Ouschteree

dekoréiert Ee fir Ouschteren
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Ouschteree ass en haartgekacht a gefierft oder bemoolt Ee, dat op Ouschtere verschenkt gëtt. An de leschte Jore gi se ëmmer méi duerch Schockelaseeër ofgeléist. Dem Brauch no ass et den Ouschterhues, deen d'Ouschtereeër bréngt.

Ouschtereeër

Traditioun änneren

D'Ee ass en uraalt Fruchtbarkeetssymbol. Sou ass et net verwonnerlech, datt et mam Fréijoer an dem Neiopliewe vun der Natur a Verbindung bruecht gëtt. D'Ouschtereeër si verstoppt, an d'Kanner musse se sichen. Éier se giess ginn, gi se getéckt, d. h. zwee Leit schloen d'Spëtzte vum Ee, dat se hunn, widdereneen. Deen, deem säint ganz bleift, huet gewonnen.

Firwat grad d'Ee d'Symbol vun Ouschteren ass, huet eng einfach Erklärung. Wärend der Faaschtenzäit, déi 40 Deeg dauert an um Karsamschdeg zu Enn geet, sollen d'Leit keng Eeër, kee Fleesch oder Mëllechprodukter iessen.

Um Spaweck änneren

Commons: Ouschteree – Biller, Videoen oder Audiodateien