Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg
D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg ass eng Fotothéik, déi 1984 vun der Gemeng Lëtzebuerg mam Zil geschaf gouf, d'"Gesiicht" vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d'Zäit ze dokumentéieren[1].
Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg | |
---|---|
D'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg op der Cloche d'or (2011). Riets den Depot vun der Cinemathéik vun der Stad. | |
Land | Lëtzebuerg |
Gegrënnt | 1984 |
Um Spaweck | https://www.vdl.lu/de/die-stadt/die-dienststellen-sind-f%C3%BCr-sie-da/phototheque |
Un d'Fotothéik ugeschloss ass e Reliuresatelier.
D'Fotothéik ass an engem Gebai an der Eugène Ruppert-Strooss op der Cloche d'or ënnerbruecht, zesumme mat der Cinemathéik vun der Stad, déi an engem Niewegebai ass.
Direktesch war vun 1998 un d'Martine Theisen. Nodeems si a Pensioun gaangen ass an de Posten interimsméisseg besat war, ass d'Gaby Sonnabend zanter 2022 déi nei Responsabel.
Geschicht
ännerenD'Stater Fotothéik gouf 1984 gegrënnt, andeems se aus den Archiver vun der Stad Lëtzebuerg ausgegliddert gouf. Am Dezember 1991 ass se aus der Neippergstrooss op d'Cloche d'or zu Gaasperech geplënnert, wou se och haut hir Lokalitéiten huet. Hiren Opbau an hire Klassifizéierungssystem orientéiert sech no deem vum Paräisser Centre Georges Pompidou.
Sammlung
ännerenSi betreit eng Sammlung vu ronn 6 Millioune Fotoen an Negativen, déi tëscht 1855 an haut gemaach goufen[1][2]. Déi allermeescht dovun hunn d'Stad Lëtzebuerg, hir Awunner oder Evenementer vun do als Sujet.
D'Sammlung koum zesummen aus Donen, Ierfschaften a Legen, déi iwwer d'Jore gemaach goufen, mä och duerch Optragsaarbechten, déi fir si gemaach goufen.
Zu hirem Fong gehéieren ë. a. d'Sammlunge vum:
- Batty Fischer (eng 10.000 Opnamen, déi d'Stad tëscht 1890 an 1958 weisen),
- Théo Mey (eng 486.000 Fotoe vun den 1950er bis an d'1970er Joren),
- Édouard Kutter Papp a Jong (ronn 200.000 Biller vun ë. a. der groussherzoglecher Famill an Aktuellem aus der Period vun 1950 bis 1980),
- Tony Krier (620.000 Fotoen aus der Stad, dem Land an Aktualitéiten, tëscht 1939 an 1972 gemaach),
- Marcel Schroeder,
- Camille Aschmann,
- Pol Aschman (eng hallef Millioun Opname vun 1935 bis 1988)[1],
- Vic Fischbach,
- Jochen Herling,
- Marcel Tockert,
- Edward Steichen,
- Tony Vaccaro,
- Remo Raffaelli (eng 40.000 Negativer zu sportlechen a soss Evenementer tëscht 1976 an 1988)
- Pierre Bertogne (16.000 Biller aus den 1930er an 1940er Joren).[3]
Nieft themateschen Ausstellungen organiséiert d'Fotothéik zanter 2000 prinzipiell och all Joer am Ratskeller vum Cercle Cité eng Summerausstellung mat Fotoen aus hirer Kollektioun. D'Fotoen déi ausgestallt ginn, gi gemenkerhand och an engem Katalog publizéiert[4].
Publikatiounen (Auswiel)
ännerenKollektioun « Les trésors de la photothèque »
änneren- 2000: Les trésors de la photothèque
- 2001: Pol Aschman : 1921-1990 (Fotojournalismus vun 1935 bis 1988, ISBN 978-2-9599812-0-3)
- 2002: Théo Mey : 1912-1964 (Fotojournalismus vun 1950 bis1980, ISBN 2-9599812-1-9)
- 2004: Marcel Schroeder : 1919-1999 (Lokalgeschicht vun 1919 bis 1999, ISBN 2-9599812-2-7)
- 2006: Tony Krier sen. : 1906-1994 (Reportagë vun 1939 bis 1972, ISBN 2-9599812-3-5)
- 2015: Édouard Kutter (ISBN 978-2-9599812-5-8)
- 2016: La Place d'armes et le Cercle (ISBN 978-2-9599812-6-5)
- 2018: Jochen Herling (ISBN 978-2-9599812-7-2)
- 2019: Jean Weyrich (ISBN 9782959981289)
Kollektioun « Le catalogue / Photothèque de la Ville de Luxembourg »
änneren- 2020: Luxembourg-Ville, de la forteresse au patrimoine mondial UNESCO (ISBN 978-2-9599812-9-6)
- 2021: Des gens et des rues : 100 ans Pol Aschman (ISBN 978-99987-872-0-9)
- 2022: „Luxembourg 360°“ - Andréck aus der Haaptstad aus verschiddenen, bis ewell nach net publizéierte Fotossammlungen (ISBN 978-99987-872-1-6)
Um Spaweck
änneren- Presentatioun vun der Fotothéik op vdl.lu (de)
- Thierry Hick, Les « petites collections » de la Photothèque, wort.lu , 31.07.2022
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 "Photothèque", Ville de Luxembourg.
- ↑ "Visite à la photothèque de Luxembourg-ville: Instants de mémoire", ALBAD: Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliotekären, Archivisten en Dokumentalisten.
- ↑ Jean-Pierre Fielder, "L'Histoire d'une photothèque", Ons Stad, No. 45, 1994.
- ↑ Kuckt dozou ënnert: Publikatiounen (Auswiel)