Kaiser Karls Bettstatt ass eng Plaz um Flouer vun der Uertschaft Mützenich an der Gemeng Monschau.

Riets de Fiels op deem de Keeser soll geschlof hunn

Der So no soll de Keeser Karel de Groussen do eng Kéier geschlof hunn, wéi hien a säi Juegdtrapp sech op enger Räichsjuegd um Venn verrannt haten, a se de Wee op d'Schlass vu Konzen net méi virun der Nuecht gepackt hätten.

Geschichtlech ass gewosst datt déi zwéi granitte Fielsbléck Grenzmaarke vum Premonstratenserklouschter vu Reichenstein waren.