Syldawien (Syldavie am Original) ass e fiktiivt (süd-)osteuropäescht Land, dat an der Bande-dessinées-Serie Les Aventures de Tintin vum belschen Auteur an Zeechner Hergé virkënnt.

"Nationalfändel" vu Syldawien.

Den Numm erënnert un eng Kontraktioun aus Transsylvanien a Moldawien. De Fändel - e schwaarze Peelikan op gielem Fong -gläicht e bëssen deem vun Albanien (e schwaarzen Aadler mat zwéi Käpp op roudem Fong), wärend d'Niewendeneen am Stroossebild vu Minaretter a Kierchtierm un Ex-Jugoslawien inspiréiert kéint sinn. An de Bierger an deem Land kéint een d'Karpaten oder de Balkan gesinn. Syldawien ass dacks a Konflikt mat sengem (och fiktiven) Nopeschstaat Bordurien.

D'Sprooch, Syldawesch, erënnert vun der Graphie hir u Polnesch a soss zentraleuropäesch Sproochen; et handelt sech awer gréisstendeels ëm e schrëftlecht verballhornt Gemësch aus Marollien (engem Bréisseler Argot) a Wallounesch.[1]

Syldawien kënnt a 4 Tintins-Geschichte vir:

  • Le Sceptre d'Ottokar (1939),
  • Objectif Lune (1953),
  • On a marché sur la Lune (1954),
  • L'Affaire Tournesol (1956 - lb: D'Affaire Ditchen).

Den Zeechentrickfilm Tintin et le Lac aux Requins (1972) spillt och do.

Hommagen

änneren

Am lëtzebuergesche Film D'Symmetrie vum Päiperlek (2012) kënnt, an der 'Geschicht an der Geschicht', e Schachmeeschter aus Syldawien. Am franséische Film Dieu seul me voit (Versailles chantier) vum Denis Podalydès (1998) ësst den Haaptpersonnage am Restaurant Le Klow; eng Zeen, déi a villen Detailer mat där aus dem Sceptre d'Ottokar identesch ass.

Referenzen

änneren
  1. Le Syldave d'Hergé