Gustav Simon

nationalsozialisteschen däitsche Politiker

De Gustav Johannes Simon, gebuer den 2. August 1900 zu Malstatt-Burbach, haut am Regionalverband Saarbrücken, a gestuerwen den 18. Dezember 1945 zu Paderborn,[1] war als NSDAP-Gauleiter "Moselland" anengems de Chef der Zivilverwaltung (CdZ) vun 1940 bis 1944 zu Lëtzebuerg, dat déi Zäit vun Nazidäitschland besat war.

Gustav Simon
Gebuer 2. August 1900
Saarbrécken
Gestuerwen 18. Dezember 1945
Paderborn
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Goethe-Universitéit Frankfurt
Aktivitéit Politiker
Partei NSDAP

Seng Originnen, Ausbildung a berufflech Aktivitéit

änneren
 
De Simon am Familljekrees.

Dem Gustav Simon säi Papp war Eisebunnsbeamten, seng Eltere ware vu klenge Baueren aus dem Honsréck hier. De Simon ass zu Saarbrécken an d'Primärschoul gaangen an duerno huet hien zu Merzig fir Schoulmeeschter geléiert. Mä, obschonn hien den Diplom hat, gouf hien net ernannt. Dunn huet en decidéiert, fir säi Premièresexamen nozemaachen. An där Zäit huet e bei der Eisebunn a bei der Douane ausgehollef. No senger Première huet hien op der Universitéit zu Frankfurt am Main Ekonomie gemaach. 1927 krut hie säin Diplom als Ekonomieprofesser an huet zu Völklingen geschafft. D'Joer drop huet en opgehale mat Schoul halen an huet ugefaangen haaptberufflech fir d'NSDAP ze schaffen.

Schonn 1923 war de Simon am Comité vun enger "Völkischen Hochschulgruppe" zu Frankfurt. De 14. August 1925 gouf hie Member vun der NSDAP, Membersnummer 17 017[2],[3]. Mat enger Memberskaart ënner 100.000 war hien ee vun den "Alten Kämpfer", deem dat "Gëllent Parteiofzeechen" automatesch zougestanen huet. 1926 huet hien zu Hermeskeil d'Ortsgruppe vun der NSDAP gegrënnt. Kuerz drop huet en d'“Hochschulgruppe Frankfurt“ vum Nationalsozialistischen Deutschen Studentenbund gegrënnt. 1927 gouf de Simon op der Uni Frankfurt mat Majoritéit vun de Studenten als éischten nationalsozialistesche President vum Allgemeinen Studenten-Ausschuss (AStA) gewielt.

Scho wärend sengem Studium war hie ganz aktiv fir d'NSDAP, an en huet am Honsréck eng Partie vun Ortsgruppe gegrënnt. Sou gouf hien och do vun den eegene Leit als Gëftzwerg vun Hermeskeil betitelt.[4] Vun 1929 un ass et séier eropgaangen an der Parteihierarchie: De Simon war kuerz hannerenee Bezierksleeder vun der NSDAP, Conseiller zu Koblenz an Deputéierten am "Rheinischen Provinziallandtag". 1930 gouf hie fir de "Wahlkreis Koblenz-Trier" Deputéierten am Reichstag. Den 1. Juni 1931 gouf de Simon vum Hitler zum Gauleiter vum nei geschaafte Gau Koblenz-Trier ernannt. Am Géigesaz zu bal alle Gauleitere war de Simon net Member vun der SA oder vun der SS, mä hie war Obergruppenführer vum "NSKK", dem Nationalsozialistesche Kraftfahrerkorps.

De Simon a Lëtzebuerg

änneren

Nom Iwwerfall den 10. Mee 1940 stoung Lëtzebuerg am Ufank ënner der Militärverwaltung vum däitsche Militärbefehlshaber von Belgien und Nordfrankreich, dem Generol Alexander von Falkenhausen.

Déi Phas vun der Okkupatioun war den 2. August 1940 eriwwer, wéi den Hitler duerch en Arrêté de Gustav Simon zum Chef der Zivilverwaltung, CdZ nominéiert huet. Den CdZ ënnerstoung direkt dem Reichskriegsminister, also dem Adolf Hitler selwer den dee Ministère 1938 iwwerholl hat. Als säi Vertrieder an dëser Funktioun hat hien de Regierungspresident vun Tréier, den Heinrich Siekmeier. Hinnen hir Aufgab war, déi ganz Staatsadministratioun vum Groussherzogtum an eng däitsch ëmzeänneren, a Lëtzebuerg zu engem Bestanddeel vum Däitsche Räich ze maachen.

Den Doud vum Gustav Simon

änneren
 
Doudeschäi vum Gustav Simon

Bei Krichsenn ass de Simon ënner dem Meederchersnumm vu senger Mamm am westfäleschen Upsprunge ënnergedaucht, wou hie sech als Gäertner verdangt huet. Den 10. Dezember 1945 gouf hien do vun engleschen Zaldote festgeholl a mat an de Prisong op Paderborn geholl.

Iwwer dem Simon säin Doud gouf a gëtt et zu Lëtzebuerg an an Däitschland zanter Enn 1945 vill widderspréchlech Rumeuren. Bei de Widderspréch geet et virun Allem dorëm, wou e gestuerwen ass an ënner watfir Ëmstänn.

Am Kär geet et eigentlech ëm zwou Versiounen: déi offiziell Versioun nennt als Plaz vum Doud Paderborn (cf. Doudeschäi vum État civil vu Paderborn, Bild op dëser Säit). De Simon soll sech do, am vun der englescher Arméi geleete Prisong, kuerz viru senger Ausliwwerung op Lëtzebuerg erhaangen hunn. Wat op deem Dokument opfält, dat ass, datt d'Registréiernummer 66/1946 eréischt am Februar 1946, also sou zwéi Méint nom Doudesdatum, agedroe gouf.

Der zweeter Versioun no wier de Simon zu Lëtzebuerg gestuerwen. Déi englesch Besatzungsadministratioun hätt nämlech hiren Accord ginn, fir de Simon auszeliwweren, an hie wier vun zwéi Lëtzebuerger mat engem Auto vu Paderborn op Lëtzebuerg bruecht ginn, fir sech do viru Geriicht ze veräntwerten. Kuerz virun der Stad wier et beim Waldhaff zu engem vum Simon provozéierten Tëschefall komm, bei deem hien ëmbruecht gi wier. Dem Simon seng Läich wier am Prisong am Gronn ofgeliwwert an do e puermol vun der Press fotograféiert ginn, ier se begruewe gi wier. Dem Simon säi virzäitegen Doud hätt de geplangte Prozess verhënnert. Fir déi onerwaarten Affär ze vertuschen, wieren d'Medien — ënner anerem d'Agence DANA (Deutsch-Amerikanische Nachrichtenagentur) an d'Tageblatt — vum brittesche Captain Hanns Alexander mat gestallten Informatiounen iwwer de "Selbstmord zu Paderborn" versuergt ginn.[5]

Eng jett historesch Etüde soen, datt dës Versioun vum Simon sengem Doud aus der Loft gegraff wier.[6]

2014 koum eng nei Publikatioun eraus, déi der Thees vun enger Hiriichtung/Ermuerdung neien Opdriff gëtt: Deemno hätt den Hanns Alexander mat der Hëllef vu siwe Lëtzebuerger de Gustav Simon an engem Bësch zu Paderborn higeriicht.[7]

Literatur

änneren
  • Dostert, Paul: Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940-1945. Diss. Freiburg, Luxembourg 1985.
  • Schneider, Volker: Gauleiter Gustav Simon, der "Moselgau" und das ehemalige SS-Sonderlager/KZ Hinzert. In: Hans-Georg Meyer/Hans Berkessel (Hg.): Die Zeit des Nationalsozialismus in Rheinland-Pfalz. Für die Aussenwelt seid ihr tot. Hermann Schmidt, Mainz 2000, Bd. 2, S. 276-307, ISBN 3874394549.
  • Spang, Paul: Gustav Simons Ende. In: Hémecht. Zeitschrift für Luxemburger Geschichte. Revue d'histoire luxembourgeoise 44 (1992) 3, S. 303-317.
  • Kienast, E. (Hg.): Der Grossdeutsche Reichstag. IV. Wahlperiode, Beginn am 10. April 1938, verlängert bis zum 30. Januar 1947. Berlin 1943.
  • Arndt, Ino: Luxemburg. In: Wolfgang Benz (Hg.): Dimension des Völkermords. Die Zahl der jüdischen Opfer des Nationalsozialismus. Quellen und Darstellungen zur Zeitgeschichte, herausgegeben vom Institut für Zeitgeschichte, Band 33, R. Oldenbourg Verlag, München 1991, S. 95-104, ISBN 3486546317.
  • Krier, Émile, Gustav Simon (1900 - 1945), in Rheinische Lebensbilder. - Köln: Rheinland-Verl., cop. 1997. - Bd 16, S. 255-285.
  • Revue Nr. 45 vum 6.11.2013 S. 16-22, Laurent Graaff: Die Jagd auf Gauleiter Simon - Jagd quer durch Deutschland.

Referenzen

änneren
  1. G. Hausemer (2006): Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z. Luxembourg, Éditions Binsfeld, S. 397.
  2. Paul Dostert: Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe, ISP 1985, S.70
  3. Hans Peter Klauck: Gustav Simon, der Satrap aus Saarbrücken, Gauleiter des Mosellandes [1]
  4. L.W. vum 28. Januar 2000, Säit 19.
  5. Karl Höffges: Hitlers politische Generale, Die Gauleiter des Dritten Reiches. 2., überarb. u. erw. Aufl., Grabert, Tübingen 1997, 432 S. (1. Aufl.: Tübingen 1986, 421 Seiten).
    Hans Peter Klauck: Gustav Simon, der Satrap aus Saarbrücken, Gauleiter des Mosellandes. Saarbrücker Hefte, Nr. 95, 2006. [2]
  6. A. Schaack: Le suicide du Gauleiter face aux légendes historiques: La mort du Gauleiter Gustav Simon. Die Warte 2009, Nr. 10 (19. März): 2-3.
    Spang 1992, cf. Literatur.
    P.J. Muller: Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vlg. "De Frendeskres" u. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg 1968, S. 410.
    Kuckt och:
    Gustav Simon beging Selbstmord: Der Ex-Gauleiter, nach abenteuerlicher Jagd gefaßt, erhängte sich im Gefängnis zu Paderborn und wurde gestern früh als Leiche nach Luxemburg gebracht. Luxemburger Wort, Nr. 355, 21. Dezember 1945, S. 1-2. [3]
    Gauleiter Simon verübte Selbstmord in Paderborn: Er ist auf jene erbärmliche Art geschieden, die ihm bestimmt war: durch den Strick - Besichtigung der Leiche im Grundgefängnis - Auch Oberbürgermeister Hengst in Luxemburg inhaftiert. Escher Tageblatt, Nr. 291, 21. Dezember 1945, S. 1-2. [4]
  7. Hansen, P., 2014. Der mysteriöse Tod Gustav Simons: Vorstellung des Buches “Hanns and Alexander”. Bestseller Thomas Harding zu Besuch in der britischen Botschaft. Luxemburger Wort 2014, Nr. 166 (19. Juli), S. 18.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gustav Simon – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.