Den Albertkanal ass e Kanal fir Schëffer an der Belsch.

Afaart an den Hafe vu Léck mat der Statu vum Albert I. an hanne riets de Monsin-Damm mat Bréck
Albertkanal zu Kanne, Vue a Richtung Tranchée de Caster
Den Albertkanal am Profil

En huet eng Längt vun 130 km a ka vu ganz grousse Schëffer am Rhäingabarit, Klass CEMT VIb wat Schëffer vun enger Längt vun 185 m bis 195 m an enger Maximalbreet vun 22.8 m entsprécht, befuer ginn.

De maximalen Déifgank ass 4,5 m an d'maximal fräi Héicht ënner de Brécken ass 8.8 m.

Den Albertkanal verbënnt den Hafe vu Léck op der Meuse mat dem Hafe vun Antwerpen op der Schelde a mat der Nordséi.

Mat dem Bau vum Albertkanal waren dräi Ziler verbonnen:

  • 1) Fir d'Belsch vum hollännesche Waasserstrossennetz onofhängeg ze maachen.
  • 2) Fir d'Aarbechtlosekris vun 1930 an der Belsch ze bekämpfen.
  • 3) Fir eng reegelméisseg Waasserquantitéit an der Campine ze garantéieren, déi do vun de Kuelegrouwe gebraucht gouf.

D'Aarbechten hunn den 31. Mee 1930 offiziell ugefaangen, wéi de Kinnek Albert I. um Schantje vun der Tranchée de Caster den éischte Spuetstéch op engem Dampbagger gemaach huet, an de Kanal ass 1939 fir d'International Waasserausstellung zu Léck ageweit ginn.

Um Kanal gëtt et 6 Schleisen déi am Ufank fir Schëffer mat engem Tonnage vun 2000 Tonne gebaut gi waren. 1997 ass en ausgebaut ginn op en Tonnage vun 9000 Tonnen.

All Joer ginn ongeféeir 40 Milliounen Tonnen drop transportéiert.

Zu Léck am Hafen ass de Waasserstand 60 m iwwer dem Mier. Am leschte Baseng zu Antwerpen, am Becken Lefèbvre ass e 4.25 m iwwer dem Mier.

Déi 6 Schleise sinn:

Um Kanal gëtt et nach ee Koup aner Schleisen, déi Verbindung mat anere Waasserstrosse maachen. Sou fënnt een direkt nom Hafe vu Léck d'Monsin-Schleis, duerno kënnt d'Schleis vu Visé. Just virun der Tranchée de Caster ass Schleis vu Lanaye direkt hanner der Bréck vu Lanaye. Dës Schleis mécht Verbindung mat dem Kanal vu Lanaye op der Meuse deen an de Julianakanal geet.

Eng Verbindung mam Kanal Zuid-Willemsvaart gëtt iwwer de Kanal Briedgen-Neerharen mat der Schleis vu Lanaken gemaach.

Den Dessel-Kwaadmechelen-Kanal ass tëscht Dessel a Kwaadmechelen a mécht eng schif Verbindung mam Bochelt-Herentals-Kanal. De Waasserniveau vun deem Kanal gëtt duerch d'Schleise vu Kwaadmechelen um Albertkanal an duerch d'Schleise vun Diel um Bocholt-Herentals-Kanal garantéiert.

D'Schleis vu Viersel mécht Verbindung mam Neterkanal an d'Schleis vu Schoten mécht Verbindung mat der Schotenvaart.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Albertkanal – Biller, Videoen oder Audiodateien