Bréck iwwer den Oyapock

D'Bréck iwwer den Oyapock (fr.: Pont sur l'Oyapock, pt.: Ponte sobre o rio Oiapoque) ass eng Bréck iwwer de Grenzfloss Oyapock oder Oiapoque am Nordoste vu Südamerika. Se gouf 2011 fäerdeggebaut a verbënnt Franséisch-Guayana mat Brasilien. Zanter se am Mäerz 2017 fir de Verkéier opgoung, ass et deen éischten offizielle Grenzpassage vun engem franséischen Iwwerséidepartement zu engem anere Staat um Landwee.

Bréck iwwer den Oyapock
Geographie
Land Frankräich
Brasilien
Plaz Saint-Georges-de-l'Oyapock
Oiapoque
Koordinaten 03° 51’ 25’’ N
      51° 49’ 32’’ W
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Féiert iwwer Oyapock
Technesch Detailer
Bréckentyp Schréiseelbréck (Hallef Harf)
Totallängt 378 m
Felder/Béi 66,50 m - 245 m - 66,50 m
Breet 2 Fuerspueren
Bemierkungen
Opgaangen 2011 fäerdeg;
2017 a Betrib geholl
Architekt(en)
Konzeptioun
Studio De Miranda Associati
(Mario de Miranda)

D'Bréck steet 1,6 Kilometer nordëstlech vun der Stad Oiapoque am brasilianesche Bundesstaat Amapá a 4,4 Kilometer südwestlech vu Saint-Georges-de-l'Oyapock an der Franséischer Guyane. Et ass eng Schréiseelbréck mat zwéi Pylonen an enger Gesamtlängt vun 378 Meter.[1] Hire Bau geet op eng Decisioun vun de Presidente vu Brasilien a vu Frankräich, Fernando Henrique Cardoso a Jacques Chirac am Joer 2005 zeréck, an am selwechte Joer gouf dann och de 15. Juli e Kooperatiounsaccord tëscht Frankräich a Brasilien ënnerschriwwen.[2]

2000 goufen déi éischt Etuden iwwer de Bau gemaach, 2005 krut de Luiz Inácio Lula da Silva bei engem Staatsbesuch a Frankräich de Projet presentéiert an 2006 an 2007 gouf e vun de Parlamenter vu Frankräich a vu Brasilien ratifizéiert. Am Juli 2009 hunn d'Viraarbechten, an am November d'Aarbechten un der Bréck selwer ugefaangen.[3]

Parallel zum Bau vun der Bréck gouf d'Strooss vun Oiapoque op Macapá, d'Nationalstrooss BR-156, goudronéiert a verbessert. Am Mäerz 2011 huet nach en Tronçon vu ronn 100 Kilometer tëscht Calçoene an engem Punkt eng 70 Kilometer südlech vun Oiapoque gefeelt, deen an engem schlechten Zoustand war.

Am August 2011 waren d'Aarbechten un der Bréck fäerdeg.[3] Am August 2012 goungen d'Aarbechten, déi zäitweileg ënnerbrach waren, virun, fir den Uschloss op brasilianescher Säit fäerdeg ze kréien. Och Douanes- an Assurancetechnesch Detailer hunn nach misse gekläert ginn.[4] No engem Ofkommes vum November 2013 tëscht Frankräich a Brasilien däerfen d'Bierger vu Saint-Georges an Oiapoque, soubal d'Bréck a Betrib ass, ouni Visa an d'Stad op der anerer Säit eriwwer, soulaang se do net schaffe géifen.[5]

Den 18. Mäerz 2017 ass d'Bréck offiziell opgaangen. Et ass dës déi éischt Grenzbréck tëscht Südamerika an engem EU-Land.[6]

Duerch d'Bréck kritt d'Franséisch-Guyane besseren Uschloss un de Welthandel. Ë. a. kritt de Weltraumzentrum vun der ESA zu Kourou, als wichtegste Wirtschaftsfacteur an der Regioun, fir d'éischt iwwer eng vollwäerteg Stroosseverbindung Uschloss un de Mierhafe Santana bei Macapá (d'Häfen an der Guayane sinn all méi kleng).[7]

Ausserdeem erlaabt d'Bréck eng (bal) duerchgängeg Stroosseverbindung laanscht d'Nordostküst vu Südamerika, tëscht Venezuela a Belém.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bréck iwwer den Oyapock – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Obra rodoviária vai ligar o Amapá à Guiana Francesa. funcab.org, 1. Juli 2009 (portugisesch)
  2. Projet de loi autorisant l'approbation de l'accord entre le Gouvernement de la République française et le Gouvernement de la République fédérative du Brésil relatif à la construction d'un pont routier sur le fleuve Oyapock reliant la Guyane française et l'État de l'Ama
  3. 3,0 3,1 Génèse du projet de pont sur l'Oyapock - Historique du projet. Direction Départementale de l'Equipement de la Guyane.
  4. Governo do Amapá lança obras de acesso à ponte binacional em Oiapoque. correaneto.com.br, 10. August 2012. (portugisesch)
  5. titel=Oyapock River Bridge: Road Intended to Unite France and Brazil Creates Division Instead. Archivéiert op 2014-05-27. Gekuckt de(n) 2018-01-01.
  6. Erste Grenzbrücke zwischen EU und Südamerika eröffnet."FAZ 2017-03-18.
  7. Maria Irene de Conte: A ponte sobre o rio Oiapoque: uma ponte 'transoceânica' entre o Brasil e a França; o Mercosul e a União Européia?. S. 34