Vereent Natiounen

global international Organisatioun

D'Vereent Natiounen (en: United Nations oder UN, dacks och als Uno fir United Nations Organization ofgekierzt; fr: Organisation des Nations unies oder ONU) ass eng global international Organisatioun. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop uecht ze ginn, datt d'Mënscherechter agehale ginn.

Fändel vun de Vereenten Natiounen
d'Memberstaaten

D'Vereent Natioune versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.

2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de Kofi Annan, de Friddensnobelpräis fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.

Grënnung änneren

 
Den Churchill an de Roosevelt op der HMS Prince of Wales (1941)

D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a Kricher ze verhënnere gouf déi éischt Kéier a Form vum Vëlkerbond (1920-1946) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natioune war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'USA an d'Sowjetunioun, waren ni Member oder sinn, wéi Däitschland a Japan, spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom Zweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.

Nach wärend dem Krich, de 14. August 1941, hunn den US-amerikanesche President Franklin D. Roosevelt an de brittesche Premier Winston Churchill d'Atlantik-Charta proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen. An der Declaration by United Nations vum 1. Januar 1942 beruffe sech 26 Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.

D'Verhandlungen iwwer eng zukënfteg international Organisatioun ginn nach emol 1944 op der Konferenz vun Dumbarton Oaks, bei Washington, tëscht Vertrieder vu China, Groussbritannien, der Sowjetunioun an den USA intensivéiert a konkreetiséiert.

Nodeem zentral nach méi ëmstridde Punkten am Februar 1945 op der Konferenz vu Jalta gekläert konnte ginn, gëtt d'Charta vun de Vereenten Natiounen deklaréiert. D'Charta gouf de 26. Juni 1945 vu 50 Staaten zu San Francisco ënnerschriwwen an ass de 24. Oktober 1945 a Kraaft getrueden. Polen ass als 51. Grënnungsmember spéider bäikomm.

D'Charta vun de Vereenten Natiounen änneren

D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaaten opgronn vum Droit international public.

An der Charta sinn d'Ziler a Reegelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun der UNO festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Vëlkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore geprägt.

D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.

Memberen änneren

 
D'Fändele vun den UNO-Memberstaaten zu Genève

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Membere vun de Vereenten Natiounen.

2017 hat d'UNO 193 Memberstaate mat gläichberechtegt Stëmmrecht an der UNO-Vollversammlung. Domat sinn d'Vereent Natioune virun der Organisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht déi gréisst tëschestaatlech Organisatioun op der Welt. Als lescht Land ass de Südsudan am Juli 2011 Member ginn. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Reegele vun de Vereenten Natioune verflichten.

E puer Länner, déi net vun alle Staaten unerkannt ginn, si kee Member an der Vereenten Natiounen, wéi zum Beispill Taiwan, de Kosovo oder Abchasien a Südossetien. De Grënnungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis 1971 am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'Volleksrepublik China misse fräimaachen.

De Vatikan a Palestina hunn Observateurstatus ouni Walrecht.

Organisatioun a Fonctionnement änneren

 
Generalsekretär António Guterres
 
Sall vum UNO-Sécherheetsrot zu New York
 
UNO-Haaptsëtz zu New York

Haaptorganer änneren

D'Vereent Natiounen hu sechs Haaptorganer:

  • De Sécherheetsrot (Security Council; Conseil de sécurité) ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen. China, Russland, Frankräich, Groussbritannien an d'USA sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirekt Vetorecht. Déi aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
  • D'Generalversammlung (General Assembly; Assemblée générale). All Memberstaat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
  • D'Generalsekretariat (Secretariat; Secrétariat): geréiert a representéiert d'Organisatioun. De Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen‎ ass den héchste Beamten an der Administratioun vun de Vereenten Natiounen. Zanter Januar 2017 huet den António Guterres dës Funktioun.
  • Wirtschafts- a Sozialrot (Economic and Social Council; Conseil économique et social): huet eng consultativ Roll bei Froen zu der internationaler wirtschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
  • Den Internationale Geriichtshaff (International Court of Justice; Cour internationale de Justice): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestaatleche Streidereien.
  • De Conseil de tutelle (Trusteeship Council) huet seng Aarbecht an Tëschenzäit suspendéiert a kënnt just nach zesummen, wann e gebraucht gëtt.

Niewenorganer a spezialiséiert Agencë änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den UNO-Organer.

Nieft dëse sechs Haaptorganer gëtt et eng Rëtsch vun net-politesch spezialiséierten Niewenorganisatiounen an Agencë.

Sëtzer a Sproochen änneren

Hiren Haaptsëtz hunn d'Vereent Natiounen zu New York. Den Terrain laanscht den East River gouf vum John Davison Rockefeller Junior gestëft an zanter 1951 sinn hei fënnef vun deene sechs Haaptorganer doheem.

Donieft huet d'Sekretariat nach dräi Büroen, jeeweils zu Genève an der Schwäiz (UNOG), zu Wien an Éisträich (UNOV) an zu Nairobi am Kenia (UNON).

Den Internationale Geriichtshaff huet säi Sëtz zu Den Haag an Holland.

Änlech wéi d'Ambassadë sinn d'Sëtzer vun de Vereenten Natiounen exterritorialt Gebitt.

D'Vereent Natiounen hu sechs offiziell Sproochen an déi all Dokument, Resolutioun a Protokoll iwwersat gëtt: Arabesch, Chineesesch, Englesch, Franséisch, Russesch a Spuenesch. Aarbechtssprooch sinn Englesch a Franséisch.

Finanzéierung änneren

D'Vereent Natioune finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat bäisteiere ka läit bei 22%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen.

2017 hat d'UNO e reguläre Budget vu 5,6 Milliarden US-Dollar an e Budget vu 7,3 Milliarden USD fir Friddensmissiounen (Juli 2017 bis Juni 2018). Gréisst Geldgiewer fir de reguläre Budget 2016-18 sinn d'USA (22%), Japan (9,68%), China (7,92%), Däitschland (6,39%) a Frankräich (4,86%). Beim Budget 2016-18 fir d'Friddensmissioune waren et nees d'USA (28,47%), China (10,25%), Japan (9,68%), Däitschland (6,39%) a Frankräich (6,29%).[1]

Spezialprogrammer (wéi z. B. d'UNICEF) ginn entweeder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Vereent Natiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. diplomatie.gouv.fr: Infographie: le financement des Nations unies, contributions et priorités de la France (September 2017)