De fréiere Refuge Sankt Maximin (gewéinlech ausgeschwat als „Sankt Maximäin“) an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) mat der Clairefontaine-Plaz, ass e Gebai aus dem Joer 1751. Zanter Juli 2019 ass et de Sëtz vum Staatsminister. Virdrun, vun 1945 bis 2017 hat den Ausseministère vun der Lëtzebuerger Regierung do säi Sëtz.

Refuge Sankt Maximin
Hënnescht Fassad mam Haff
haut d'Haaptentrée
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg,
Clairefontaine-Plaz
Koordinaten 49°36'35,87"N, 6°7'55,06"O
Proprietär Lëtzebuerger Regierung
Zweck Sëtz vum Staatsministère
D'viischt Face an der Ënneschtgaass.

Geschicht änneren

Gebaut gouf et als e sougenannte Refuge vun der Benediktinerabtei Sankt Maximin vun Tréier. Sou Refugen, déi bannent de Stadmauere louchen, sollten de Kléischter d'Méiglechkeet ginn, hir Awunner an hire wäertvollste Besëtz, wann néideg, virun Iwwerfäll a Sécherheet ze bréngen. Gläichzäiteg ware s'a Friddenszäiten e Pied à terre an de politeschen a wirtschaftlechen Zentren.

Dat haitegt Gebai gouf 1751 vum 79. Abt vu Sankt Maximin, dem Willibrord Scheffer (1738-1762) vum Architekt Jean-Nicolas Steinmetz an dem Entreprener Louis Hendel[1] baue gelooss. Et huet e Virgängerbau op der selwechter Plaz ersat, dee vum 74. Abt vu St Maximin, dem Maximin vu Gülich (1610-1680) 1663 baue gelooss gi war, a vun deem bis op 2 Wopesteng mam Maximin sengem Wopen dran agemeesselt, déi an den 1930er Joren op den 2 Giewele vum Gebai agemauert goufen[2], näischt erhalen ass.

De Refuge war am Stil vu senger Zäit gebaut, a sollt ë. a. och d'Muecht vun der Tréierer Abtei ausdrécken. Duerch seng gewalteg Dimensiounen a seng majestätesch Fassad zur Ënneschtgaass hin, huet de Refuge all déi aner Gebailechkeeten an der Ëmgéigend iwwertraff. Ursprénglech war dës Fassad wäiss a gro ugestrach[1]. Well d'Gebai méi „modern“ a komfortabel war, hunn héich Gäscht an der Festung, wéi 1777 den Äerzherzog vun Éisträich, oder 1789 de Minister Johann Philipp Grof Cobenzl, do amplaz am Gouverneurspalais logéiert.

De Bléckfang am Gebai ass déi laang Rëtsch vun opwänneg ausstafféierte Salonen. Si vermëttelen en Androck vum Glanz, deen d'Gebaier vun der Abtei vun Tréier deemools gehat musse hunn[1].

D'Rokkoko-Dekoratiounen un de Maueren a Plaffonge si gréisstendeels erhalen[3]. D'Holzverkleedungen an d'Dieren si vum Nicolas Anseaux. Dem Moler Jean-Pierre Sauvage säi Portrait vun der Maria Theresia vun Éisträich, déi Herzogin vu Lëtzebuerg war wéi d'Gebai gebaut gouf, hänkt iwwer dem Kamäin. Am Haaptsall um Rez-de-chaussée sinn d'Wope vum Abt Scheffer an der Reichsabtei vun Tréier ze gesinn, grad wéi d'Allegorië vun der Gerechtegkeet, der Wäisheet, der Moderatioun an der Daperkeet[1].

D'Gebai gouf 1797 als Staatsbesëtz verkaaft an et koum an d'Hänn vum Spekulant Jean-Henri Dondelinger, dee sech och an der aler Benediktinerabtei zu Iechternach néiergelooss hat[1]. Méi spéit hat den Drécker an Editeur Claude Lamort seng Dréckerei am Gebai. Et hu bis zu 40 Persoune permanent do gewunnt[1].

1839, wéi de Vertrag vu London ënnerschriwwe gouf, ass d'Gebai un den Däitsche Bond ofgetruede ginn, zu deem Lëtzebuerg zanter 1815 gehéiert huet. De Festungsgouverneur vun der preisescher Garnisoun ass erageplënnert a bis 1867 bliwwen.

Bis 1840 gouf et zwou Entréesdieren am Gebai.

Nom Ofzuch vun der preisescher Garnisoun, 1867, gouf et als Regierungsgebai a Sëtz vun der Regierung benotzt (déi bis dohin am Groussherzogleche Palais huet missen ënnerkommen). 1880 huet de Staatsminister Paul Eyschen d'Gebai no de Pläng vum Charles Arendt renovéiere gelooss. D'Resultat ass dat, wat nach haut ze gesinn ass. Och d'Miwwele stamen aus där Zäit. Vun deem Datum u war déi ganz Regierung mat den Archiven am Hôtel Saint-Maximin ënnerbruecht, dee vun do un „d'Regierung“ genannt gouf[1].

Eréischt nom Zweete Weltkrich ass d'Gebai zum Haaptsëtz vum Ausseministère ginn.

Am Februar/Mäerz 2017 ass den Ausseministère an de fréiere Justizpalais geplënnert[4],[5], dee bei där Geleeënheet a Mansfeld-Gebai ëmgenannt gouf. De Staatsministère ass am Juni 2019 an d'Gebai erageplënnert.

Wopesteng um Gebai änneren

 
De Wopesteen op der Clairefontaine-Plaz.

Op deenen zwéi Giewele vum Gebai ass jee e Wopesteen ze gesinn. Béid Steng stame vum éischte Refuge vun der Abtei vun Tréier op der Plaz vum Gebai vun haut.

Wopesteen op der Clairefontaine-Plaz änneren

Op dem Stee steet geschriwwen: M.G.A.S.M.Ao 1663, wat d'Ofkierzung ass vun: Maximinus ab Gulich Abbas Sancti Maximini Anno 1663. Iwwersat: De Maximinius Gülich Abt vu Sankt Maximäin am Joer 1663.

Lénks um Steen ass de perséinleche Wope vum Abt Maximinius Gülich ze gesinn, e Päerd dat sech opriicht, mat driwwer der Mitra an dem gekrëmmte Staf vum Abt. Riets gesäit een den Aadler mat duebelem Kapp an, driwwer, d'Kroun vum Keeser vum Hellege Réimesche Räich vun däitscher Natioun. Den Aadler an d'Keeserkroun weisen drop hin, datt Sankt Maximin de Status vun enger Räichsabtei hat.

Den Aadler presentéiert op senger Broscht de Bier vum hellege Maximin, deen um Wope vun der Abtei ze gesinn ass. Wärend der Rees op Roum hat e Bier d'Päerd (oder den Iesel) vum hellege Maximin gefriess, woufir e bestrooft gouf an d'Gepäck fir de Rescht vun der Rees huet missen droen.[2]

 
De Wopesteen zur Säit vun der Kathedral.

Steen zur Säit vun der Kathedral änneren

Dëse Wopestee kann ee vu virun der Entrée vun der Kathedral an der Ënneschtgaass aus gesinn. Och dëse Stee weist de Wope vum Abt Gülich, mam Päerd, der Mitra an dem Staf. Ënner dem Wope steet:
SVBIECTAM CAVEAM CVM SVPERSTANTE AEDIFICIO A FVNDAMENTIS EREXIT MAXIMINVS A GVLICH EX SANCTO VITO ABBAS STI MAXIMINI ANNO MDCLXIII
Iwwersat: De Maximinus vu Gülich aus Sankt Vith, Abt vu Sankt Maximin, huet de Keller mam Gebai dat driwwer steet am Joer 1663 vun de Fëllementer erop baue gelooss.[2]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Refuge Sankt Maximin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 1,6 „Den Ausseministère - Hôtel Saint-Maximin“ - Informatiounsblad, erausginn am Kader vun der „Journée portes ouvertes des institutions“ den 21. Abrëll 2018
  2. 2,0 2,1 2,2 Websäit vum Bernhard Peter Gearchiveerd op 2012-09-01. Gekuckt de(n) 2011-08-28.
  3. Thewes, 15.
  4. Ale Palais de Justice: Zukünftege Sëtz vum Ausseministère." RTL.lu - 28.01.2013, 11:23 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.01.2013, 11:27.
  5. "L'ancien palais de justice reprend vie." paperjam.lu, 2017-02-22.