Eng Fläschepost ass e Message, gewéinlech op engem Stéck Pabeier, deen an enger zouener Fläsch an d'Mier gehäit gëtt, mat der vager Hoffnung, datt en op enger anerer Plaz ka fonnt ginn.

Illustratioun vun enger Fläschepost am Jules Verne sengem Roman Les enfants du Capitaine Grant, vum Édouard Riou.

D'Motivatioun fir eng Fläschepost ze maachen, ka vill Ursaachen hunn: en Hëllefruff vun engem, deen op enger onbewunnter Insel ugeschwemmt gouf, wëssenschaftlech Experimenter fir d'Mierstréimungen z'erfuerschen oder och einfach de Virwëtz fir erauszefannen, ob ee sech dorop melle géif.

D'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg huet, mat iwwer 660 Fläschen, déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt.