Ordre de la couronne de chêne

lëtzebuergesche Verdéngschtuerden

Den Ordre de la couronne de chêne ass e lëtzebuergesche Verdéngschtuerden.

Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (gëtt op der Broscht gedroen)

En ass agefouert gi vum Groussherzog Wëllem II. deen och Kinnek Wëllem II. vun Holland war, am Joer 1841. Zu där Zäit war Lëtzebuerg zwar een eegestännege Staat, awer et hat a Personalunioun mat Holland dee selwechte Monarch. Obschonn den Uerden ee reng lëtzebuergesche war, huet de Wëllem II. en dacks gebraucht fir Hollänner ze dekoréieren. Domat konnt en d'Kontroll vun der hollännescher Regierung beim Ausdeelen vu Gielercher iwwergoen. En huet der awer net méi wéi drësseg ausgedeelt. Säin Nofollger de Wëllem III. hat do méi eng large Vue. Hien hat der eleng um Dag vu senger Kréinung 300 ausgedeelt, an nach Honnerten an de Joren duerno. Et waren der sou vill, datt souguer d'Hollänner gemengt hunn et wier een hollänneschen Uerden.

Wéi d'Kinnigin Wilhelmina op den Troun koum war et domat eriwwer, wëll an deem Ament d'hollännesch Kinneken net méi Monarche vu Lëtzebuerg waren. D'Hollänner hunn dunn zwéin nei Uerden agefouert: den Uerde vum Haus Oranien-Nassau an den Hausuerde vun Oranien.

Zanter dem Groussherzog Adolphe war den Uerden nëmmen nach just fir Lëtzebuerger Bierger do, heiansdo hunn awer och Auslänner den Uerde kritt, haaptsächlech Membere vu kinnekleche Familljen.

De Groussherzog vu Lëtzebuerg ass Grand-Maître de l'Ordre.

Graden änneren

Den Ordre de la couronne de chêne ass an 8 Graden opgedeelt:

  •   Grand-Croix
  •   Grand-Officier
  •   Commandeur
  •   Officier
  •   Chevalier
  •   Médaille en vermeil
  •   Médaille en argent
  •   Médaille en bronze

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ordre de la couronne de chêne – Biller, Videoen oder Audiodateien