Kursaal

eelste Kino zu Lëtzebuerg deen nach a Betrib ass

De Ciné Kursaal vu Rëmeleng, och nach den Ale Kino genannt, ass deen eelste Kino zu Lëtzebuerg deen nach a Betrib ass. En huet ee Sall.

  • De Sall huet 170 Plazen
  • De Filmprojektiounsapparat ass ekipéiert fir 35 mm Filmer
  • Toun: Digital; Dolby, DTS.
  • Den Ecran ass 7 Meter breet a 4 Meter héich
  • Hanner dem Ecran stinn zwéin Altec Lansing "Voice of the Theater"-Lautsprecher. Déi eenzeg am Land.
  • Foussfräiheet: 140 cm
  • Vis-à-vis vum Kino ass e Gratisparking mat 150 Plazen.
De Kursaal am Mäerz 2022
De Kino am Joer 2005
De Sall vum Kursaal (2005)

Geschichtleches änneren

1896 gouf e Café mat Niewegebaier an der Garerstrooss (der haiteger rue des Martyrs) gebaut. Wéi Rëmeleng mam d'Gesetz vum 4. August 1907 Stad gouf, huet de Jean Sturm-Muller fir déi Feierlechkeeten, op Initiativ vun der Direktioun vun der Rëmelenger Schmelz, e Fest- an Theatersall bäigebaut. Dee Sall hat eng Bün, mä nach kee Balcon a kee Plaffong. De stolenen Daachstull hat e gliesene Virdaach, dee bei guddem Wieder de Sall beliicht huet. No an no koumen ambulant Filmvirféierer op Rëmeleng Filmer weisen. Déi Siwent Konscht hat deemools mol nach keng zéng Joer.

 
D'Entrée mat der Keess (2005)

Déi Zäit haten d'Filmprojektiounen en enorme Succès. Mä well de Sall net dofir gebaut war, sinn d'Sécherheetsvirschrëfte fir Kinoen net beuecht ginn. 1912 gouf de Sall dunn definitiv an e Kinossall ëmgebaut. Eng Projektiounskabinn gouf bäigebaut, e groussen Ecran (fir zesummenzefalen) gouf opgeriicht, e Balcon an e Plaffong goufe gebaut. Déi Zäit huet de Conrad Massard de Sall gefouert.

De Projekter war e Pathé mat enger Karbidsluucht, dee mat enger Kierb ugedriwwe gouf. D'Filmer haten déi Zäit eng Längt vun nëmmen e puer Minutten.

Nom Éischte Weltkrich huet de Film sech am Ausland kënschtleresch an industriell entwéckelt. D'Filmer sinn ëmmer méi spektakulär a méi laang ginn. De Kino krut nees en neie Projekter, en Zeiss-Ikon Magnifizenz, dee vun engem elektresche Motor ugedriwwe gouf an eng modern Bouluucht vu 400 Watt hat. Mä well et dunn zu Rëmeleng nach keng Elektrizitéit an den Haiser gouf, huet missen am Keller vum Gebai eng Generatrice opgestallt ginn, déi vun engem Liichtgasmotor ugedriwwe gouf. Vun do u war et méiglech, Filmer vun iwwer enger Stonn op engem "giganteschen" Ecran vu véier Meter Breet ze weisen, Filmer, déi op Zellulosnitrat gezu waren, an dowéinst extreem feiergeféierlech waren. Well d'Bobinnen net méi wéi 600 Meter Film (fir 17 Minutten) droe konnten, sinn d'Virstellungen zwee- oder dräimol vu Pausen ënnerbrach ginn.

De Conrad Massard huet d'Féierung vum Sall un de Félix Nittel-Gaasch a seng Fra ofginn. Déi Zwee haten en Usträicherbetrib am Nopeschhaus. D'Madamm Nittel war d'Meedchen aus dem éischte Bestietnes vun der Catherine Sturm-Muller.

1920 huet de Schwoer vum Félix Nittel, de J.-P. Hurt-Gaasch, d'Gebai kaaft an dem Kino säin aktuellen Numm ginn, nodeem hien aus enger "Kur" vu Wiesbaden zeréckkoum. Den Här Hurt huet selwer de Kino gefouert. Déi Zäit sinn déi "wichteg" Filmer mat Museksbegleedung opgefouert ginn. E Pianist huet d'Musek am Sall selwer gespillt.

 
Den Arthur Massard

Wéi zu Rëmeleng de Boxsport opkoum ass de Kinossall dacks benotzt ginn fir Boxmatcher z'organiséieren.

Enn der 1920er Joren ass de Vitaphone opkomm. E System bei deem e Plackespiller iwwer eng Kardanwell direkt mam Projekter verbonne war. 1927 huet de Kuelenhändler Eugène Ungs zu Rëmeleng en zweete Kino opgemaach, de Palace, sou haten d'Rëmelenger den "Neien" an den "Ale Kino".

1932 huet de Kursaal ugefaangen ze schwätzen. D'Filmer hunn dunn 90 Minutten a méi gedauert. En zweete Projekter huet missen ugeschaaft ginn. Et war en zweete "Magnifizenz", eng Okkasioun. Déi zwéi Projektere goufe mat Zeiss-Ikon Lieser fir opteschen Toun ausstafféiert an en elektresche Verstäerker vun der Mark Körting mat 4 Watt an e Lautsprecher goufen installéiert.

Nom Doud vum Här Hurt huet d'Madamm Nittel, seng Schwéiesch, d'Gebai geierft. Den Arthur Massard, d'Kandskand vum Conrad, war am Stot Nittel opgewuess an hat sech zanter 1931, do war hie 17 Joer al, ëm d'Projektioun gekëmmert.

Néng Joer méi spéit gouf d'Land den 10. Mee 1940 vun däitschen Truppen iwwerfall. D'Rëmelenger Awunner goufen a Südfrankräich evakuéiert. Déi franséisch Arméi huet dunn, an engem verzweiwelte Versuch de Feind zeréckzedrécken, eng ganz Rei Haiser laanscht d'Eisebunn zerstéiert. De Kino war vun zwou Brandbomme getraff ginn, mä d'Schied waren net grouss.

No kuerzer Zäit konnt d'Famill Massard aus der Evakuatioun heemkommen a sech erëm ëm de Kino këmmeren. Mä se konnten net méi am Kinosgebai wunnen. Den Arthur a seng Mamm, déi mat der Resistenz sympathiséiert hunn a munch däitsch Deserteure bei sech opgeholl haten, hunn awer gemierkt, datt déi däitsch Administratioun hinne géif vill Steng an de Wee leeën. Si kruten d'Exploitatioun vum Kino aus den Hänn geholl an en däitsche "Kommissar" huet sech vun do un drëm gekëmmert. Et ass jo net ugaangen, dem däitsche Propagandaminister Goebbels säi léifst Medium de "subversive Kräften" an de Grapp ze ginn.

1943 ass d'Proprietärin, d'Madamm Nittel gestuerwen, déi d'Kinosgebai dem Här Arthur Massard duerch Testament vermaach huet.

An den éischten Nokrichsjoren, d'Zäit an där de Faarffilm lues a lues opkoum, huet sech um Gebai selwer net vill gedoe bis datt 1953/54 deen Deel, an deem haut d'Geschäft, d'Entrée an d'Appartementer sinn, opgebaut si ginn. Dat war och d'Zäit, wou wéinst dem Opbléie vun der Tëlee d'Kinoe sech eppes Neies hu missen afale loossen. An dat war de CinemaScope, e Breetfilmsystem, deen et de Kinossäll erlaabt huet 35mm-Filmmaterial mat Hëllef vun neientwéckelte Lënsen d'Filmer "méi breet" ze projezéieren.

 
Bauer-Projekteren

Fir de Kino Kursaal war dat eng grouss Ëmstellung. 1956 gouf den Ecran op eng Breet vun 8 Meter bruecht, déi säitlech Verlängerunge vum Balcon goufe gekierzt. An de Projektiounsraum gouf mat neie "Bauer M72" Projekteren ausstafféiert, mat 1000 Watt-Bouluuchte vu Cinemeccanica an engem "Zeiss-Ikon" Tounliessystem. No de fette "Scope"-Jore mat ville "Superproduktiounen" an de 50er a 60er Joren ass den internationale Kino tëscht Enn 60er a Mëtt 70er Jore lues a lues an eng Kris eragerutscht.

Ëm 1960 gouf et nach 56 Kinossäll am Land; Enn de 70er waren et der nach knapps eng Dosen. De "Palace" huet 1974 d'Dieren zougemaach, nom Doud vum Emile Schlesser, dem Projektionist a Brudder vun der Proprietärin, der Madamm Ungs. Nëmmen dräi "Provënzkinoen" gouf et nach zu Diddeleng, Déifferdeng a Rëmeleng. Den Arthur Massard huet missen no enger anerer Aarbecht kucken; an de Kino huet nach just véier Kinosvirstellungen an der Woch gehat.

 
Bauer-Projekter: D'Film-Gedriff
 
De Balcon 1976…

An der Mëtt vun de 70er Joren huet eng nei Generatioun, déi mat der Televisioun opgewuess ass, de Kino erëm nei entdeckt. D'Zuel vun den Zuschauer ass gewuess, an de Kino krut erëm en neien Elan. Am Joer 1976 krut de Kursaal nei Projekteren a Sëtzer. D'Stereosanlag aus dem Palace mat sengen Altec Boxe Voice of the Theater gouf iwwerholl. 1976 krut de Sall Dolby Stereo-Toun. Star Wars war den éischte Film, deen an deem Format zu Rëmeleng gespillt gouf. Ufank der 1980er Jore goufen déi al Sëtzer um Balcon mat d'Sëtzer aus dem Europe aus der Stad Lëtzebuerg ersat. D'Gradinen um Balcon goufen och gehéicht fir datt d'Vue op den Ecran vun alle Plazen aus gutt war. 1982 goufen d'Karbonluuchten aus de Projekteren mat Xenon-Luuchten vun Zeiss-Ikon vu 1600 Watt ersat.

Nom Doud vum Arthur Massard am November 1987 ass d'Projektiounskabinn am Kursaal erneiert an informatiséiert ginn. Vun deem Moment u brauch kee Projektionist méi an der Kabinn ze si wann e Film gespillt gëtt. De Rëmelenger Sall war ee vun deenen éischten deen automatiséiert ginn ass, an en ass haut och nach ëmmer am Spëtzepeloton vun den automatiséierte Säll.

1989 sinn nach eng Kéier d'Sëtzer erneiert ginn, an dat mat deenen aus dem Europe 2 aus der Stad, deen an deem Joer opgehalen huet mat spillen.

 
… an 2005

Vun 1994 u profitéiert de Kursaal vun der staatlecher Hëllef fir d'Kinoen. Vun deem Datum u war et méi liicht fir an de Sall z'investéieren. 1995 gouf de Sall op digitalen Toun ëmgestallt. En huet nei Verstäerker an Haut-Parleure kritt an e gouf och ageriicht fir DTS Toun ze spillen. Hanner dem Ecran sinn déi 3 legendär Altec Haut-Parleure bliwwen, mä et ass nach en neie JBL Subwoofer vu 600 Watt derbäigesat ginn.

Am Januar 1998 sinn déi hëlze Sëtzer aus dem Parquet duerch Fotellen ersat ginn, an d'Distanz tëscht de Reien ass op 140 Zentimeter vergréissert ginn.

Haut gesäit den Ale Kino am Sall aus wéi en traditionelle Kino, technesch ass hien awer um leschte Stand an erlaabt sou eng Projektioun vu beschtméiglecher Qualitéit.

Adress änneren

Ciné Kursaal
8, rue des Martyrs
L-3739 Rëmeleng
Tël: 57 57 58

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kursaal – Biller, Videoen oder Audiodateien