Jacques Santer

lëtzebuergesche Politiker

De Jacques Santer, gebuer den 18. Mee 1937 zu Waasserbëlleg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Jacques Santer
Gebuer 18. Mee 1937
Waasserbëlleg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg,
Universiteit van Amsterdam,
Institut d'études politiques de Paris,
Stater Kolléisch,
Dikrecher Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Affekot, Banquier
Partei CSV
Famill
Bestuet mat Danièle Binot
Kanner Patrick Santer

No senger Première am Atheneum goung de Jacques Santer fir ee Joer op d'Cours supérieurs an duerno op d'Universitéite vu Stroossbuerg a Paräis, wou en Droit an Ekonomie studéiert huet.

Karriär änneren

Hien huet seng berufflech Karriär als Affekot ugefaangen. 1962 gouf en Attaché am Ministère vun der Sécurité sociale.

Tëscht 1966 an 1972 war e Fraktiounssekretär vun der CSV. 1972 gouf e Staatssekretär fir Sozial- a Kulturpolitik an der Regierung Werner-Schaus II.

1974 gouf de Jacques Santer Deputéierten am Europäesche Parlament, wouvun en tëscht 1975 an 1977 Vizepresident war.

1979 gouf de Jacques Santer President vun der CSV. No de Chamberwalen 1979 gouf e Finanzminister a Minister fir Aarbecht a Soziales an der Regierung Werner-Thorn-Flesch.

Nodeem de Pierre Werner sech 1984 aus dem politesche Liewen zeréckgezunn hat, ass de Jacques Santer, dee bei de Chamberwale vun deem Joer Spëtzekandidat vu senger Partei war, Premierminister vun enger Koalitiounsregierung mat der LSAP ginn. Des Koalitiounsregierung, mam Santer un der Spëtzt, gouf 1989 an 1994 vun de Wieler confirméiert.

De Jacques Santer war och vun 1984 bis 1989 Member vu Conseil de Gouvernance vun der Weltbank a vun 1991 bis 1994 Gouverneur vum Internationale Wärungsfonds.

1995 gouf de Jacques Santer vum Europäesche Conseil zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt; hien ass déi Funktioun am Januar 1996 ugetrueden.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kommissioun Santer.

E Rapport, deen d'Responsabilitéit vun der Kommissioun bei der Bekämpfung vu Bedrugsfäll a Fro gestallt huet, huet de 15. Mäerz 1999 dozou gefouert, datt d'Kommissioun huet missen zerécktrieden.

Vun 1999 bis 2004 war de Jacques Santer Deputéierte vum Europäesche Parlament a vun 2002 bis 2004 ee vun de Lëtzebuerger Membere vun der Europäescher Konventioun.

Zanter 1998 ass de Jacques Santer President vum Verwaltungsrot vun der Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Am Summer 2004 gouf e President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA als Nofollger vum Gaston Thorn.[1]. Hien ass och Member vum Verwaltungsrot vun der RTL Group, zanter 2001 vun der General Mediterranean Holding[2] an zanter 2009 President vun der A.s.b.l. The Institute for Global Financial Integrity, déi vu Sandstone gegrënnt ginn ass.[3] Hie war am Verwaltungsrot vun der UniCredit Luxembourg.

De Jacques Santer ass Wittmann[4] a Papp vun zwéin erwuessene Jongen, wourënner de Patrick Santer.

Gielercher[5] änneren

Literatur änneren

  • Haag, Emil: Jacques Santer *1954, de la présidence du gouvernemet à celle de la Commission européenne In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 542-549); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • Schmitt, Anne, 2005. Jacques Santer: portrait intranquille. 203 p. Éd. Saint-Paul, Luxembourg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jacques Santer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Jacques Delors
President vun der Europäescher Kommissioun
1995 - 1999
Nofollger:
Manuel Marin
Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Nicolas Mosar 1972 - 1974 Jean Weber

Referenzen änneren

  1. Board of Directors op rtlgroup.com
  2. Board of Directors op gmhsa.com (gekuckt 2013-03-03).
  3. Board of Directors op ligifi.org (gekuckt:2013-03-03).
  4. "Danièle Santer-Binot gestorben." wort.lu, 09.03.2011 16:59.
  5. Portrait vum Jacques Santer op der Websäit www.amfie.org Archivéiert op 2013-09-07. Gekuckt de(n) 2013-01-12.
  6. Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.
  7. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022