarchisten, d'Fransouse wëllen d'Éier vun der Arméi oprecht erhalen a sinn dacks antisemittesch agestallt. D'Souskriptioun vum La Libre Parole fir d'Famill vum Kommandant Henry dee sech am Prisong ëmbruecht hat, nodeem seng Fälschung bekannt war, huet e grousse Succès. Bei de Versementer fënnt een dacks antisemittesch Kommentaren. En neie Mouvement, d'Action française, gëtt am Abrëll 1898 vum Henri Vaugeois a Maurice Pujo gegrënnt. Dëse Mouvement vertrëtt d'Thes vun engem "integralen Nationalismus" (Charles Maurras), engem Nationalismus dee monarchistesch, kleresch an antiparlementaristesch ass. Dës nationalistesch Riets mécht virun allem duerch Gewalt op sech opmierksam. Vu Januar 1898 un heefe sech d'Manifestatiounen an d'Onrouen zu Nanzeg, Rennes an Alger.

Am Juni 1898 grënnen d'Partisane vum Dreyfus d'Ligue française de défense des droits de l'homme et du citoyen. Eng Partie Sozialisten, wéi zum Beispill d'Partisane vum Jules Guesde, sinn awer net der Meenung datt een den Dreyfus verdeedege misst, ëmmerhi kënnt hien aus enger räicher guttbiergerlecher Famill. D'Republikaner loosse sech awer schlussendlech all mobiliséieren, well d'Géigner vum Dreyfus ufänken, eng Gefor fir d'Republik duerzestellen.

Si vereenege sech ënner dem René Waldeck-Rousseau, President vum Conseil den 22. Juni 1899. D'Cheffe vun den Anti-Dreyfus-Lige gi festgeholl. Dem Dreyfus seng Verurteelung gëtt 1899 fir net valabel erkläert, an de Prozess gëtt nei opgerullt. Hie gëtt eng zweet Kéier schëlleg gesprach mä vum President Loubet begnodegt. Den 12. Juli 1906 gëtt hie rehabilitéiert. 1908 gouf hie bei engem Attentat blesséiert, wéi dem Zola seng Äschen an de Panthéon bruecht goufen. Nom Éischte Weltkrich ass de Lieutenant-Colonel Dreyfus 1935 gestuerwen ouni jeemools e Wuert géint d'franséisch Justiz gesot ze hunn.

Literatur zum Theema

änneren
  • Marcel Thomas, L'Affaire sans Dreyfus. Fayard, Paräis, 1961
  • Mathieu Dreyfus, "Dreyfusards !": souvenirs de Mathieu Dreyfus et autres inédits, Gallimard et Julliard, Kollektioun « Archives » n° 16, Paräis, 1978
  • Mathieu Dreyfus, L'Affaire telle que je l'ai vécue. Bernard Grasset, Paräis, 1978.
  • Jean-Denis Bredin, L'Affaire. Fayard, Paräis, 1983.
  • Monique Delcroix, Dreyfus-Esterhazy: réfutation de la vulgate. Éditions de L'Æncre, Paräis, 2000
  • Vincent Duclert, Die Dreyfusaffäre, Militärwahn, Republikfeindschaft, Judenhaß, Berlin 1994
  • Serge Ivan Villard, L'Affaire Dreyfus Éditions Walter Beckers, Kalmthout-Anvers 1970

Um Spaweck

änneren
Commons: Alfred Dreyfus – Biller, Videoen oder Audiodateien