Belsche Frang

fréier Wärung vun der Belsch
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Belsche Frang, war vun 1832 bis zur Aféierung vum Euro am Joer 2002 déi offiziell Wärung vun der Belsch. Opgrond vun de Bestëmmunge vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun war en och zu Lëtzebuerg am Ëmlaf. Hien huet eng laang Geschicht, eng Geschicht vun 170 Joer.

200 Belsch Frang mam Adolphe Sax

Geschicht vum Belsche Frang änneren

 
5 Belsche Frang aus der Period vun der Union Latine, 1869. Leopold II.

Hei puer wichteg Eckdaten aus der Geschicht vum Belsche Frang:

  • 1832: Gesetz, duerch dat de Belsche Frang definéiert gouf.
  • 1850: Schafung vun der Banque Nationale de Belgique
  • 1865: D'Union Latine entsteet.
  • 1873: D'Geldschäiner vun der Banque nationale kréien e gesetzleche Cours.
  • 1914: D'Convertibilitéit vun de Billjeeë gëtt opgehuewen.
  • 1921: Den Traité vun der Union Economique Belgo-Luxembourgeoise gëtt ofgeschloss.
  • 1925: D'Belsch kënnegt de Vertrag vun der Union latine .
  • 1926: Stabilisatioun vum Belsche Frang op 1/7 vu sengem Vierkrichswäert; Schafung vun enger neier Unité de compte, dëm Belga, a Rétablissement vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
  • 1935: Dévaluatiounn ëm 28 % vum Belsche Frang.
  • 1940: Suspensioun vun der Convertibilitéit vun de Billjeeën.
  • 1944: Schafung vum Wärungssystem vu Bretton Woods, deen op de Gold Exchange Standard opgebaut ass.
  • 1971: Suspensioun vun der Convertibilitéit vum USA-Dollar a Gold.
  • 1972: Schafung vun der Europäescher Wärungsschlang.
  • 1979: Kreatioun vum Europäesche Wärungssystem (EWS).
  • 1982: Ofwäertung ëm 8 % vum Belschen a Lëtzebuerger Frang am (EWS).
  • 1988: Nei Definitioun vum legale Statut vum Frang.
  • 1990: De Frang gëtt un déi däitsch Mark ugekoppelt.
  • 1999: Drëtt Etapp vun der Europäecher Wirtschafts- a Monetärunioun, Aféierung vum Euro als Buchwärung.
  • 2002: Den Euro gëtt a Form vu Billjeeën a Mënzen an Ëmlaf gesat; Enn vum Belsche Frang.

D'Emissiounsinstitut, d'Belsch Nationalbank änneren

Den Iwwergang zum Euro änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Belsche Frang – Biller, Videoen oder Audiodateien