Gare Biissen
D'Gare vu Biissen ass eng fréier Gare op der Atertlinn zu Biissen.
| |
ass eng | fréier Gare |
---|---|
Status | ausser Déngscht |
opgaang | 1880 |
zougemaach | 24. September 1967 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°47'18,420"N, 6°4'9,408"O |
Héicht i. M. | 227 m |
Streck(en) | Eisebunnsstreck Ettelbréck - Péiteng |
Gleiser | 1 |
![]() |
D'Gebai
ännerenD'Pläng vum Gebai si vum 16. August 1878. Et gouf de 17. Abrëll 1880 feierlech ageweit. D'Gebai ass identesch mat deem vun der Gare Useldeng.[1]
Am Rez-de-chaussée war eng Salle d'attente, de Büro vum Chef de gare an eng Consigne. Uewenop hat de Chef de gare seng Wunneng. 1905 an 1913 gouf all Kéier ugebaut. 1924 koum eng Lagerhal bäi. De 24. September 1967 ass de leschte Persounenzuch op der Streck gefuer. Duerno gouf d'Gebai verpacht, 1979 verkaaft an an e Wunnhaus ëmgebaut[1].
Den 2. Dezember 2011 gouf d'Gare op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument agedroen[2], dat mat der Begrënnung, se hätt en "historeschen, industriellen, architektoneschen an ästheetesche Wäert", an och well s'eng vun de wéinege Garen op der Atert-Linn wier, déi nach haut mam Zuch ugefuer kéint ginn[1].
2016 huet d'Gemeng d'Gebai fir 350.000 Euro kaaft. Nodeems et fir am ganze knapps 5,7 Milliounen Euro renovéiert gouf an en Ubau aus Glas an Holz bäikoum, gëtt dat Ganzt zanter Juni 2022 vun de Museksveräiner aus der Gemeng fir hir Prouwe benotzt.[3]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Gare Biissen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 "D'Biisser Gare steet ënnert Denkmalschutz." in: De Klautjen - Gemengeblat Biissen, Nr.15, 2010, S.32.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
- ↑ "Wie der alte Bahnhof in Bissen zum Musikhaus wurde". wort.lu [w+], 01.06.2022.