En Zwak, dacks gëtt dat däitscht Wuert Zwerg gebraucht, ass an der Mythologie e Wiesen, dat meeschtens ënner dem Buedem lieft. Dacks gëtt sou Wiesen eng iwwermënschlech Kraaft a Muecht nogesot. Der Seeche no, gëlle se als raffinéiert a kënne souguer Zauberkräft hunn. Hiren Urspronk hu se an der nordescher Mythologie.

E weiblechen Zwak an enger mëttelalterlecher Duerstellung (1474)

Ernimmt gi se virun allem an der Edda, donieft awer och an anere Seeërcher. D'Zwake spillen awer och a ville Märercher aus dem 14. a 15. Joerhonnert eng grouss Roll. Haut begéint ee se heefeg an der moderner Fantasy-Literatur, sou zum Beispill am J. R. R. Tolkien sengem Buch De klengen Hobbit oder dem Lord of the Rings-Eepos.

D'Etymologie vum Wuert Zwak oder Zwerg ass ongewëss. Ugeholl gëtt, datt et en Zesummenhang mam alhéichdäitsche Wuert gidrog (Geescht, Gespenst) resp. mam alindeschen dhvaras (dämonescht Wiesen). Grad dat lescht Beispill ass Famill mam engleschen Dwarf. Munnech Zwaken hunn Nimm, déi drop hiweisen, datt se ursprénglech Doudesdämone waren, zum Beispill Nár (Läich), Bláinn (Blo, dës Faarf symboliséiert den Doud) oder Dáinn (Doud). Dat lëtzebuergescht Wuert Zwak, u sech schonn en aalt Wuert, fënnt zanter kuerzem nees eng gréisser Verbreedung duerch d'Iwwersetzung vum Klengen Hobbit.

Hannergrond vum Zwakemythos änneren

Et gëtt verschidden Hypotheesen iwwer den Urspronk vum Zwakemythos. Eng geet dovun aus, datt de geschichtlechen Hannergrond an der Bronzzäit ze siche wier: wärend där Epoch si vill Mënschen aus dem Mëttelmierraum an de Norde vun Europa ausgewandert, fir do Zënn ofzebauen, dee fir d'Fabrikatioun vu Bronz gebraucht gouf. Déi Biergleit ware vun der Kierpergréisst hier méi kleng wéi d'Nordeuropäer. Doduerch loosse sech zwou Tatsaachen erklären: Fir d'éischt déi, datt d'Zwaken zu de wéinege Figuren an der Mythologie gehéieren, déi enger kierperlecher Aarbecht noginn an dann d'Tatsaach, datt ee meeschtens vu männlechen Zwake schwätzt, well weiblech Biergleit och zu där Zäit relativ rar waren. Dobäi kënnt nach, datt fréier dacks Kanner fir sou Aarbechten agesat gi sinn, sou wéi dat haut och nach a verschiddenen Entwécklungslänner de Fall ass. Déi haart Aarbecht am Kanneralter hat net rar als Folleg, datt de Wuesstem staark gehënnert gouf. Verkrëppelungen an e Bockel waren och net rar, dat beleeën och Schanken déi aus där Zäit fonnt goufen.

Weider charakteristesch Opfällegkeeten, wéi een se vun engem Zwak aus de Bridder Grimm Märercher kennt, ass d'Zipfelmutz. Dat huet e geschichtlechen Hannergrond: well déi fréi Biergleit keng Helmer haten, wéi mer se haut kennen, hu se ze grouss gerode Mutze mat Woll ausgestoppt, fir de Kapp vu Steng, déi eroffalen, ze schützen. Dat Bild vun Zwake gouf virun allem duerch d'Schnéiwittchegeschichten an de Filmer verbreet.

 
Eng Zeechnung vun engem "modernen" Zwak

D'Zwaken am Fantasy-Genre änneren

D'Zwake sinn e feste Bestanddeel an der Fantasy-Literatur. Sou gehéiere se zum Beispill zu de Fräie Vëlker am Tolkien sengem Wierk Lord of the Rings souwéi zu den Haaptcharakteren a Spillfiguren a ville Bicher a Rollespillsystemer wéi Das Schwarze Auge an Dungeons & Dragons. Déi Wierker hunn den Archetyp vum Zwak geformt. Sou stellt ee sech den Zwak haut wéi e klenge Biergaarbechter vir, deen ënner dem Buedem no Metaller a Karfonkelsteng grueft. Zwake sinn ënner sech geselleg a fir all Drénkfest ze hunn, Frieme géintiwwer wierken se awer zeréckhalent wa net souguer aggressiv. Zanter de Réngkricher a Middleearth stellt ee se sech mat enger Aaxt vir.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zwak (Mythologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien