Hal Flavin

lëtzebuergesch Electropop-Rock-Band

Hal Flavin war eng lëtzebuergesch Electropop-Rock-Band.

Hal Flavin
Museksgenre Elektro-Rock, Pop-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2007
Trennung 2013 (?)
Websäit Facebook
Memberen Marc Clement (Gesank, Synthesizer)
Samuel Reinard (Gittar)
Mike Coster (Bass)
Toma Copier (Batterie)

Bandgeschicht änneren

Hal Flavin gouf 2007 vum Marc Clement (Gesank, Synthesizer), Samuel Reinard (Gittar) a Mike Coster (Bass) gegrënnt. Spéider koum nach den Drummer Toma Copier derbäi. D'Grupp huet hir éischt EP Hal Flavin 2008 verëffentlecht. D'Single Wheel of Fortune huet et am Summer 2009 an der RTL Hitmaschinn op d'Plaz Nummer 4 gepackt, an den Dragon Edit dovun, deen am Oktober 2010 als digital Single erauskoum, huet et bis op d'Nummer 23 am Eldoradio Chartbreaker gepackt.[1]

Nodeem Hal Flavin fir bekannte Gruppe wéi Delphic als Virband opgetruede waren , koum hir zweet EP The Talk am Abrëll 2011 erauskomm. Si gouf um Band-eegene Label Watt Blizzard Music verëffentlecht, dat 2010 zu Esch-Uelzecht gegrënnt gouf.[2]

Hal Flavin hat e kuerzen Optrëtt am Lëtzebuerger Film Naked Opera, deen 2013 op der Berlinale gelaf ass.[3]

Am Summer 2013 koum d'Single Trigger souguer bis an déi national spuenesch Singlecharts geklommen an huet et do bis op d'Plaz 61 gepackt.[4]

Duerno ass et roueg ëm d'Grupp ginn, an et goufe keng nei Optrëtter oder Verëffentlechungen.

Nieft nationale Festivaller wéi Food For Your Senses (2010 an 2012), Rock-A-Field (2009) a Mess for Masses (2010 an 2012) ass d'Band och europawäit opgetrueden.

Discographie änneren

EPen änneren

  • 2008: Hal Flavin
  • 2011: The Talk

Singelen änneren

  • 2010: Wheel of Fortune (Dragon Edit)
  • 2013: Trigger

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Messagen op der Band hirer offizieller Facebook-Säit den 31. August 2009 um 13:37 an dem offiziellen Twitteraccount de 6. Dezember 2010 um 02:25
  2. Watt Blizzard Music op Rate Your Music
  3. Site vum Film Archivéiert op 2013-02-22. Gekuckt de(n) 2014-01-25.
  4. wort.lu: Luxembourg's Hal Flavin hits the Spanish charts (3. Juli 2013; gekuckt den 21. Januar 2014)