Place de Bruxelles (Stad Lëtzebuerg)

D'Bréisseler Plaz (offiziell: Place de Bruxelles) ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Den Odonym bezitt sech am Fong op d'Kräizung op där de Boulevard Royal, de Boulevard Roosevelt, d'Nei Bréck an d'Avenue Marie-Thérèse openee stoussen. Am Volleksmond gëtt fir d'Plaz och dacks "Beim Pôle Nord" gesot, als Referenz un de fréieren Theater- a Festsall mam selwechten Numm.

Place de Bruxelles
Numm lb: Bréisseler Plaz
(Beim Pôle Nord)
fr: Place de Bruxelles
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Koordinaten 49° 36’ 34.2’’ N
      06° 07’ 34.4’’ O
Genannt no Bréissel

Um südwestlechen Eck vun der Plaz steet eng Maark vun der Voie de la Liberté fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich duerch amerikanesch Zaldoten z'erënneren.

Op der Bréisseler Plaz gouf de 5. Juli 1951 déi éischt Verkéiersluucht am Land a Betrib geholl.[1]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Place de Bruxelles (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Rotlichtmilieu." wort.lu, 24.12.2018.