Déi zwéi vum Bierg
Déi zwéi vum Bierg ass e Lëtzebuerger Film vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger aus dem Joer 1985. De Film spillt an der Zäit vum Zweete Weltkrich a stellt dat dagdeeglecht Liewe wärend der däitscher Occupatioun duer. De Mikrokosmos vum Duerf (dat ouni Numm bleift) steet dobäi exemplaresch fir déi verschidde Schicksaler, déi d'Land huet missen erleiden.
Fir d'éischt a sechs 30 bis 40 Minutte laangen Episoden op der Tëlevisioun gelaf, ass Déi zwéi vum Bierg duerno an enger gekierzter Versioun am Kino gelaf.
2001 huet de Centre national de l'audiovisuel de Film op Videoscassette erausginn.
2011 ass do dunn och eng DVD Versioun erauskomm.
Inhaltsverzeechnes
Ëm wat geet et am Film?Änneren
Zwéi gutt Kolleegen, de Mill an de Välten, hu sech versprach ëmmer fireneen do ze sinn. Wéi dat wärend der däitscher Occupatioun war, hunn e puer Leit, déi op der Nazisäit stoungen, probéiert de Leit am Duerf d'Liewe schwéier ze maachen an hu vun all Geleeënheet profitéiert fir bei der Gestapo Meldung ze maachen. Dem Välten seng Famill gouf op sou eng Manéier verschleeft...
KuriéisesÄnneren
Am Dréibuch heescht de Film Di zwéi vum Bierg an op dem Filmplakat Déi zwee vum Bierg.
LiteraturÄnneren
- ... sou laang een drun denkt... an den Zeenario vum Film: Déi zwéi vum Bierg vum Henri Losch. (Edition RTL) 1985