Superjhemp
De Superjhemp ass eng Lëtzebuerger Comicsserie mam Protagonist mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
An all Episod muss de Superjhemp d'Land Luxusbuerg virun engem oder méi Béise retten, wéi dem Filip von Filoux, dem Jessica Jaguar oder anere Polit-Terroristen. A sengen Aventurë begéint een ëmmer erëm Karikature vu verschiddene bekannte Lëtzebuerger, an och déi lëtzebuergesch an international Aktualitéit vum viregte Joer gëtt dodra verschafft.
2006 waren am Ganzen 185.000 Exemplaire verkaf ginn (déi zwéin éischt Bänn haten an deem Ament jeeweils 15.000 Keefer fonnt)[1]. Et ass domat dat meescht verkaaft Buch op Lëtzebuergesch.
2015 gouf d'Serie mat engem Spin-off ersat, de Littel Superjhemp.
Am Oktober 2018 koum De Superjhemp retörns vum Félix Koch eraus, e Spillfilm, deen op de Figuren aus der Superjhemp-Serie baséiert.
Am Juni 2023 gouf zu Miersch eng 500 Kilo schwéier bronze Statu vum Superjhemp, vun der Kënschtlerin Katarzyna Kot, opgestallt.[2]
Am November 2024 koum mat Superjhemp contre l'exploseur (Nantes: Patayo Editions) deen éischte Band a franséischer Iwwersetzung eraus.[3]
Albumen
änneren- 01 De Superjhemp géint de Bommeléer, November 1988
- 02 Dynamit fir d'Dynastie, November 1989
- 03 D'Affär vum Jorhonnert,November 1990
- 04 Den Dossier Hexemeeschter, November 1991
- 05 Panik am Studio 4!, November 1992
- 06 Superjhemp contra Superjhemp, November 1993
- 07 D'Geheimnis vun der Waliss, November 1994
- 08 Requiem fir de Superjhemp, September 1995
- 09 Operatioun Grouss Botz, November 1996
- 10 Geheimcode Bloë Stär, November 1997
- 11 Aktioun Réiserbunny, Mäerz 1998
- 12 D'Patte wech vum Luxonit!, November 1998
- 13 Terror ëm den Troun, November 1999
- 14 Lescht Chance fir Luxusbuerg, November 2000
- 15 Alarm Am Örozuch, November 2001
- 16 S.O.S. Cosa Mia, November 2002
- 17 D'Aaxt vum Béisen November 2003
- 18 De Fluch vun der 23 November 2004
- 19 Countdown fir Kachkéisien!, November 2005
- 20 Déck Mënz fir de Prënz, Dezember 2006
- 21 De Superjhemp an déi grouss Gefor, November 2007
- 22 Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel!, Oktober 2007
- 23 De Kinnek vun Öropa, November 2008
- 24 Cräsh am Paradäis!, November 2009
- 25 De Superjhemp géint de Kriseriis!, Dezember 2010
- 26 Méga-Menace fir de Vëlos-Ass!, Dezember 2011
- 27 Bëssegt blot Blutt, November 2012
- 28 Aventuren am Schéine Stär an aner Geschichten, Mäerz 2014
- 29 Amnesie fir d'Monarchie, November 2014
Littel Superjhemp
änneren- 1 Vu Cliquen, Klucken a Klacken, 2013
- 2 Vu Geessen, Gussen a Gaassebouwen, 2016
Sammelbänn
änneren- Leiner, R., & Czuga, Lucien. (2001). De Superjhemp : Sammelband. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (enthält d'Albumen 1, 2 an 3) ISBN 2-919999-18-4
- Czuga, L., & Leiner, Roger illustrateur. (2006). De Superjhemp : Sammelband II. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (enthält d'Albumen 4, 5 a 6) ISBN 2-919999-36-2
Sonnerbänn
änneren- Leiner, R., & Czuga, Lucien. (2007). Kids, Kachkéis & Kuddelmuddel : 11 Geschichte mam Superjhemp. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (ISBN 978-2-919999-45-3)
Weider Publikatioune mam Superjhemp
änneren- De Superjhemp géint de Superdämp Den 31. Mee 1992 als Aktioun fir eng Aarbechtsplaz ouni Tubak.
- Leiner, R., & Czuga, Lucien. (2008). Luxusbuerger Lexikon : De Superjhemp vun A-Z. Lëtzebuerg: Éd. Revue.
- Leiner, R. (2009). Die Europäische Union verstehen : Mach dich schlau mit Superjhemp. Luxembourg: Publications Office.
- Leiner, R. (2012). Die Europäische Union verstehen : Mach dich schlau mit Superjhemp. Luxembourg: Publications Office.
- Heintz, Jessica. (2013). Kochen mit Superjhemp : 60 Rezepte mit Milchprodukten. Lëtzebuerg: Ed. Revue.
- Czuga, L., Leiner, Roger illustrateur, Lentz, Gilbert, Delosch, Erny, & Hirtt, André. (2010). De Superjhemp - Missioun Mëttelmier : Eng Geschicht mam Superjhemp fir déi 25. Näischtcroisière. Lëtzebuerg: Éd. Revue. (fir de 25. Anniversaire vun der Päischtcroisière, mat CD.) (ISBN 978-2-919999-59-0)
De Superjhemp soss doruechter
änneren- Am Film Trouble no more gëtt et eng Zeen, an där de Personnage Ray Guddebur als Superjhemp verkleet ass.
- D'Asbl Op Schéimerech huet am Summer 2010 en Theaterstéck opgefouert mam Titel De Superjhemp géint de Pnömonni.
- De 24. Oktober 2018 koum de Film ënner der Regie vum Félix Koch mam Titel Superjhemp retörns an de Kino.
Literatur
änneren- Jean-Marie Reding: "De Superjhemp – der Comic des kleinen Luxemburgers." In: forum 292, Dezember 2009.
- Revue Nr. 12 vum 19. Mäerz 2014, S. 18-23: Poznennö! - 25 Jahre Superjhemp (Interview mam Roger Leiner a Lucien Czuga)
- Claude D. Conter, Claude Kremer & Anouk Stephano. De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck. Ausstellungskatalog. De Verlaach & Centre National De Littértature, 2019. ISBN 978-2-919903-74-0. [Mat Bäiträg vun Jean-Jacques Arrensdorff, Paul Braconnier, Claude D. Conter, Lucien Czuga, Steve Hoegener, Claude Kremer, Benoît Majerus, Jean-Marie Reding, Robert Soisson, Yves Steichen an Anouk Stephano. Mat neien Zeechnunge vum Marc Angel, Andy Genen, Sabrina Kaufmann, Pascale Velleine, Pit Wagner. ISBN 978-2-919903-74-0
- Czuga, L., Vaz Palma, Ricardo, & Samsa Film. (2018). De Superjhemp Retörns : De Making Öf vum Film. Lëtzebuerg: De Verlaach.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Peporté P., S. Kmec, B. Majerus, et M. Margue, Representations of the past, space and language from the nineteenth to the twenty-first century, Amsterdam, Brill, 2010, p. 319
- ↑ "D'Coryse freet no: Eng Statu fir de Superjhemp." rtl.lu, 07.06.2023.
- ↑ "De Superjhemp géint de Bommeleeër op franséisch." rtl.lu, 14.11.2024.