De Schetzel war e Klausener, deen am 12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud an enger Klaus am Gréngewald bei Lëtzebuerg gelieft huet.

Schetzelklaus
D'Plaz virun der Hiel vum Schetzel am Gréngewald
An anere Sproochen fr: Ermitage de Schetzel
de: Schetzelklause
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Steesel
Buergermeeschter Fernand Marchetti (LSAP)
Koordinaten 49° 40’ 02.8’’ N
      06° 11’ 31.8’’ O


Dem Schetzel seng Hiel.
Bannen an der Grott. Riets de Schetzel, lénks den hl. Achardus.
D'Tak mam Schetzel vum Edmond Lux. Lénks steet: Hl Schetzel + (D'Tak ass ënne lénks signéiert, EL 74)

De Schetzel ass 1138 oder 1139 gestuerwen.

Aner Nimm ënner deenen hie bekannt war: Schetzelo[1], Ghislenus, Gosselinus, Gezzelinus; op Franséisch: Scocelin, Ghislain, Goslin, Jocelin.

Nom Schetzel sinn de Schetzelbur an d'Schetzelbaach genannt, déi eng ronn 200 Meter vun der Schetzelhiel ewech leien.

Säi Liewen änneren

De Schetzel ass wuel en Zisterzienser gewiescht a koum warscheinlech aus der Abtei vun Orval[1]. Hien huet sech an enger Klaus am Gréngewald zeréckgezunn fir do als strenge Béisser ze liewen an ze bieden an dem Här no ze sinn. Vill Leit hunn hien ëm säi Rot gefrot.

Hien huet an enger Hiel gelieft an op dem plakege stengene Buedem geschlof. Als Kascht hat hien d'Planzen aus dem Bësch an d'Waasser aus enger Baach, déi hir Quell ronn 200 m vu senger Hiel ewech huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schetzelbaach.

Wéinst den uerge Wanteren huet de Schetzel a senge leschte Joren de Bësch nuets verlooss an huet a Bauerenhaiser an der Géigend geschlof an Iessen ugeholl, fir net vun Honger ze stierwen.

Schonn zu senger Liefzäit war de Schetzel an der ganzer Ëmgéigend bekannt a veréiert, wat sech no sengem Doud iwwer d'Joerhonnerten eraus bis haut erhalen huet.

De Schetzel ass den 11. August 1138 oder 1139 gestuerwen. Seng kierperlech Iwwerreschter louchen an der Kierch vun der Abtei Almënster an der Stad Lëtzebuerg, wou se véier Joerhonnerte laang veréiert goufen. Zanter 1543, wéi d'Abtei am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert gouf, si seng Iwwerreschter verschwonnen.

D'Hiel am Gréngewald, déi natierlech am Sandsteen entstanen ass, war laang verschott. Si ass am 19. Joerhonnert vum deemolege Paschtouer vu Weimeschkierch, dem Jean Klein, nees fräigeluecht ginn. Si ass eng 3 m breet, 2,5 m déif an 2,5 m héich.

Well de Schetzel de 6. August säin Namensdag huet, huet de Vincent Krier an den 1960er Joren, wéi hie Paschtouer vun Hueschtert war, den 2. Sonndeg am August fir alljärlech Schetzelfeier am Gréngewald gewielt.

De Schetzel gëtt dacks als helleg bezeechent, dat obschonn d'kathoulesch Kierch hien ni helleg, an och net séileg gesprach huet. D'Vollek huet him deen Titel ginn, wat d'Kierch toleréiert huet.

D'Plaz haut änneren

Haut ass nach d'Hiel ze gesinn an där eng Kapell amenagéiert ass. Obwuel se um Gebitt vun der Gemeng Steesel läit, gëtt d'Kapell vun der Par Iewescht Syr Saint-Esprit geréiert. An der Grott stinn e Kräiz an zwou Statuen, déi vum Schetzel an déi vum hl. Achardus. D'Statue si vum Josy Jungblut.

Um Fiels nieft der Hiel gesäit een

  • eng modern Tak déi de Schetzel duerstellt. D'Tak ass vum Edmond Lux.
  • eng stenge Plackett mat engem Text iwwer d'Liewe vum Schetzel.

Virun der Hiel stinn

  • en Altor aus Holz[2]
  • fënnef Reie mat allkéiers dräi permanent installéierten hëlze Bänken[2]
  • e Weekräiz mat der Joreszuel 1882.

Op der Lëtzebuerger topographescher Kaart (23 Luxembourg) ass d'Klaus mat Ermitage de Schetzel an de Beräich ronderëm mat Schetzelklaus agedroen.

D'Plackett um Fiels bei der Hiel änneren

Op der Plackett steet op Däitsch geschriwwen (hei iwwersat):

"Den Hl.* Schetzel, deen aus der Géigend vun Tréier staamt, huet déi 14 lescht Jore vu sengem strenge Klausliewen an dësem verloossene Bësch verbruecht. Jiddweree wäert e bewonneren, vill wäerten em noäiferen, kee wäert en nomaachen. Den Hellege Bernhard, Abt vu Clervaux* († 1149)* huet duerch Vertrauenspersounen den Hl. Schetzel opsichen a beschenke gelooss. Den Zisterzienserpater Hl. Achardus war iwwerglécklech fir den hellege Klausbrudder ze gesinn a mat him ze schwätzen. Den Hl. Schetzel ass ëm d'Joer 1139 gestuerwen a gouf an der Abtei vun Eiser Léiwer Fra zu Lëtzebuerg begruewen. Zanter der Zerstéierung vun Almënster sinn déi wäertvoll Iwwerreschter vum Hellege spuerlos verschwonnen. Hellege Schetzel léier a beschütz eis!"

*) Op där Plackett stinn dräi Feeler: (1) Den Hl. Bernhard ass net 1149, mä 1153 gestuerwen an (2) hie war Abt vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (a Frankräich), net ze verwiessele mat dem lëtzebuergesche Clervaux, Klierf, wou eng Benediktinerabtei ass. (3) De Schetzel ass ni vun der Kierch helleggesprach ginn.

Wéi ee bei d'Klaus kënnt änneren

D'Schetzelhiel läit um Wee vum circuit auto-pédestre duerch de Gréngewald, dee vum Waldhaff aus fort geet.

Mam Auto erreecht een d'Plaz am Beschte vun der Iechternacherstrooss (E29/N11) aus: wann ee vum Waldhaff a Richtung Jonglënster fiert, béit een zirka 1 km nom Waldhaff, genee do wou d'Strooss vun 2 op 3 Spueren iwwergeet, no lénks of an e ronn 30 m laange goudronéierte Wee, wou een den Auto parke kann.

Vum geparkten Auto aus geet et dann iwwer de Bëschwee zu Fouss erof weider, zirka 800 m, de Schëlter no, bei d'Schetzelhiel.

Historesches änneren

  • Iwwer d'Liewe vum Schetzel gëtt et nëmmen eng eenzeg zouverlässeg historesch Quell, an zwar den Text deen de Brudder Herbert vun der Zisterzienserabtei Clairvaux (Frankräich) no dem mëndleche Rapport vum hl. Achardus niddergeschriwwen huet (Heriberto de miraculis s. Bernardi, libri 3, lib. 1, cap. 6). Den Achardus huet, op senger Rees vu Clairvaux op Immerode an der Äifel, de Schetzel opgesicht fir hie kennen ze léieren an him Geschenker z'iwwerreechen (haaptsächlech Kleeder). All aner Berichter sinn duerno entstanen an als Legenden unzegesinn.
  • Den Achardus insistéiert drop, de Schetzel als gléckleche Mann erlieft ze hunn, deen op all materiell Wäerter verzicht huet, a sech jorelaang nëmme vu Planzen aus dem Bësch erniert huet. Eréischt an de véier leschte Wantere viru sengem Doud huet hien Iesse vun de Baueren aus der Ëmgéigend ugeholl.
  • De Schetzel gouf bei senger Hiel begruewen. Zwee Joer drop huet den Abt Folmare seng Iwwerreschter an d'Abtei Almënster brénge gelooss, wou se an enger Doudelued aus Sëlwer virum Haaptaltor an der Klouschterkierch ënnerbruecht goufen. Do goufen d'Reliquie vum Schetzel ronn 400 Joer laang veréiert.
  • 1543 gouf d'Abtei Almënster am franséisch-spuenesche Krich zerstéiert. Zwar hat den Abt Johannes Harder virdrun all wäertvoll Objeten op Tréier a Sécherheet brénge gelooss, déi sëlwer Doudelued awer ass zeréckbliwwen a gouf vun den Zaldoten zerluecht. Ob déi kierperlech Iwwerreschter vum Schetzel, wéi déi vum Jang de Blannen, och a Sécherheet bruecht goufen, ass net bekannt. Si gëllen zanterhier als verschollen.

De Schetzelkult am Gréngewald an den Amenagement vun der Grott änneren

D'Veréierung vum Schetzel am Gréngewald ass an der Mëtt vum 19. Joerhonnert erëm opgelieft, nodeem d'Schetzelhiel nees fräigeluecht gouf.

  • 1860 huet de Staatsarchitekt Charles Arendt eng Beschreiwung an zwou Skizze vun der Schetzelhiel verëffentlecht.
  • Ëm 1915 gouf op Uweisung vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde en Eisegitter an der Entrée vun der Grott opgeriicht an zwou polychroméiert Statuen aus Terracotta an der Hiel opgestallt: vum Schetzel a vum hl. Achardus. Déi Statue si spéider verschwonnen.
  • 1948 goufen zwou nei Statuen aus Steen vum Sculpteur Claus Cito opgestallt, en neit Gitter, aus Holz, installéiert, an eng stenge Plack mat engem Text iwwer d'Liewe vum Schetzel lénks vun der Grott um Fiels befestegt.
  • Béid Statue goufen 1969 duerch Vandalen zerstéiert, awer am selwechte Joer duerch zwou neier, vum Sculpteur Josy Jungblut, ersat. Den 9. August 1970 goufe si vum Bëschof Jean Hengen, deen duerno op der Plaz d'Mass mat Priedegt gehalen huet, feierlech geseent. Béid Statue kann een haut an der Grott, lénks a riets vum Kräiz, gesinn.
  • 1974 huet de BBC Gréngewald eng modern Tak, déi vum Edmond Lux realiséiert gouf, géisse gelooss.

De Schetzel an der Kathedral zu Lëtzebuerg änneren

An der Kathedral gëtt zweemol un de Schetzel erënnert:

  • An der Fënster „Regina Confessorum“ (drëtt Chouerfënster vu riets),
  • Als Statu iwwer dem Säiteportal.

Nom Schetzel genannt änneren

  • Zu Weimeschkierch ass eng Strooss nom Schetzel genannt (rue Schetzel). Si verbënnt d'rue des Sources mat der rue de Kirchberg. Hiren Numm krut se duerch eng Decisioun vum 16. Mee 1925 vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[3]
  • Zu Ueweraanwen gëtt et och eng Schetzel-Strooss, se verbënnt d'rue du Scheid mat der Iernsterstrooss.

De Schetzel an der Literatur änneren

De Wilhelm Weis (1894-1964) huet e Roman mam Titel Knecht der Liebe iwwer d'Liewe vum Schetzel geschriwwen.

Literatur änneren

  • Arendt , C., 1860. Brief über die Schetzel-Grotte. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le grand-duché de Luxembourg vol. XV (année 1859). S. 224, pl. VI.
  • Henri Beck, 2001. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (Rue Schetzel). ons stad 66, S. 25. PDF
  • Luscombe D. & J. Riley-Smith: Schetzel the Hermit in The New Cambridge Medieval History, Vol. IV, Säit 353.
  • Muller, J.-C., 2013. Un ermite luxembourgeois contemporain de saint Bernard: le bienheureux Schetzel(on)/Gezzelinus/Scotelinus/Gôssê. In J.-C. Muller (éd.): Ermites en Europe et au Duché de Luxembourg d'Ancien Régime. Actes du Colloque de Schengen 7 & 8 III 2003: 17-32. Imprimerie Heintz, Péiteng.
  • Schumacher, J. 1984. Sankt Schetzel. In: Niederanven I. Beiträge zur Geschichte einer großen Gemeinde. S. 79. Erausgi vun der Gemengeverwaltung Nidderaanwen (ouni Indikatioun vum Publikatiounsjoer). Dréckerei Fr. Faber, Miersch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schetzel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Quell: Informatiounspanneau am Gréngewald
  2. 2,0 2,1 Den Altor an d'Bänke sinn am Summer 2018 ersat ginn
  3. Henri Beck, 2001.