Prinzessin vu Schengen

keltesch adeleg Fra, déi virun zk. 2500 Joer um Gebitt vum haitege Lëtzebuerg gelieft huet a bekannt ass fir hiert Graf mat Bijouen dat 1995 entdeckt gouf


Als Prinzessin vu Schengen oder och nach Madamm vum Baggerweier gëtt eng Fra bezeechent déi an engem ca. 2500 Joer ale Graf um Uwänner vun der Musel, tëscht Schengen a Rëmerschen begruewe war an där hiert Graf 1995 entdeckt gouf.

Prinzessin vu Schengen
Gebuer 1. Joerdausend v. Ch.
Gestuerwen 1. Joerdausend v. Ch.
Aktivitéit onbekannt

Si gouf am Graf Nummer 17 fonnt, eent vu fënnef Kierpergriewer, déi d'Archeologen an de Joren no 1995 ënnersicht hunn. Et war eng Nekropol, e Kierfecht aus der Keltenzäit. Vun der Fra hirem Kierper goufe just véier Zänn fonnt, de Rescht vum Kierper war vum sauere Buedem opgeléist ginn. Am Graf goufen och eng Rëtsch Bijoue fonnt, ë. a. bronze Braceleten, keltesch Collieren, eng ziseléiert dräieckeg Plack, zwou Kleederspéngelen (Fibelen) mat Vullekäpp a fei verschafft, iwwerdimensional Reefer, déi d'Fra lénks a riets um Kapp gedroen huet.

De Foni Le Brun-Ricalens, Chargé de direction am Nationale Fuerschungszenter fir Archeologie, deen d'Ausgruewungen deemools geleet huet, ass zur Conclusioun komm, datt et sech ëm eng räich a mächteg Fra gehandelt muss hunn, déi eng bedeitend Plaz an der Gesellschaft hat. Et kéint sech ëm eng keltesch Herrscherin gehandelt hunn.

D'Bijouen an dat rekonstruéiert Graf ware vun Enn 2018 bis Mee 2019 am Biodiversum - Centre Camille Gira zu Rëmerschen ausgestallt.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Prinzessin vu Schengen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur änneren

  • Daniel Conrad, „Edles Geschmeide als historischer Schlüssel“ am Luxemburger Wort vum 12. Januar 2019, Säit 16

Referenzen an Notten änneren

  • Quell wou net anescht uginn: Reportage op rtl.lu de 5. Dezember 2018 (kuckt Um Spaweck)