Nicolas Namur
lëtzebuergeschen Zockerbäcker
Den Nicolas Namur, gebuer den 20. August 1824 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 29. Juni 1912[1], war e lëtzebuergeschen Zockerbäcker.
Nicolas Namur | |
---|---|
Gebuer |
20. August 1824 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. Juni 1912 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Zockerbäcker |
1851 ass den Nicolas Namur vu Le Havre aus op New York an Amerika gaangen, fir do seng Ausbildung als Zockerbäcker, déi hien zu Nanzeg an zu Paräis ugefaangen hat, virunzeféieren.[2]
1854 huet hien zu Sacramento a Kalifornien eng Pâtisserie opgemaach, déi hie bis 1861 gefouert huet, wéi hie wéinst dem amerikanesche Biergerkrich op Lëtzebuerg zeréckkomm ass.[3]
1863 huet hien zu Lëtzebuerg säin éischt Geschäft opgemaach.
1904 huet hie säi Betriib u säi Jong Georges Namur iwwerginn.
Referenzen
änneren- ↑ Nicolas Namur (1824-1912) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com. Gekuckt de(n) 07.06.2020.
- ↑ Notre histoire - Namur. www.namur.lu. Gekuckt de(n) 07.06.2020.
- ↑ Namur: 155 ans de passion. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 07.06.2020.