Charles I. vun der Bourgogne
De Charles I. de Kéngen (fr.: Charles Ier le Téméraire oder le Hardi, nl.: Karel de Stoute), gebuer den 10. November 1433 zu Dijon, a gestuerwen de 5. Januar 1477 bei Nanzeg, war Herzog vun der Bourgogne a vu Lëtzebuerg. Hien ass dee berüümtsten a leschten Herzog aus dem Haus Valois-Bourgogne.
Charles I. vun der Bourgogne | |
---|---|
Titelen | |
Herzog vun der Bourgogne | |
Zäit | 1467 bis 1477 |
Herzog vu Lëtzebuerg | |
Zäit | 1467 bis 1477 |
Biographie | |
Gebuer |
10. November 1433 jul. Dijon |
Gestuerwen |
5. Januar 1477 jul. Nanzeg |
Bestuet mat | Isabelle vu Bourbon |
Papp | Philippe III. vun der Bourgogne |
Mamm | Isabel vu Portugal |
Geschwëster | Philippe vun der Bourgogne, David vun der Bourgogne, Antoine vun der Bourgogne |
Kanner | Marie vun der Bourgogne |
De Charles war aus der burgundescher Säitelinn vun der franséischer Kinneksfamill Valois. Seng Eltere waren de Philipp III. de Gudden an d'Isabel vu Portugal. Soulaang säi Papp gelieft huet, hat hien den Titel vun engem Grof vu Charolais. Den 12. Abrëll 1465 huet de Philippe d'Regierungsgeschäfter dem Charles iwwerginn, dee probéiert huet, d'Politik vu sengem Papp virunzeféieren. Dësen hat an de Jore virdru seng Herrschaftsgebidder zu engem eenheetleche Staat vereent, onofhängeg vum Kinnekräich Frankräich an dem Hellege Réimesche Räich. Dowéinst war et am Kontext vum Honnertjärege Krich zu engem Konflikt mat Frankräich komm (de Philippe huet net gezéckt gehat, fir eng Allianz mat den Englänner, de Feinde vu Frankräich, ze maachen), dee 1435 mam Traité vun Arras op en Enn goung. Dora war ë. a. och festgehalen, datt dem Philippe säi Jong eng franséisch Prinzessin bestuede sollt.
Dofir gouf de Charles mat just 7 Joer mam Catherine de Valois, der Duechter vum franséische Kinnek Charles VII. bestuet, déi der dunn 12 hat. Si ass 1446 mat 18 Joer gestuerwen. Duerno huet hie sengem Papp seng Niess, d'Isabelle de Bourbon, bestuet, déi gläichzäiteg och d'Kusin vum Kinnek vu Frankräich war. Si krute just ee Kand, dat iwwerlieft huet, d'Maria vun der Bourgogne, déi sou eenzeg Ierwin vun de burgundeschen Territoire gouf.
De Charles huet, wéi e bis Herzog war, weider an der haiteger Belsch Territoiren eruewert: 1466 Dinant a 1467 d'Prënzbistum Léck (wouvunner hie Vogt war).
De franséische Kinnek Louis XI. huet dem Charles Verrot virgeworf an huet e puer Stied op der Somme eruewert. De Charles ass doropshi mat enger grousser Arméi a Frankräich agefall, huet Nesle eruewert an d'Bevëlkerung massakréiere gelooss. De Charles huet sech mam Edward IV. vun England alliéiert, wéi dee Frankräich eruewere wollt, iwwerdeems de franséisch Kinnek Louis XI. sech mam däitsche Keeser, den Habsburger an der Schwäizer Konfederatioun zesummegedoen huet, fir d'Bourgogne vun Osten hier z'attackéieren.
De Charles huet bannepolitesch virun allem d'Arméi reorganiséiert an d'Verwaltung zentraliséiert. Sou huet hien ë. a. de Grousse Conseil vu Mechelen agesat, eng Zort Parlament an Hougeriicht fir seng nidderlännesch Territoiren.
De Charles huet weider alles gemaach fir e Kinnekräich Bourgogne opzeriichten. Ufanks an déi burgundesch Territoiren ze vergréisseren: 1469 krut e vum Äerzherzog vun Éisträich, dem Sigismund, d'Grofschaft Pfirt, d'Landvogtei Uewer-Elsass an de Breisgau als Pand. 1472-1473 konnt en d'Nofolleg vum Herzogtum Geldern kafen. 1473 wollt e mam däitsche Keeser Friedrich III. zu Tréier en Accord ënnerschreiwen, datt dem Charles seng Duechter Maria dem Keeser säi Jong, de Maximilian sollt kënne bestueden, iwwerdeems hie réimesche Kinnek géif ginn. Déi Verhandlunge goufen awer ofgebrach, notamment well d'Kurfürste sech um prunkvollen Optrëtt vum Charles gestéiert gehat sollten hunn.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |