Victor Hugo
De Victor Marie Hugo, gebuer de 26. Februar 1802 zu Besançon, a gestuerwen den 22. Mee 1885 zu Paräis, war e franséischen Auteur, dee sech säi ganzt Liewe laang fir e friddlecht a vereenegt Europa, géint d'Sklaverei a fir d'Mënscherechter engagéiert huet.
Victor Hugo | |
---|---|
Gebuertsnumm | Victor-Marie Hugo |
Gebuer |
26. Februar 1802 Besançon |
Gestuerwen |
22. Mee 1885 Paräis |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Universitéit vu Paräis, Lycée Louis-le-Grand |
Aktivitéit | Politiker, Dramatiker, Romancier, Zeechner, Librettist, Essayist, Schrëftsteller, Illustrateur, Reesschrëftsteller, Dichter, Konschthistoriker, Publizist, Graphiker |
Member vun | Académie française, Société des gens de lettres |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Juliette Drouet |
E war doriwwer eraus staark un der Konscht intresséiert, virun allem un der Molerei an un der Fotografie, déi wichteg Niewebeschäftegunge fir hie waren.
Säi Liewen
ännerenScho mat 17 Joer huet en 1818 eng literaresch Zäitschrëft gegrënnt, de Conservateur littéraire, vun där 30 Nummere bis 1821 erauskoumen. Säin éischte Roman, Bug Jargal, koum am Joer 1820 eraus.
1841 gouf hien an d'Académie française gewielt. Nom Coup d'État vum Louis-Napoléon Bonaparte den 2. Dezember 1851 goung de Victor Hugo an den Exil, eréischt 19 Joer méi spéit koum hien 1870 op Paräis zeréck.
Am Exil huet hie virun allem op Jersey an op Guernsey gewunnt, zu Bréissel publizéiert a war stänneg queesch duerch Europa ënnerwee. Dobäi huet hie fënnefmol Lëtzebuerg besicht.
Wichtegst Etappen zu Lëtzebuerg
änneren- 1862 huet de Victor Hugo Lëtzebuerg fir d'éischt Kéier, Klierf, Veianen, Iechternach, d'Fiels an d'Stad Lëtzebuerg besicht.
- 1863 war en zu Miersch, an der Fiels, der Stad Lëtzebuerg, zu Iechternach, Veianen, Falkesteen, Klierf.
- 1864 koum en nach emol an d'Fiels an an d'Stad Lëtzebuerg.
- 1865 huet hien Iechternach, Veianen, Buerschent a Klierf besicht.
- Am Summer 1871 huet de Victor Hugo sech fir 2,5 Méint zu Veianen etabléiert (8. Juni - 22. August), an deem Haus wou haut de Victor-Hugo-Literaturmusée ka besicht ginn. No engem kuerzen Openthalt zu Dikrech (22. - 26. August) ass de Victor Hugo dunn op Munneref op Kuer gaangen an huet vum 26. August bis den 23. September am loutrengeschen Deel vun Altwis am Hôtel de Paris gewunnt.
Wärend senge Reesen duerch Lëtzebuerg huet de Victor Hugo am Ganzen eng 50 Gedichter geschriwwen an eng 60 Zeechnungen an Aquarelle gemoolt.
1935 gouf de 50. Anniversaire vum Hugo sengem Doud gefeiert. Zu Veianen gouf e Musée an eng Buste, (Copie vum Auguste Rodin sengem Wierk) ageweit.[2],[3]
Am Stater Park steet eng Buste vum Hugo. Et ass eng Copie vum David d'Angers sengem Wierk.
2002, fir den 200. Gebuertsdag vum Victor Hugo, gouf zu Veianen no 3 Joer Ëmbauaarbechten de renovéierte Musée littéraire Victor-Hugo nees fir de Public opgemaach. De lëtzebuergeschen Auteur a Literaturprofesser a Victor-Hugo-Spezialist Frank Wilhelm huet d'Muséographie vum renovéierte Musée opgestallt.
Wichtegst Wierker
änneren- Han d'Islande (1823),
- Hernani (1830),
- Les Misérables (1862),
- Notre-Dame de Paris (1831),
- Les Contemplations (1856),
- La Légende des Siècles (1856-1883),
- Les Travailleurs de la mer (1866),
- L'homme qui rit (1869),
- Quatrevingt-treize (1874),
- L'Art d'être grand-père (1877).
Zu Lëtzebuerg nom Victor Hugo genannt
änneren- E Musée, de Victor-Hugo-Literaturmusée;
- Zwee Veräiner:
- Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a.s.b.l.
- Association Victor-Hugo pour le développement des échanges culturels a.s.b.l.
- 12 Betriber wéi Hoteler, Metzlereien, Butteker asw.[4];
- de "Point de vue Victor-Hugo" laanscht dem Läichewee vu Biwels op den Niklosbierg op där Plaz, vu wou aus de Victor Hugo d'Méander vun der Our tëscht Veianen a Stolzebuerg gemoolt huet;
- en nationale Wanderwee, de Victor-Hugo-Pad;
- Stroossen ënner dem Numm "rue Victor-Hugo" a follgenden Uertschaften: Altwis, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Veianen;
- eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg: avenue Victor-Hugo;
- eng Plaz zu Esch-Uelzecht: place Victor-Hugo;
- e Gebai um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg: hall Victor-Hugo.
Literatur
änneren- Blasen, Léon, 1985. Die Victor-Hugo-Büste im Stadtpark. Der Batty-Weber-Gedenkstein. Serie "Die Denkmäler der Stadt Luxemburg". Télécran Jg. 7, Nr. 6: 32-33, Luxembourg.
- Bourg, Tony & Wilhelm, Frank, 1985. Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Carnets de Victor Hugo. RTL Edition, Luxembourg.
- Feller, Martin, 1988. Der Dichter in der Politik. Victor Hugo und der deutsch-französische Krieg von 1870/71. Untersuchungen zum französischen Deutschlandbild und zu Hugos Rezeption in Deutschland. Thèse, Marburg.
- Wilhelm, Frank, 2000. Victor Hugo et l'Idée des États-Unis d'Europe. Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. 98p.
- De Smet, Yves, xxxx. Victor Hugo à Vianden ou l'impossible manuscrit. Éditions Phi, Esch-sur-Alzette. 377 pp. ISBN 978-99959-37-66-9 [Ouni Publikatiounsjoer am Buch].
Um Spaweck
ännerenCommons: Victor Hugo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Eng zweet Victor-Hugo-Buste steet am Stadpark. Cf. Blasen 1985 an der Literatur.
- ↑ Den Auguste Rodin huet dat originaalt Wierk am Joer 1902 zum 100. Gebuertsdag vum Victor Hugo realiséiert. Déi franséisch Regierung huet spéiderhin Moulage vum Original duerféieren an eng Serie Kopie géisse gelooss. Quell: schrëftlech Matdeelung vum Frank Wilhelm den 28. Mäerz 2012.
- ↑ "Au nom de mon Pays, j'accepte la belle réplique du buste dû au génie de Rodin, qui nous a été généreusement offerte par le gouvernement de la République." (Aus de Ried vum J. Bech, Luxemburger Wort vum 2. Juli 1935)
- ↑ Cf dës Recherche am Legilux.