Japan

ostasiateschen Inselstaat


Japan, op Japanesch 日本 nihon oder nippon „Urspronk/Wuerzel vun der Sonn”, ass en ostasiateschen Inselstaat, deen op 6852 Insele verdeelt am Pazifeschen Ozean läit. Zum Westen hi fënnt een Nord- a Südkorea, zum Norden hi Russland an zum Südwesten hi China an Taiwan.

日本国
Nihon-koku/Nippon-koku

Japanesche Fändel

Japanescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Japanesch
Haaptstad: Tokio
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Tennō: Naruhito
 • Premierminister: Fumio Kishida
Fläch: 377.873[1] km²
 • Dovu Waasser: 0,8 %
Bevëlkerung: 127.710.000[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 338/km²
Onofhängegkeet: 3. Mee 1947
(haiteg Constitutioun)
Nationalhymn: Kimi Ga Yo
(Lauschteren)
Wärung: Yen
Zäitzon: UTC +9
Internet TLD: .jp
Internationalen
Telefonsprefix
:
+81

Japan ass als G7-Land eng vun de féierenden Industrienatioune vun der Welt.

Geschicht änneren

 
Den Tennō Jimmu, mythesche Grënner vum Keeserräich Japan

Der Seechen no gouf Japan am 7. Joerhonnert v. Chr. vum Tennō (jap. Keeser) Jimmu gegrënnt. Schonn am 5. a 6. Joerhonnert hate sech d'chineesesch Schreifweis an de Buddhismus etabléiere kënnen, éischt Zeeche fir de staarken Afloss dee China op d'japanesch Kultur sollt hunn.

Bedeitung a Roll vum Keeser hunn am Laf vun der Geschicht staark variéiert. Bis an d'8. Joerhonnert war den Tennō déi héchst Autoritéit am Räich, an der Zäit duerno war seng Muecht éischter begrenzt an dacks nëmme vu symboleschem Wäert. D'Soen hat vereenzelt d'Noblesse aus dem Entourage vum Haff, meeschtens awer waren et d'Shōgun déi d'Land ënner Kontroll haten. Japan war de facto fir Joerhonnerten ënner der Herrschaft vu verschiddene Shogunaten (Militärdynastien) déi - mat relativ kuerzen Ënnerbriechungen - vum 12. bis an d'éischt Hallschent vum 19. Joerhonnert un der Muecht waren.

Am 16. Joerhonnert hunn Handelsleit a chrëschtlech Missionnairen aus Portugal, Spuenien, Holland an England Japan fir sech entdeckt. Den europäeschen Interessi um Land huet d'Shogunat zwar skeptesch gemaach, gouf awer ufanks toleréiert. Nodeem d'Aktivitéite vun de kathoulesche Missionnairen awer weider zougeholl hunn, gouf d'Chrëschtentum 1636 verbueden. Virun allem d'Verbreedung vum Katholizismus war an den Ae vun de Shogun en éischte Schrëtt a Richtung Kolonialiséierung vu Japan duerch d'Iberer. Zu gudder Lescht gouf jiddwer Kontakt mat Europäer verbueden. Eenzeg Ausnam: protestantesch Hollänner hunn däerfe kontrolléierten Handel bedreiwen, dat awer och just op der Insel Dejima bei Nagasaki.

 
Tokugawa Ieyasu

Déi sougenannt Edo-Period (1603-1868), an där d'Shogunat vun der Tokugawa-Famill un der Muecht war, war d'Zäit vun internationaler Isolatioun, mä anengems och déi längst Friddensperiod vun der Neizäit.

Et sollten 251 Joer vergoe bis datt d'Japaner 1854 - ënner Drock vun den Amerikaner - nees wëlles waren d'Relatioune mam Westen erëm opzehuelen an der Isolatiounspolitik en Enn ze maachen.

De Kontakt mat den Europäer an den Amerikaner léist bannent kierzter Zäit eng ganz Rëtsch vun Evenementer aus, déi déi traditionell politesch Kultur a gesellschaftlech Verhältnesser an e Koup trëlle loossen. De politeschen Ëmbroch kënnt 1868 mat der sougenannter Meiji-Restauratioun. D'Shogun verléieren d'Muecht an de Keeser gëtt nees als héchst Regierungsinstanz unerkannt. Eng sëllege Reforme ginn an deene Jore lancéiert: de Feudalsystem gëtt ofgeschaaft, staatlech Institutiounen no westlechem Modell ginn etabléiert, d'Schoulflicht gëtt agefouert an d'Land kritt eng nei Verfassung. Aus dem Keeserräich gëtt um Enn eng konstitutionell Monarchie, aus dem Agrarland eng Industrienatioun. Déi schëtzeg Moderniséierung an d'Fale loosse vun der Isolatiounspolitik verännere Land a Gesellschaft fundamental. D'Japaner ginn aussepolitesch méi king a si Wëlles hir Positioun als regional Wirtschafts- a Militärmuecht weider auszebauen. D'Konsequenz dovu sollt eng Expansiounspolitik sonnergläiche sinn.

An de Joren 1894/95 kënnt et zum éischte chineesesch-japanesche Krich. China verléiert Taiwan, d'Insel bleift bis 1945 japanesch Provënz.

D'Engagement vun de Russen an der Mandschurei am Nordoste vu China féiert 1905 zum russesch-japanesche Krich . D'Konfrontatioun goung zu Gonschte vu Japan aus a markéiert déi éischt Defaite vun enger europäescher Groussmuecht géint en asiatescht Land. Japan kënnt an de Besëtz vu Sakhalin an de Kurilen, d'Mandschurei gëtt nees u China zeréckginn.

1910 annektéiert Japan Korea.

Am Éischte Weltkrich stinn d'Japaner op der Säit vun der Entente. 1920 trëtt d'Land dem Vëlkerbond bäi a gëtt Member vum Sécherheetsrot. De Westen erkennt Japan als nei Regionalmuecht am Pazifikraum un, an akzeptéiert déi nei Territoiren. Et sollt net fir laang sinn.

Parlament, Regierung a Keeser hunn am Laf vun den 1930er Joren ëmmer méi d'Kontroll un d'Militär verluer.

1932 besetzen d'Japaner d'Mandschurei a grënnen de Marionettestaat Mandschuko. No massiver internationaler Kritik trëtt Japan 1933 nees aus dem Vëlkerbond aus. 1936 ënnerschreiwe Japan an Däitschland den Antikominternpakt. Et bleift zwar en éischter symbolescht Schreiwes, ass awer och en éischte Schrëtt a Richtung Achs Berlin-Roum-Tokio vun 1941.

 
Detonatioun vun der Atombomm Fat Man iwwer Nagasaki

1937 eskaléiert d'Situatioun an der Mandschurei an et kënnt zum zweete chinesch-japanesche Krich. 1938 iwwerdréit d'Parlament all Entscheedungsautoritéit a krichsrelevante Froen op d'Militär.

Den zweete Krich mat China markéiert och gläichzäiteg den Ufank vum Pazifikkrich an dem Zweete Weltkrich an Asien. Een Dag no der Fligersattaque op d'amerikanech Pazifikbase zu Pearl Harbor op Hawaii (7. Dezember 1941) erklären d'Amerikaner Japan de Krich.

D'Japaner waren den Alliéierten an der Ufankszäit vum Krich ëmmer e Schratt viraus a konnten hiren Afloss iwwer ganz Südostasien ausbreeden. D'Philippinnen, Neiguinea, Birma an Indonesie ginn am Laf vun nëmmen e puer Méint okkupéiert.

Mat der japanescher Nidderlag an der Schluecht vu Guadalcanal op de Salomonen (1942-43) konnt d'japanesch Expansioun gestoppt ginn. Japan verléiert duerch d'Géigenoffensive vun den Alliéierten no an no ëmmer méi Territoiren. 1945 gëtt Okinawa op de Ryūkyūinsele vun den Alliérten ageholl, Tokio an Ōsaka bombardéiert. De 6. August 1945 gehaien d'Amerikaner eng éischt Atombomm op Hiroshima, den 9. August explodéiert eng zweet iwwer Nagasaki. Sechs Deeg drop kapituléiert Japan bedingungslos; formell ënnerschriwwe gouf d'Kapitulatioun den 2. September 1945.

D'Haaptacteuere vun der aggressiver Annexiounspolitik sinn an den internationale Krichsverbriecherprozesser vun Tokio tëscht 1946-48 ugeklot a verurteelt ginn.

Bis Enn Abrëll 1952 war Japan vun den Amerikaner okkupéiert. 1956 trëtt d'Land de Vereenten Natioune bäi. Tëscht 1955-1973 ass d'japanesch Ekonomie formidabel gewuess an d'Land huet sech politesch stabiliséiert.

Geographie änneren

 
Satelittefoto vu Japan

Japan läit op engem Archipel ëstlech vum asiatesche Festland. Den Inselstaat grenzt am Norden un d'Ochotskescht Mier, am Osten un de Pazifeschen Ozean, am Süden un d'Ostchineesescht Mier an am Westen un d'Japanescht Mier. Nieft sëllege méi klengen Insele (6848 Stéck[3]) sinn d'Haaptinselen - vun Norden no Süden - Hokkaidō, Honshū (déi gréisst), Shikoku, an Kyūshū. Ëm déi 73 % vun der Landmass si Bierger. Deen héchsten ass de Fujisan mat 3776 Meter[3]. Déi riseg Biergformatiounen aus vulkaneschem Gestengs si knapps fir Landwirtschaft, Industrie oder als Bauland ze gebrauchen. Besidelt sinn haaptsächlech d'Küsteregiounen, wat och eng vun den Haaptursaaachen ass datt Japan eng vun deenen héchste Bevëlkerungsdensitéiten op der Welt huet. Am Groussraum Tokio op der Pazifikküst wunnen eleng schonn 30 Millioune Leit.

Japan läit matzen an enger Subduktiounszon, enger Regioun an där sech dräi tektonesche Placke laanschtenee reiwen, d'eurasesch, d'philippinnesch an d'Pazifesch Plack.

Et kënnt dofir reegelméisseg zu Äerdbiewen a Vulkanausbréch. Vun deene ronn 240 Vulkaner sinn der eng 40 aktiv. Besonnesch geféierlech si Séibiewen, déi am schlëmmste Fall en Tsunami ausléise kënnen.

Klima änneren

Japan huet e relativ variéiert Klima. Et kann tëscht sechs Haaptklimaregiounen ënnerscheet ginn:

  • Hokkaidō: net vill Reen, laang kal Wantere mat vill Schnéi.
  • Japanescht Mier/Ostmier: Den Norwestwand am Wanter bréngt vill Schnéi. Am Summer ass et méi kill wéi an der pazifescher Regioun. Dacks Fön.
  • Zentraalt Héichland (Chūō-kōchi): grouss Temperaturënnerscheeder tëscht Summer a Wanter, Dag an Nuecht. Net vill Reen.
  • Seto-Séi: D'Bierger aus der Regioun Chūgoku a Shikoku blockéieren d'Loftstréim a féieren d'ganzt Joer iwwer zu engem temperéierte Klima.
  • Pazifikregioun: kal Wantere mat wéineg Schnéi, dréchen a waarm Summeren.
  • Nansei-Inselen (Ryūkyū-Inselen): Subtropeschet Klima mat waarme Wanteren a Summeren. Staark Reeschauere virun allem an der Reenzäit, reegelméisseg Taifunen.

D'Monsunsaison fänkt an de südleche Regioune schonn ufanks Mee un. D'Reefront wandert da Richtung Norde virun, an erreecht Enn Juli d'Insel Hokkaidō. De Monsun dauert ongeféier 6 Wochen.

Enn Summer, Ufank Hierscht heefe sech d'Taifunen. Bis zu 20 där tropescher Wirelstierm ploen d'Land pro Saison.

Bevëlkerung änneren

 
D'Shibuya-Kräizung zu Tokio

Sproochen a Schrëften änneren

D'Sproochsituatioun a Japan ass eng relativ homogeen. Japanesch, op Japanesch 日本語 nihongo, ass d'Nationalsprooch a gëtt vun der Quasitotalitéit vun der Populatioun a vun deene meeschte Minoritéite geschwat. Wéi déi meescht Sproochen huet och d'Japanesch eng sëllege regional Dialekter opweises.

Déi japanesch Sprooch benotzt nieft de chineesesche Schrëftzeechen (Kanji) zwee eege Silbeschrëftsystemer (Hiragana a Katakana), déi vu chineesesche Schrëftzeechen ofgeleet sinn. Stroossen, Garen a.s.w si meeschtens a Kanji an a laténgescher Ëmschrëft (Rōmaji) beschëldert.

D'Ryūkyū-Sproochen, déi gemenkerhand als Ënnergrupp vum Japanesche gesi ginn, ginn hautdesdaags nëmmen nach vun enger Minoritéit zu Okinawa op de Ryūkyū-Insele geschwat.

Ainu, eng indigène Minoritéitssproooch déi net mam Japanesche Famill ass, kënnen nëmmen nach vereenzelt eeler Leit am Norde vun der Insel Hokkaido.

Englesch ass nach viru Chineesesch déi Friemsprooch, déi am meeschten an de Schoule geléiert gëtt. Allerdéngs gëtt dacks kritiséiert, datt de japaneschen Engleschcours ze vill op d'Bestoe vum TOEIC-Test ausgeriicht ass an net genuch Kommunikatiounsfäegkeete vermëttelt. Déi drëttheefegst Friemsprooch ass Däitsch.

Reliounen änneren

 
Hochzäit am Meiji-Schräin, Tokio 2002

Japan gouf mat der Constitutioun vun 1947 zu engem laizistesche Staat an huet mam selwechten Dokument d'absolut Reliounsfräiheet agefouert.

De Buddhismus an de Schintoismus sinn déi historesch wichtegst Reliounen an hu bis haut groussen Afloss op Kultur a Gesellschaft vum Land. Aus westlecher Perspektiv éischter gelungen ass datt den offizielle Statistiken [4] no eng grouss Majoritéit (iwwer 80 %) vun de Japaner net nëmmen zu enger, mä zu en allenzwou gehéiert. Eng Ursaach dofir ass datt de Buddhismus an de Schintoismus an hirer reliéiser a philosophescher Traditioun no beienee leien a sech am Laf vun der Zäit zu enger eegener, typesch japanescher Spirutualitéit vermëscht hunn. De reliéise Synkretismus erkläert och datt sech d'Iddi vun där enger, exklusiver Relioun ni richteg duerchgesat huet. De Buddhismus an de Schintoismus gehéieren haut zum soziokulturelle Patrimoine vun de Japaner a liewen an der Traditioun vun de gesellschaftleche Gebraich virun. Hochzäite ginn dacks mat enger schintoistescher Zeremonie gefeiert, Doudesritualer wéi d'Begriefnes an d'Gebied fir déi Verstuerwe si meeschtens a buddhistescher Traditioun gehalen.

De Buddhismus, op Japanesch 仏教 bukkyo, koum am 6. Joerhonnert iwwer den Emwee vu Korea an d'Land. Anescht wéi am Schintoismus gëtt et am Buddhismus eng persounifizéiert Hellegkeet an d'Méiglechkeet nom Doud an d'Paradäis ze kommen. De Schintoismus, deen aus de japaneschen Urreliounen entstanen ass, baséiert dogéint op der Veréierung vun Naturgottheeten an de Virfueren. Et gëtt iwwer 200 Richtungen.

Zanter dem 19. Joerhonnert sinn a Japan eng Hellewull nei reliéis Beweegungen, déi sougenannt Nei Reliounen, op Japanesch 新宗教 shinshūkyō, entstanen. Déi meescht si vun traditionelle Relioune wéi dem Schintoismus, dem Buddhismus, dem Hinduismus an dem Chrëschtentum beaflosst.

D'Chrëschtentum an den Islam spillen a Japa sou gutt wéi keng Roll.

Administrativ Ënnerdeelungen änneren

Prefekturen änneren

 

Insel Hokkaidō

Insel Honshū

Insel Shikoku

Insel Kyūshū

Ryūkyū-Inselen

Japan ass a 47 Prefecturen agedeelt. Administréiert ginn d'Prefecture vu gewieltene Gouverneuren a Parlamenter. Déi eenzel Prefecture sinn nach emol a Gemengen opgedeelt. D'Gemengeversammlunge gi grad wéi d'Prefecturesparlamenter gewielt. D'Gemenge kontrolléieren ë. a. den ëffentlechen Enseignement an hunn d'Recht eege Steieren anzeféieren.

Literatur zum Theema änneren

  • Dambmann, Gerhard: Gebrauchsanweisung für Japan, Piper, 2002
  • Barthes, Roland: L'empire des signes, Éditions du Seuil, collection Points Essais, 2005
  • Henshall, Kenneth G.: A history of Japan, Palgrave Macmillan, 2001

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Japan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Vereent Natiounen (2004)
  2. Geschat fir den 1. Juli 2008. Quell: stat.go.jp (Juli 2008)
    Bei der leschter Vollekszielung, den 1. Oktober 2005 goufen 127 767 994 Leit gezielt. Quell: UNO
  3. 3,0 3,1 http://www.stat.go.jp/english/data/nenkan/index.htm
  4. CIA World Factbook; Japan - People Gearchiveerd op 2010-12-28. Gekuckt de(n) 2008-07-13.