Franséisch

romanesch Sprooch
Franséisch
Français
Gëtt geschwat an: Frankräich, Kanada, Belsch, Schwäiz, Monaco a 50 anere Länner
Regioun:
Gëtt geschwat vun: 115-300 Milliounen
Klassement: 11
Klassifikatioun no Famill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Frankräich, Kanada, Belsch, Schwäiz, Lëtzebuerg a 24 anere Länner
Reglementéiert vun: -
Sproochcoden
ISO 639-1 fr
ISO 639-2 fre (B) / fra (T)
ISO 639-3 fra

Franséisch, oder d'franséisch Sprooch gehéiert zu der romanescher Grupp vun den indogermanesche Sproochen. Si gëtt an 52 Länner vun zirka 300 Millioune Mënsche (115 Milliounen als Mammesprooch a ronn 185 Milliounen als Zweetsprooch) geschwat (Stand: 2016).

D'Entwécklung vun der franséischer Sprooch huet déi Eegenaart, datt si vun intellektuelle Gruppen oder vun Institutiounen (wéi d'Académie française) optiméiert gouf. Als Héichsprooch ass et deemno eng akadeemesch Sprooch. Dat verhënnert awer net, datt et am Alldag eng extreem lieweg a phantasiräich Sprooch ass a bleift. Net zu Onrecht gëtt d'Franséisch och "Sprooch vum Molière" (oder vum Voltaire) genannt.

Geschicht änneren

Originnen änneren

Et gëtt allgemeng ugeholl, datt de romanesche "Volet" vun de Serments de Strasbourg (842) den éischten, op Romanesch geschriwwenen Text ass. D'Existenz vun enger romanescher Sprooch gouf fir d'éischt 813 bei Geleeënheet vun der Synod vun Tours ernimmt. Et dauert bis 880-881 bis den éischte literareschen Text, Séquence de sainte Eulalie opdaucht. 1539 gëtt Franséisch mat der 'Ordonnance de Villers-Cotterêts vum Kinnek François I. als Rechts- a Verwaltungssprooch agefouert.

D'Entwécklung vun der Sprooch huet sech a 5 Phasen, déi allerdéngs lues a lues anenaner iwwergaange sinn, ofgespillt. Bei de Beispiller am Ofschnëtt Chronologie ass d'Orthographie déi vun de respektiven Éditeuren an net déi vun den Auteuren. Et däerf een net vergiessen, datt d'Orthographie virum 19. Joerhonnert staark variéiert huet.

Chronologie änneren

  • Romanesch
    • 9. Joerhonnert; Serments de Strasbourg (843)
      • Pro deo amur et pro christian poblo et nostro commun salvament, d'ist di in avant, in quant deus savir et podir me dunat, si salvarai eo cist meon fradre Karlo et in aiudha et in cadhuna cosa....
  • Aalt Franséisch
    • 10. Joerhonnert; Vie de Saint Léger (ëm 980)
      • Domine Deu devemps lauder / Et a sos sancz honor porter./ In su'amor cantomps dels sanz / Quœ por lui augrent granz aanz....
    • 12. Joerhonnert; Chanson de Roland (ëm 1170)
      • Seignurs baruns, a Carlemagnes irez; / Il est al siege a Cordres la citet. / Branches d'olives en voz mains porterez, / Ço senefiet pais e humilitet....
    • 12. - 13. Joerhonnert; Jehan Bodel: Brunain la vache au prester
      • Nus hom mouteploier ne puet / Sanz grant eür, c'est or del mains. / Par grant eür ot li vilains / deus vaches, et li prestres nule. / Tels cuide avancier qui recule....
  • Mëttel Franséisch
    • 14. Joerhonnert; Les Enseignemenz (Kachbuch, vun 1304 - 1314)
      • Por blanc mengier - Se vos volez fere blanc mengier, prenez les eles e les piez de gelines e metez cuire en eve, e prenez un poi de ris e le destrempez de cele eve, puis le fetes cuire a petit feu....
    • 15. Joerhonnert; François Villon, le Lais ou le Petit Testament (ëm 1456)
      • Le regart de celle m'a prins / Qui m'a esté felonne et dure; / Sans ce qu'en riens j'aye mesprins, / Veult et ordonne que j'endure / La mort, et que plus je ne dure....
  • Klassescht Franséisch
    • 16. Joerhonnert; Louise Labé, Sonnets (vun 1545 - 1555)
      • Je vis, je meurs: je me brule et je me noye. / J'ay chaut estreme en endurant froidure: / La vie m'est et trop molle et trop dure. / J'ay grans ennuis entremeslez de joie....
    • 17. Joerhonnert; Charles Perrault, Peau d'Âne (1694)
      • Il était une fois un roi, / Le plus grand qui fût sur la Terre, / Aimable en Paix, terrible en Guerre, / Seul enfin comparable à Soi: / Ses voisins le craignaient, ses États étaient calmes.
  • Modernt Franséisch (vum 18. Joerhonnert un)

Verbreedung vum Franséischen am 18. Joerhonnert änneren

Et gëtt geschat datt um Virowend vun der franséischer Revolutioun nëmmen e Véirel vun der franséischer Populatioun Franséisch geschwat huet. Deem géintiwwer ass d'Franséisch op allen europäeschen Häff geleefeg gebraucht ginn. Franséisch war awer net nëmmen d'Sprooch vum Adel a vun der Diplomatie, mä war och an de Beräicher vun der Konscht, vun der Wëssenschaft a vun der Technik net ewechzedenken.

Den engleschen Haff huet laang Zäit Franséisch geschwat. Den honnertjärege Krich huet 1362 dëse Brauch ofgeschaaft, mä haut nach bestinn déi kinneklech englesch Devisen op Franséisch: honni soit qui mal y pense an Dieu et mon droit.

Franséisch ass ëmmer nëmme mam laténgeschen Alphabet geschriwwe ginn.

Haut änneren

D'Franséisch Sprooch gëtt haut vu follgenden Institutiounen iwwerwaacht: Académie française, Délégation générale à la langue française et aux langues de France, Service de la langue française (Belsch), Office québécois de la langue française, les Conseils supérieurs de la langue française de France, de Belgique et du Québec.

Offiziell Sprooch änneren

 

Franséisch ass, eleng oder zesumme mat anere Sproochen, d'offiziell Sprooch (Amtssprooch) a follgende Länner (a Klameren d'Zuel vun de Mënschen déi Franséisch als Mammesprooch schwätzen):

Ausserdeem ass Franséisch eng vun den offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun.

 

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Wikipedia op Franséisch
Commons: Franséisch Sprooch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Franséisch Aussprooch – Biller, Videoen oder Audiodateien