Lëtzebuerger Haffbibliothéik

D'Lëtzebuerger Haffbibliothéik ass d'Haffbibliothéik vum Groussherzog.

Si geet zeréck op d'Herzoge vun Nassau-Weilburg, besonnesch de spéidere Groussherzog Adolphe, dee seng Sammlung mat op Lëtzebuerg bruecht huet. Se bestoung ursprénglech aus Bicher iwwer d'Nassauer Dynastie, mä och iwwer Päerd, Musek, Hebraica a Konscht. An de leschte Joerzéngten huet d'Sammlung sech op Luxemburgensia spezialiséiert.

Si ass am Schlass Bierg, dem Wunnsëtz vum Groussherzog, ënnerbruecht a besteet aus ronn 45.000 Bicher. Si ass domat déi sechstgréisst Bibliothéik am Land. D'Lëtzebuerger Haffbibliothéik ass net ëffentlech zougänglech. 2000 goufen eng éischt Kéier Wierker mat Dedicacen aus dëser Bibliothéik am Groussherzogleche Palais ausgestallt. 2003 war eng Ausstellung vun enger Handschrëft iwwer Egypten an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ze gesinn.

Zanter Jore[Wéini ?] gëtt dru geschafft, d'Bestänn vun der Lëtzebuerger Haffbibliothéik ze katalogiséieren.

Um Spaweck