Siegfried I. vu Lëtzebuerg
Den "Ardennegrof" Siegfried I. ((fr) Sigefroi oder Sigefroid), gebuer ëm 919[1] a gestuerwen den 28. Oktober 998 an der Räichsabtei St. Maximin zu Tréier, gëllt als Grënner vun der Grofschaft Lëtzebuerg.
Siegfried I. vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Ardennegrof [?] an eventuell Grof zu Lëtzebuerg (den Titel "Grof vu Lëtzebuerg" kënnt réischt e puer Generatioune méi spéit op) | |
Zäit | vun 963 bis 998 |
Virgänger | - |
Nofollger | Heinrich I. |
Biographie | |
Gebuer | 919 |
Gestuerwen |
28. Oktober 998 Abtei Sankt Maximin Tréier |
Bestuet mat | Hedwig vum Nordgau |
Papp | Wigerich vun Ardennen |
Mamm | Kunigunde vu Verdun |
Geschwëster | Adalbero vu Metz, Friedrich vu Loutrengen, Gozelo, Giselbert, Liutgarde vun Ardennen |
Kanner | Heinrich I. vu Lëtzebuerg, Friedrich vu Lëtzebuerg, Thierry vu Lëtzebuerg, Kunigunde vu Lëtzebuerg, Luitgard, Adalbero vu Lëtzebuerg, Giselbert, Eva vu Lëtzebuerg |
Liewen
ännerenDe Siegfried, dee, wéi et schéngt, gutt Verbindunge souwuel zu de leschte Karolenger am Weste wéi och zu den Ottonen am Osten hat, war Vogt vum Klouschter Iechternach a vun der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier.
Ëm 963[2] huet hie mat dem Abt Wikerus vun der Räichsabtei St. Maximin vun Tréier en Tosch ausgemaach: seng Lännereien zu Feelen géint dem Klouschter säi Bockfiels mam Réimerkastell Lucilinburhuc. An deem Tauschdokument ass den Numm Lucilinburhuc fir d'éischt opgedaucht[3].
De Siegfried huet um Bock eng Buerg baue gelooss[4], déi geschwë Lützelburg oder (lokal) Lëtzebuerg genannt gouf, wat dann och dem haitege Lëtzebuerger Land den Numm ginn huet. De Choix fir seng Buerg do bauen ze loossen, war gutt iwwerluecht. Deemools bestoung an Europa eng gewëssen Onsécherheet duerch d'Gefor vu Privtakricher, dem Risk vum Muechtverloscht vun de Karolenger oder der Invasioun vun den Normannen oder Ungarn. Am Fall vun engem Ugrëff huet déi isoléiert Lag um Bock et erlaabt, sech géint eng Attack mat Belagerungsinstrumenter zeréckzezéien. Doriwwer eraus konnt ee vum Bock aus och déi zwéi fréier Kiemen (Reims - Tréier a Metz - Éislek) déi sech um Fëschmaart gekräizt hunn, gutt iwwerwaachen[5].
D'Joer drop, 964, huet de Siegfried vum Tréierer Äerzbëschof Heinrich Lännereie bei Saarburg kaaft an do d'Buerg Saarbuerg iwwerholl.
Famill
ännerenDe Siegfried war de Jong vum Pfalzgrof Wigerich vu Loutrengen, Grof am Tréier-, Bid- an Ardennegau, a senger Fra Kunigunde, Gräfin vu Verdun a Kandskand vum Kinnek Louis den Tuddler.
Hien huet d'Hedwig vum Nordgau bestuet, mat där hien eelef Kanner hat, dorënner:
- Luitgard (955 - 1005), 980 bestuet mam Grof Arnulf vun Holland
- Heinrich I. (960 - 1026), Grof vu Lëtzebuerg
- Friedrich (965 - 1019)
- Eva (970 - 1029), 1000 bestuet mam Grof Gerhard vun Elsass
- Kunigunde (978 - 1039), 1001 bestuet mam spéidere Keeser Heinrich II.
- Thierry (? - 1047), Bëschof vu Metz
- Giselbert (? - 1004)
- Adalbero (? - 1037), Äerzbëschof vun Tréier
Literatur
änneren- Haag, Emil, 2011. Sigefroi *922 †998: la naissance de la ville forteresse, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 84-89.
- Margue, Michel, 2003. Du Comté à l'Empire: origines et épanouissement du Luxembourg. In: Histoire du Luxembourg. Le destin européen d'un « petit pays ». Sous la direction de Gilbert Trausch. S. 67-147. Éditions Privat, Toulouse. ISBN 2-7089-4773-7
- Klein, René, 2001. Wer waren die Eltern von Graf Sigfrid?: eine neue Hypothese zum Ursprung des ersten Luxemburger Grafenhauses. In: Tempus edax rerum: le bicentenaire de la Bibliothèque nationale de Luxembourg (1798-1998). Luxembourg: Bibliothèque nationale, S. 163-170.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Siegfried I. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: - |
Grof vu Lëtzebuerg 963 - 998 |
Nofollger: Heinrich I. |
Referenzen
änneren- ↑ Michael Margue: Siegfried I.. an: Neue Deutsche Biographie (NDB). Band 24, Duncker & Humblot, Berlin 2010, ISBN 978-3-428-11205-0, S. 346 f.
- ↑ den Datum um Akt ass net richteg, vgl. M. Margue & M. Pauly
- ↑ Savin, C., & Luxembourg Service des sites et monuments nationaux. (2007). « Luxembourg, histoire et mémoire d'une ville fortifiée. » - 1. Le développement de la ville de Luxembourg dans l'espace carolingien, S. 10.
- ↑ Gerry Erang, Did you know that a deal with the devil led to the foundation of Luxembourg City? op RTL Today, 15.9.2019
- ↑ Savin, C., & Luxembourg Service des sites et monuments nationaux. (2007). « Luxembourg, histoire et mémoire d'une ville fortifiée. » - 2. Le château féodal du Xe siècle, S. 10.