De Bam-Kabes[1], Brassica oleracea convar. fruticosa var. ramosa DC., ass eng Zuuchtvarietéit vum Geméiskabes (Brassica oleracea), déi als Geméis an als Fudderplanz virun Allem op der atlantescher Westküst vun Europa ugebaut gëtt.[2] Hien ass no Famill mam Grénge Kabes (Brassica oleracea convar. fruticosa var. viridis L.).

Bamkabes an engem Geméisgaart.

Mat de Blieder vum Bam-Kabes a mat Grompere gëtt dat portugisescht Nationalrezept Caldo verde gekacht, eng einfach Zopp, déi e bësse batter schmaacht.

De Bam-Kabes ass méijäreg, all Joer wuessen nei Blieder am ieweschte Beräich vum Stronk, dee mat de Joren ëmmer méi haart gëtt. Déi ënnescht Blieder ginn no an no als Geméis benotzt, sou datt d'Planz mat de Joren aus engem plakege Stronk mat engem "Kabesbliederpinsel" um Enn besteet.

Eng nach méi grouss Variant vum Bam-Kabes gëtt als Jersey-Kabes (en: Jersey cabbage) op de Kanalinsele gezillt. Aus den 1,8 bis 3m héije Kabesstämm goufen uganks des 20. Joerhonnert am grousse Stil Wanderbengele produzéiert, bis zu 30.000 Stéck am Joer. D'Strénk sinn och nach als Gespär oder als Zonkmaterial benotzt ginn.

Literatur änneren

  • Mansfeld, R., 1986. Verzeichnis landwirtschaftlicher und gärtnerischer Kulturpflanzen (ohne Zierpflanzen). Berlin: Akademie-Verlag, 1986. 2., neubearb. u. wesentl. erw. Aufl. 4 Bände.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DE: Kuhkohl, Blattkohl, Staudenkohl. FR: chou cavalier, caulet, chou en arbre, chou fourrager, ou chou vert. PT: Couve-galega = Kabes aus Galizien.
  2. Cf. Mansfeld 1986: 1/295 an der Literatur.