Loschbur-Mann ginn déi stierflech Iwwerreschter vun engem Mënsch genannt, déi de 7. Oktober 1935 bei Reiland am Dall vun der Schwaarzer Iernz, ënner engem Abri sous roche fonnt goufen, wou e begruewe gi war. Wéinst dem Lëschbur niewendrun krut en den Numm Loschbur-Mann oder Loschbur-Mënsch (och alt als Loeschbour oder Loschbour geschriwwen). D'Graf gouf vum Charles Weber entdeckt, deen zesumme mam Nicolas Thill a Marcel Heuertz am Mëllerdall no prehistoresche Spuere gesicht huet.

D'Sklett vum Loschbur-Mann
Den Abri sous roche wou de Loschbur-Mann fonnt gouf (méi genee: ënner dem Fiels lénks vum Poul mam Schëld).

Et handelt sech ëm de Sklett vun engem erwuessene Mann, dee viru ronn 8000 Joer gelieft huet. De Loschbur-Mann war 1,60 Meter grouss an hat e Gewiicht vun tëscht 58 an 62 Kilogramm. Wéi e gestuerwen ass, war en tëscht 34 a 47 Joer al. Hien hat donkel Hoer (brong oder schwaarz) a blo Aen. Dat konnt bei enger Analys vun der DNA festgestallt ginn, vun där Spueren an engem Bakzant konnten isoléiert ginn.[1]

Déi dräi Fuerscher, de Jean-Michel Guinet an den Dominique Delsate vum Naturmusée an de Foni Le Brun-Ricalens vum Centre national de recherche archéologique (CNRA), hu bei engem gréisseren internationale Projet matgeschafft, bei deem et drëms goung erauszefannen, vu wou a wéini d'Virfare vun den Europäer hierkéimen. Bis dohi war gewosst, datt zanter ongeféier 45.000 Joer Jeeër a Sammler, déi vu Klengasien hierkomm waren, do gelieft hunn, an eng zweet "Well" vu Mënschen aus Mesopotamien viru ronn 7.000 Joer derbäikoumen, déi Akerbau kannt a praktizéiert hunn. D'Gen-Analys vu verschiddene Skletter huet elo gewisen, datt duerno nach eng drëtt Grupp derbäikoum, déi aus dem nërdlechen eurasiatesche Raum hierkoum. Beim Loschbur-Mann konnte keng Spuere vun där Grupp a senge Genen nogewise ginn.[2] D'Resultater vun där Fuerschung goufen am September 2014 an der Zäitschrëft Nature publizéiert.[3]

Mëttlerweil goufen an den Archive vun der deemoleger Loschbur-Ausgruewung d'Iwwerreschter vun enger erwuessener Fra fonnt, déi 1000 Joer méi al ass wéi de Loschbur-Mann an domat ëm 9000 Joer al ass. Domat huet 2015 de Loschbur-Mann säin Titel als "eelste Lëtzebuerger" un d'Loschbur-Fra verluer.

Literatur

änneren
  • Lazaridis, J. et al., 2014. Ancient human genomes suggest three ancestral populations for present-day Europeans. Nature 513: 409-413. [Den Artikel huet 104 Auteuren, dorënner déi zwéi lëtzebuergesch Fuerscher J.-M. Guinet an D. Delsate].
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 72-73.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. "Le «premier Luxembourgeois» a livré plus de secrets que prévu: Le nouveau visage de l'homme de Loschbour." wort.lu, publié le mercredi 17 septembre 2014 à 19:00.
  2. Paul Rincon: "Europeans drawn from three ancient 'tribes'." bbc.co.uk, 17 September 2014 Last updated at 17:46 GMT.
  3. * "Ancient human genomes suggest three ancestral populations for present-day Europeans." Nature 513, 409–413 (18 September 2014).