Kolumbien

Staat a Südamerika


Kolumbien, op Spuenesch República de Colombia, ass e Staat a Südamerika. D'Haaptstad ass Bogotá.

República de Colombia
fr: République de Colombie
lb: Republik Kolumbien
de: Republik Kolumbien

Kolumbiener Fändel

Wope vu Kolumbien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad: Bogotá
 • Koordinaten: 4° 36’ 35’’ N
      74° 04’ 54’’ W
Staatsform: Republik Presidentielle System Demokrateschen Eenheetsstaat Dezentraliséiert
 • President: Gustavo Petro
 • Vizepresident: Francia Márquez
Fläch: 1.141.748 km²
 • Dovu Waasser: 8,8 %
Bevëlkerung: 49.065.615 (2017)
Onofhängegkeet: 20. Juli 1810 vu Spuenien
Wärung: Kolumbianesche Peso
Zäitzon: UTC -05:00
Internet TLD: .co
Internationalen
Telefonsprefix
:
+57

Geschicht änneren

Prekolumbianesch Ära änneren

D'Geschicht vun den éischte Siidler um haitegen Territoire vu Kolumbien, gouf an dräi Etappe vun der pre-kolumbianescher Ära opgedeelt: Paleolithikum (15.000-7000 v.Chr.), Archaesch Ande-Period (7000 bis 2000 v. Chr.), a Formatiounszäit vun Amerika (2000 v. Chr. bis 16. Joerhonnert). Déi éischt Presenz vu Mënschen am Territoire geet op ongeféier 10.000 a 15.000 Joer zeréck.

Sproochen änneren

Déi offiziell Sprooch a Kolumbien ass Spuenesch.

Staats- a Regierungsform änneren

Kolumbien ass zanter 1886 eng Presidialrepublik.
Staats- a Regierungschef ass zanter dem 7. August 2022 de Gustavo Petro. D'Francia Márquez ass déi aktuell Vizepresidentin an domat déi éischt afrokolumbianesch Fra an dësem Amt.

Onofhängegkeet änneren

Kolumbien, eng fréier spuenesch Kolonie, huet den 20. Juli 1810 seng Onofhängkeet proklaméiert. De facto war et de 7. August 1819 sou wäit.

Haaptstied änneren

Haaptstied a Kolumbien
N Stad Departement Populatioun N Stad Departement Populatioun
1 Bogotá Bogotá 7.743.955 (2020) 11 Valledupar Cesar 544.134 (2021)
2 Medellín Antioquia 2.529.403 (2018) 12 Villavicencio Meta 664.148 (2022)
3 Cali Valle del Cauca 2.471.474 (2018) 13 Santa Marta Magdalena 515.556 (2019)
4 Barranquilla Atlántico 1.274.250 (2015) 14 Ibagué Tolima 541.101 (2020)
5 Cartagena de Indias Bolívar 914.552 (2020) 15 Montería Córdoba 523.150 (2023)
6 Soacha Cundinamarca 782.647 (2023) 16 Pereira Risaralda 590.554 (2019)
7 Cúcuta Norte de Santander 806.378 (2023) 17 Manizales Caldas 454.494 (2023)
8 Soledad Atlántico 676.014 (2023) 18 Pasto Nariño 410.835 (2023)
9 Bucaramanga Santander 614.860 (2023) 19 Neiva Huila 380.019 (2023)
10 Bello Antioquia 561.955 (2023) 20 Palmira Valle del Cauca 358.895 (2023)

Um Spaweck änneren

Commons: Kolumbien – Biller, Videoen oder Audiodateien