Quierzy
Quierzy (fréier Cariciacum, Carisiacum, Charisagum, Karisiacum) ass eng franséisch Gemeng am Departement Aisne an der Regioun Hauts-de-France. Se läit um Uwänner vun der Oise tëscht Noyon a Chauny, a war eng al Kinneksstad. Haut ass et just nach e rouegt Dierfche mat 415 Awunner (2018).
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Hauts-de-France | ||||
Departement | Aisne | ||||
Arrondissement | Laon | ||||
Kanton | Vic-sur-Aisne | ||||
Postcode | 02300 | ||||
Gemengecode | 02631 | ||||
Koordinaten | 49° 34’ 17’’ N 03° 08’ 39’’ O | ||||
Fläch | 809 ha | ||||
Bevëlkerung | 415 (2018) |
Nopeschgemengen
ännerenKuckeswäertes
änneren- D'Buerg vu Quierzy, déi am 15. Joerhonnert op der Festung vun de Bëscheef vun Noyon opgeriicht gi war, a vun där haut nach en Tuerm do steet.
- D'kinneklech Residenz vun de Pippiniden a Karolenger, vun deenen et just nach Spuere vum Graf ginn.
Geschicht
änneren- 605: De Protadius, Hausmeier vum Kinnek Theuderich II. stierft do
- 22. Oktober 741: De Karl Martell stierft do
- Pippin de Jonken:
- 742: De Karel de Groussen gëtt (vläicht) do gebuer
- 754: De Pippin iwwerhëlt – op der Synod vu Quierzy d'réimesch Liturgie an de gregorianesche Gesank.
- Januar 754: De Poopst Étienne II. gëtt vum Pippin zu Quierzy empfaangen. Den Traité vu Quierzy gëtt ënnerschriwwen, mat deem de Poopst d'Exarchat Ravenna kritt an de Kierchestaat gegrënnt gëtt (d'sougenannt Pippinesch Schenkung). Am Géigenzuch erkennt de Poopst d'karolengesch Dynastie un.
- Karel de Groussen
- September 838: Synod vu Quierzy, op där d'Patere vun der Abtei vu Saint-Calais am Bistum Le Mans verurteelt ginn.
- 21. Dezember 842: De Charles de Plakkapp bestit d'Ermentrud vun Orléans zu Quierzy
- 853: D'Synod vu Quierzy ënner der Presidence vum Hinkmar vu Reims verurteelt de Gottschalk vun Orbais.
- 16. Juni 877: Kapitularie vu Quierzy: De Karel de Plakkapp mécht d'Grofschaften ierflech – domat ass de Feudalismus entstanen.
No 891 hunn d'Normannen sech an der Regioun niddergelooss. Quierzy a seng Ëmgéigend goufen dobäi komplett zerstéiert. Den Hugues Capet, dee léiwer an enger Stad residéiere wollt, huet d'Géigend vu Quierzy un de Bëschof vun Noyon ofgetrueden, deen do eng Festung baue gelooss huet.
Literatur
änneren- Liber Pontificalis
- Codice diplomatico longobardo
- Ivan Gobry: Pépin le Bref
- Georges Bordenove: Charlemagne