Joseph Faulké

lëtzebuergesche Polizist a Mykolog

De Joseph Faulké, gebuer den 1. Januar 1863 zu Nanzeg a gestuerwen de 27. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Policebeamten, Pilzkenner an Auteur[1].

Joseph Faulké
Gebuer 1. Januar 1863
Nanzeg
Gestuerwen 27. Januar 1947
Lëtzebuerg
Aktivitéit Polizist, Auteur, Mykolog

De Policebrigadier änneren

De Joseph Faulké, deen a Frankräich op Welt komm war an deem säi Papp an Däitschland, seng Mamm awer zu Lëtzebuerg gebuere war, huet 1884 eng Optiounserklärung fir d'lëtzebuergesch Nationalitéit ze kréien eragereecht. Hien huet do bei der Eisebunn geschafft. 1889 huet hien de Beruff gewiesselt an ass Polizist an der Stad Lëtzebuerg ginn, wou hien als Sergent de ville ugefaangen huet. 1902 ass hie Policekommissär-Adjoint ginn. Seng Karriär huet de Faulké als Police-Brigadier an als Maart-Inspekter (inspecteur des marchés) vun der Stad Lëtzebuerg ofgeschloss.

De Maart-Inspekter a Pilzkenner änneren

Als Maartkontroller huet de Faulké sech gutt mat den Déieren a Pilzen, déi um Maart verkaaft goufen, auskannt. Zesumme mat sengem Chef, dem Policekommissär Alphonse Rupprecht, huet hien an de Joren 1916 bis 1925 de Relevé vun den iessbare Pilzen, déi all Joer an der Stad Lëtzebuerg um Maart verkaaft goufen, am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) publizéiert. Donieft huet hien do zesumme mam Pierre Medinger, dem Chef vum Chimiesdepartement vum Bakteriologesche Laboratoire (Staatslabo), en Artikel iwwer Vergëftungsfäll bei Hénger, déi Waasserglas gefriess haten, publizéiert.

Publikatiounen änneren

  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1916. Nachweis der auf den Wochenmärkten der Stadt Luxemburg zum Verkauf ausgestellten und polizeilich kontrollierten essbaren Pilze. Vom 1. Mai bis zum 25. Oktober 1916. Bull. Soc. Nat. luxemb. 26: 260-263.[1]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1917. Nachweis der auf den Wochenmärkten der Stadt Luxemburg zum Verkauf ausgestellten und polizeilich kontrollierten essbaren Pilze. Vom 1. Mai 1917 bis zum 30. Oktober 1917. Bull. Soc. Nat. luxemb. 27: 276-279.[2]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1919. Relevé des quantités de champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du mois d'avril au mois d'octobre 1918. Bull. Soc. Nat. luxemb. 29: 38-41.[3] (Errata: 226).[4]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1919. Relevé des quantités de champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police, durant la période du premier mai au onze novembre 1919. Bull. Soc. Nat. luxemb. 29: 224-225.[5]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1920. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du mois d'avril au mois d'octobre 1920. Bull. Soc. Nat. luxemb. 30: 112-115.[6]
  • Faulké, J., 1921. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du mois d'avril au mois de novembre 1921. Bull. Soc. Nat. luxemb. 31: 188.[7]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1923. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du 5 avril au 7 octobre 1922. Bull. Soc. Nat. luxemb. 33: 48-51.[8]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1924. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police, du 4 avril au 3 octobre 1923. Bull. Soc. Nat. luxemb. 34: 22-25.[9]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1924. Relevé des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police, du 12 avril au 18 octobre 1924. Bull. Soc. Nat. luxemb. 34: 128-131.[10]
  • Faulké, J. & A. Rupprecht, 1925. Relevé des quantités des champignons comestibles mis en vente aux marchés hebdomadaires de la ville de Luxembourg et contrôlés par la police du 11 avril au 14 octobre 1925. Bull. Soc. Nat. luxemb. 35: 66-69.[11]
  • Medinger, P. & J. Faulké, 1922. Les dangers du verre soluble jeté en pâture aux oiseaux de basse-cour. Bull. Soc. Nat. luxemb. 32 : 41-42.soluble

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Massard 2019.