D'Afeselfië sinn eng Serie vu fotografesche Selbstportraiten (Selfie) déi 2011 vun engem weibleche Schwaarze Makak gemaach goufen, deen dem Déierefotograf David Slater säi Fotosapparat stibitzt hat.

Ee vun den Afen-Selfië vun engem Schwaarze Makak opgeholl.

Wéi dës Biller op Wikimedia Commons, der Online-Mediathéik vun der Wikimedia Foundation ënner fräier Lizenz publizéiert goufen, huet dat eng Poleemik provozéiert, bei där et drëm goung, ob op deene Biller Auteursrechter wieren, a wa jo, wien déi hätt. De Fotograf David Slater huet d'Auteursrechter fir sech reklaméiert, well et säi Fotosapparat war, mat deem den Af sech geknipst hat. Hien huet uginn, datt him duerch déi Verëffentlechung en Akommesausfall op de Biller entstane wier.[1] Dëst gouf awer vu verschiddenen Organisatiounen a Spezialiste vum Auteursrecht a Fro gestallt, mam Argument, datt d'Auteursrecht deem zoustéing, deen d'Bild gemaach hätt, an et sech an deem heite Fall ëm en Déier handele géif, dat keng juristesch Persoun ass, an deemno och keng Rechter drop kéint hunn. D'Bild wier deemno am Domaine public.[2],[3]

Am Dezember 2014 huet de United States Copyright Office festgehalen, datt Wierker, déi net vu Mënsche geschaf sinn, net dem Auteursrecht ënnerleie géifen.[4] Den 22. September 2015 huet d'Déiereschutzorganisatioun PETA eng Plainte an den USA viru Geriicht gemaach, fir datt den Af sollt d'Copyright kréien.[5] Dës gouf awer de 6. Januar 2016 an éischter Instanz ofgewisen.[6] An zweeter Instanz sinn am September 2017 PETA an de Slater sech eens ginn, datt de Slater ee Véierels vu Revenu, déi hien um Bild kréich, enger Déiereschutzorganisatioun zoukomme loosse géif, déi sech ëm déi Afen an Indonesie këmmert.[7]

Referenzen änneren

  1. "Photographer 'lost £10,000' in Wikipedia monkey 'selfie' row. op BBC News, bbc.co.uk, August 7, 2013
  2. Mike Masnick: "Can We Subpoena The Monkey? Why The Monkey Self-Portraits Are Likely In The Public Domain." Techdirt.comgekuckt 24. Juni 2014.
  3. "Wikipedia refuses to delete photo as 'monkey owns it'." The Daily Telegraph, 2014-08-06
  4. United States Copyright Office: "Compendium of U.S. Copyright Office Practices, § 313.2", S.22: "To qualify as a work of 'authorship' a work must be created by a human being.... Works that do not satisfy this requirement are not copyrightable. The Office will not register works produced by nature, animals, or plants.... The Compendium lists several examples of such ineligible works, including "a photograph taken by a monkey" and "a mural painted by an elephant".
  5. "PETA files suit on behalf of grinning 'selfie monkey'." dw.com, 22. September 2015.
  6. "US-Gericht: Dieser Affe hat kein Urheberrecht an seinem Selfie." spiegel.de, 07.01.2016 – 15:25.
  7. "Streit um Affen-Selfie beigelegt." spiegel.de, 12.09.2017 10:00.