Mill Ends Park
De Mill Ends Park zu Portland am Oregon ass dee klengste Park vun der Welt. De Park ass e Krees mat engem Duerchmiesser vun 61 Zentimeter, deen 1948 als Plaz fir e Luuchtepotto geduecht war. Wéi deen net opgestallt gouf, huet den Dick Fagan, e Journalist vum Oregon Journal, do Blumme geplanzt an huet ugefaangen an enger reegelméisseger Kolumn iwwer d'Virgäng am Park ze schreiwen. Am Joer 1976 gouf Mill Ends Park en offizielle Park vun der Stad Portland.
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | USA |
Gemeng | Portland |
Plaz | Portland |
Koordinaten | 45° 30’ 58.32’’ N 122° 40’ 23.65’’ W |
Geschicht | |
Ugeluecht | 1948 |
Bauhär | Stad Portland |
Dimensiounen a Geographie | |
Längt | 61 cm Duerchmiesser |
Fläch | 0,292 m² |
D'Fläch vum Park bedréit 0,292 m². Attraktioune vum Park sinn ënner anerem e Swimmingpool fir Päiperleken an e Miniaturriserad (dat mat engem normal grousse Kran ugeliwwert gouf).