De Stade du Thillenberg ass e Foussballstadion zu Déifferdeng um Tillebierg an deem den FC Déifferdeng 03 seng Matcher spillt. Virun der Fusioun vum Club war et de Stadion vun der Red Boys Déifferdeng.

Stade du Thillenberg
Plaz Déifferdeng
Koordinaten 49° 31’ 20.3’’ N
      05° 52’ 38.8’’ O
Veräin FC Déifferdeng 03
Kapazitéit
Total 6.300[1]


D'Tribün (2021).

Geschicht änneren

De Stadion gouf tëscht 1921 an 1922 vun de Memberen, Supporteren a Spiller vun de Red Boys gebaut. Dofir huet missen den Hank, wou en drop ass, planéiert ginn. An den dräi Joer duerno gouf e vergréissert, an et koum eng Tennisplaz bäi. Den Terrain huet dunn der Hadir gehéiert, bei där déi meescht Spiller geschafft hunn.[2]

De Stadion huet zwou Tribünen, eng 'natierlech', am Hank, an eng, déi mat engem hëlzenen Daach, wéi een e bei alen Hypodrome fënnt, iwwerdaacht ass.

Den 11. Juli 2018 gouf de Stadion op den Zousazinventaire vun den nationale klasséierte Monumenter agedroen.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vu Stadien zu Lëtzebuerg op www.stadienwelt.de
  2. DiffMag 06/2018, S.11.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).