Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Freideg ass de fënneften Dag vun der Woch, no jiddesch-chrëschtlecher Siicht de sechsten.

Den Numm vun dësem Dag ass warscheinlech vun der germanescher Gëttin vun der Léift Freya ofgeleet, wat den Äquivalenter am romanesche Sproochraum (fr.: vendredi, it.: venerdi, sp.:: viernes) entsprieche géif, déi vum Laténgeschen Dies Veneris - "Dag vun der Venus" - ofgeleet sinn.

Vereenzelt Quelle féieren den Numm op d'germanesch Gëttin Frigg zeréck.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Freideg – Biller, Videoen oder Audiodateien