Biergahornen op der Corniche
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
Déi zwéi bemierkenswäert Biergahornen (Acer pseudoplatanus; érable sycomore; Bergahorn) stoungen op der Corniche, op der Héicht vun der Maison de Cassal, an der Stad Lëtzebuerg. Am Schiet vun den zwéi Beem hat e Restaurant seng Terrasse installéiert.

Ufanks 2009 goufe béid Beem ewechgeholl an duerch zwou jonk Pëppelen ersat.
Historique änneren
- Wéinst hirer imposanter Gréisst, mä awer och virun allem wéinst der Plaz wou se stoungen, goufen dës zwéi Biergahornen 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat.[1]
- Ëm 2000 goufe follgend Moosse fir deen imposanste vun dësen zwéi Beem geholl: Gréisst 17 m; Stammdéckt op Broschthéicht: 0,71 m.
- 2007 goufen déi zwéi Beem staark zeréckgeschnidden, wouduerch deen ee vu hinnen dat Joer drop ofgestuewen ass, an deen anere sech net méi richteg erkréie konnt. Ufanks 2009 goufen déi zwéi Beem ewechgeholl an duerch zwou jonk Pëppelen ersat.
Interessantes änneren
- Op Lëtzebuergesch heescht de Biergahorn och nach Aaschtert, en Numm deen awer kaum nach am Gebrauch ass.
- Op engem vun deenen zwéi Biergahorne vun der Corniche gouf 1984 eng Wanzenaart fonnt, déi nei fir d'Wëssenschaft war. Den Entdecker, de Léopold Reichling, huet se ënner dem Numm Psallus pseudoplatani n. sp. beschriwwen. De Reegele vun der Zoologie no war dëse Bam de sougenannte locus typicus vun der Aart. Zanter dem Verschwanne vun de Beem existéiert dëse locus typicus net méi.
- 1990, bei Geleeënhet vun der Joerhonnertfeier vun der Société des naturalistes luxembourgeois, huet d'Post en Timber erausginn, op deem e Männchen an e Weibche vun där Aart ze gesi sinn. D'Zeechnung ass vum Léopold Reichling.
Referenzen änneren
- ↑ Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables.
Literatur änneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 166-167, Text a Foto).
- Reichling, L., 1984. Les Hétéroptères du Grand-Duché de Luxembourg. 1. Psallus (Hylopsallus) pseudoplatani n. sp. (Miridae, Phylinae) et espèces apparentées. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 4 (1): 1-17. [1]
Kuckt och änneren
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
- Bemierkenswäert Beem an der Stad
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg
- Käschtebam um Square Robert-Brasseur
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Sequoiaen am Amaliepark
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Nëssert am Konviktsgaart
- Ginkgo op der Eecher Plaz