D'Catherine ("Ketty") Thull, gebuer den 2. Februar 1905 zu Méideng (Gemeng Conter), a gestuerwen de 25. Oktober 1987 zu Esch-Uelzecht, war eng Léierin am Fach Haushaltungslehre (d. h. wéi een e Stot féiert) zu Esch-Uelzecht.[1]

Ketty Thull
Gebuer 2. Februar 1905
Méideng
Gestuerwen 25. Oktober 1987
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Ketty Thull Kachbuch 2. Oplo vun Ufank der 50er Joren

Nodeem si hire "brevet de maîtresse de l'enseignement ménager" kritt hat, huet si am Alter vun 19 Joer ugefaangen, an der Haushaltungsschoul an der Villa Louvigny an der Stad Lëtzebuerg z'enseignéieren. Siwe Joer méi spéit ass si op Paräis gaangen, fir sech an der "École Le Cordon Bleu" weiderzebilden a koum 1931 mat dem Diplom vun der "Académie de l'art culinaire" an der Täsch erëm. Vun 1932 un huet d'Ketty Thull an der Haushaltungsschoul vun Esch-Uelzecht geschafft.[2]

Bekannt ass si virun allem fir hiert Kachbuch, dat an 10 Oploen, déi heiansdo erweidert goufen, méi wéi 50 Joer laang erauskomm ass. Zulescht war den Titel Luxemburger Koch-, Back und Dessertbuch. 2011 koum eng vum Carlo Sauber iwwerschafften a moderniséiert a vum Fränk Weber mat Fotoen illustréiert Versioun vum Buch eraus.[3]

D'Ketty Thull war och Auteur vum Ratgeber beim Konservieren der Nahrungsmittel a vun engem Buch iwwer Desserten a Bakrezepter.

Zu Mutfert (Gemeng Conter) gëtt et eng Rue Ketty Thull (L-5340).

Publikatiounen änneren

Eng laang Zäit hat d'Ketty Thull selwer d'Copyright vun hire Bicher, duerno sinn d'Rechter hin an hier verkaaft ginn. Well vun Ufank u keen Datum an den Oploe stoung ass et komplizéiert d'Entwécklung vun den Editiounen ze verfollegen.

  • Thull, Ketty, 1937. Ratgeber für die Luxemburger Hausfrau beim Konservieren der Nahrungsmittel. Esch/Alzette, 71 S.
  • Thull, Ketty, 1946. Luxemburger Kochbuch. Esch-Alzette, Ney-Eicher, 127 S.
  • Thull, Ketty, 1946. Ratgeber für die Luxemburger Hausfrau beim Konservieren der Nahrungsmittel. Luxemburg, Jos. & Ch. Hermann, 95 S.
  • Thull, Ketty, 1947. Desserts und Backwaren. Esch-Alzette, Ney-Eicher, 159 S.
  • Thull, Ketty, 1952. Ratgeber beim Konservieren der Nahrungsmittel. 4. Auflage. Esch-sur-Alzette, H. Ney-Eicher, 96 S.
  • Thull, Ketty, 1954. Luxemburger Kochbuch. 3. Auflage. Esch-sur-Alzette, Impr. Ney-Eicher, 153 S.
  • Thull, Ketty, 1954. Desserts und Backwaren. 2. Auflage. Esch-sur-Alzette, Impr. Ney-Eicher, 180 S.
  • Thull, Ketty, 1960. Luxemburger Kochbuch. 4. Auflage. Esch/Alzette, Ney-Eicher, 162 S.
  • Thull, Ketty, 1966. Luxemburger Kochbuch. 5. Auflage. Esch-Alzette, Impr. Wagner, 300 S.
  • Thull, Ketty, 1970. Ratgeber beim Konservieren der Nahrungsmittel. 5. Auflage. Esch-Alzette, Wagner, 148 S.
  • Thull, Ketty, 1974. Luxemburger Koch-, Back- und Dessertbuch. 6. Auflage. Esch-Alzette, Impr. Aug. Wagner, (4)-596 S.
  • Thull, Ketty, 1975. Ratgeber beim Konservieren der Nahrungsmittel. 6. Auflage. Esch-Alzette, Impr. Aug. Wagner, 148-(1) S.
  • Thull, Ketty, 1976. Luxemburger Koch-, Back- und Dessertbuch. 7. Aufl.
  • Thull, Ketty, 1978. Luxemburger Koch-, Back- und Dessertbuch. 8. Auflage. Esch-Alzette, Impr. Aug. Wagner, 596 S.
  • Thull, Ketty, 1980. Luxemburger Koch, Back- und Dessertbuch. 9. Auflage. Esch-Alzette, Impr. Aug. Wagner, 596 S.
  • Thull, Ketty, 1993. Luxemburger Koch, Back- und Dessertbuch. [Neuauflage]. Luxemburg-Gasperich, Messageries du livre, Luxemburg, F. Quintus, 594 S.
  • Carlo Sauber, Fränk Weber, 2011: Ketty Thull. Das Standardwerk für luxemburgische Küche und Esskultur. Esch-sur-Alzette: Editions Schortgen.

Literatur änneren

  • Hausemer, G., 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (Ketty Thull: S. 424).
  • Rausch, K., 2007. Portraits de femmes célèbres. Kará éd., Luxembourg, 111 S. (Ketty Thull: S. 55-62).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Hausemer 2006.
  2. Rausch 2007.
  3. Ketty Thull - DE | Carlo Sauber & Fränk Weber. Gekuckt de(n) 23-01-2020.