112 (Europäeschen Noutruff)

Europäeschen Noutruff

Den Europäeschen Noutruff ass e gratissen[1], a ganz Europa gëltegen Noutruff, deen ënnert der Telefonsnummer 112 z'erreechen ass.

112 (Den Europäeschen Noutruff)
Noutruffzentral zu Katowice (Polen)

Fonctionnement änneren

Ënner der 112 ass eng Zentral z'erreechen déi, jee no Noutfall, déi zoustännegt Servicer wéi d'Police, d'Ambulanz oder d'Pompjeeën alarméiert. D'Asazzentrale sollen an der Lag sinn, Noutriff a verschiddene Sproochen entgéintzehuelen.

Bei engem Noutruff gesäit den Operateur an der Zentral ëmmer d'Telefonsnummer vun deem, deen urifft, och wann deejéinege säin Telefon sou agestallt huet, datt d'Nummer net soll ugewise ginn[2].

Länner änneren

 
Ëmsetzung vun den zwou weltwäit vun der ITU geneemegten Notrufnummeren an der Welt:██ 112██ 9-1-1██ 112 an 9-1-1██ Aner Nummer oder keng Weiderleedung

D'Telefonsnummer 112 gëllt als Europäeschen Noutruff an der Europäescher Unioun an an enger Rei anere Länner. Ausserdeem gëtt d'Noutruffnummer 112 an e puer asiateschen an afrikanesche Länner gebraucht. A Kanada an an den USA gëtt beim Wiele vun der 112 den Uruff op d'Noutruffnummer 9-1-1 vum Nordamerikaneschen Nummeréierungsplang weidergeschalt. Och an e puer latäinamerikanesche Länner wéi z. B. a Costa Rica funktionéiert d'112. Doriwwer eraus gëtt se och a Länner am pazifesche Raum gebraucht, wéi beispillsweis an Australien, Neiséiland, an a Vanuatu.

Nieft dem Europäeschen Noutruff kënnen och nach déi national Noutruffnummere weiderhi gëllen. An Éisträich beispillsweis ass den 112 eng Weiderleedung op de Policenoutruff (133), woubäi den Noutruff fir d'Pompjeeën (122) an der Rettungsnoutruff (144) weiderhi fir déi Zwecker ze benotze sinn[3].

Länner, déi d'112-Nummer fir Noutfäll benotzen, sinn ë. a.:

Land Bemierkung
  Albanien nieft 129 fir d'Police, 127 fir d'Ambulanz an 128 fir d'Pompjeeën
  Andorra Ambulanz a Pompjeeën, nieft 118 fir déi selwecht Servicer an 110 fir d'Police
  Aserbaidjan nieft 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
  Australien vum GSM gëtt op déi australesch Noutruffnummer 000 weidergeleet
  Belsch Ambulanz a Pompjeeën; nieft 100 fir déi selwecht Servicer an 101 fir d'Police
  Bosnien an Herzegowina nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Pompjeeën an 124 fir d'Ambulanz
  Brasilien nieft 9-1-1; gëtt weidergeleet op d'190 (Militärpolice), nieft 193 fir d'Pompjeeën, 190 fir d'Militärpolice an 192 fir d'Ambulanz
  Bulgarien nieft 150 fir d'Ambulanz, 160 fir d'Pompjeeën an 166 fir d'Police, automatesch weidergeleet op d'112
  Chile nieft 9-1-1; weidergeleet op d'133 - Police
  China gëtt Informatiounen op Englesch iwwer d'Noutruffnummeren
  Costa Rica nieft 9-1-1
  Däitschland nieft 110 fir d'Police
  Dänemark mat Grönland, Färöer, nieft 114 fir d'Police (keng Noutfäll).
  Dominikanesch Republik nieft 9-1-1
  Egypten nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Ambulanz an 180 fir d'Pompjeeën
  Éisträich nëmme Police; nieft 122 fir d'Pompjeeën, 133 fir d'Police an 144 fir d'Ambulanz
  Estland
  Finnland mat Åland
  Frankräich nieft 15 fir d'Ambulanz, 17 fir d'Police an 18 fir d'Pompjeeën
  Georgien eenzeg Noutruffnummer 112
  Gibraltar nieft 190 fir d'Pompjeeën an d'Ambulanz an 199 fir d'Police
  Griicheland nieft 100 fir d'Police, 108 fir d'Hafepolice, 166 fir d'Ambulanz an 199 fir d'Pompjeeën
  Holland op den hollännesche Karibikinsele gëtt d'112 op d'9-1-1 weidergeleet iwwerdeems an den europäeschen Deeler d'9-1-1 op d'112 weidergeleet gëtt
  Hong Kong vum GSM gëtt op d'Noutruffnummer 999 weidergeleet
  Indien nieft 100 fir Police, 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Ambulanz an 108 fir den Noutfall Katastrophemanagement
  Indonesien nëmme GSM-Reseau - just fir d'Police ; nieft 110 fir d'Police, 118 fir d'Ambulanz an 113 fir d'Pompjeeën
  Iran nieft 110 fir d'Police, 115 fir d'Ambulanz, 112 fir Hilal Ahmar Ambulance an 125 fir d'Pompjeeën; 9-1-1 gëtt um GSM-Reseau op d'Noutruffnummer 112 weidergeleet
  Irland nieft 999
  Island
  Israel weidergeleet op d'100 vun der Police, nieft 100 fir d'Police, 101 fir d'Ambulanz an 102 fir d'Pompjeeën.
  Italien nieft den aneren Nummeren, wou d'112 nach net installéiert ass: 113 fir d'national Police, 112 fir d'Gendarmerie (Carabinieri), 115 fir d'Pompjeeën an 118 fir d'Ambulanz
  Jordanien nieft 9-1-1
  Kanada benotzt 9-1-1
  Kasachstan nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
  Kirgisistan nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
  Kolumbien nëmme Police; nieft 123 fir all Urgencen, 125 fir d'Ambulanz an 119 fir d'Pompjeeën
  Kosovo nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën an 194 fir d'Ambulanz
  Kroatien nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, 194 fir d'Ambulanz an 195 fir d'Séirettung
  Kuwait nieft 777
  Lettland nieft 110 oder 02 fir d'Police, 113 oder 03 fir d'Ambulanz an 114 oder 04 fir Noutfäll mat Gas, 01 fir d'Pompjeeën
  Lëtzebuerg nieft 113 fir d'Police
  Libanon nëmme fir d'Police; nieft 160 fir d'Police, 140 fir d'Ambulanz an 125 fir d'Pompjeeën
  Liechtenstein nëmme fir d'Police; nieft 117 fir d'Police, 144 fir d'Ambulanz an 118 fir d'Pompjeeën
  Litauen nieft 011 fir d'Pompjeeën, 022 fir d'Police an 033 fir d'Ambulanz
  Macau nieft 999
  Malaysia vum GSM-Reseau gëtt op d'Noutruffnummer 999 weidergeleet
  Malta
  Mauritius nëmme fir d'Police; nieft 114 fir d'Ambulanz an 115 fir d'Pompjeeën
  Nordmazedonien nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, 194 fir d'Ambulanz
  Moldawien eenzeg Noutruffnummer zanter dem 1. Juli 2018; ersetzt 901 fir d'Pompjeeën, 902 fir d'Police an 903 fir d'Ambulanz
  Monaco nieft 15 fir d'Ambulanz, 17 fir d'Police an 18 fir d'Pompjeeën
  Montenegro nieft 122 fir d'Police, 123 fir d'Pompjeeën an 124 fir d'Ambulanz
  Neiséiland weidergeleet op d'111
  Nepal nëmme fir d'Police; nieft 100 fir d'Police, 101 fir d'Pompjeeën an 102 fir d'Ambulanz
  Nigeria
  Norwegen nëmme fir d'Police, 110 fir d'Pompjeeën an 113 fir d'Ambulanz
  Panama nieft 9-1-1; 104 fir d'Police an 103 fir d'Pompjeeën
  Polen nieft 999 fir d'Ambulanz, 998 fir d'Pompjeeën, an 997 fir d'Police
  Portugal 117 fir e Bëschfeier ze mellen
  Ruanda Police a Pompjeeën; 912 fir d'Ambulanz
  Rumänien
  Russland nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police, 103 fir d'Ambulanz an 104 fir Noutfäll mat Gas
  San Marino
  Saudiarabien nieft 9-1-1
CHE  Schwäiz nieft 117 fir d'Police, 144 fir d'Ambulanz an 118 fir d'Pompjeeën
  Schweden nieft 114 14 fir d'Police ouni Noutfall
  Senegal nieft 17 fir d'Police, 18 fir d'Pompjeeën a 15 fir d'Ambulanz
  Serbien nieft 192 fir d'Police, 193 fir d'Pompjeeën, an 194 fir d'Ambulanz
  Slowakei nieft 155 fir d'Ambulanz, 158 fir d'Police, 150 fir d'Pompjeeën an 18300 fir d'Biergrettung
  Slowenien nieft 113 fir d'Police
  Spuenien nieft 091 fir d'Police, 061 fir d'Ambulanz an 080 fir d'Pompjeeën
  nëmme Police; nieft 119 fir d'Police an 110 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën
  Südafrika nieft 10111 fir d'Police
  Südkorea nëmme Police; nieft 119 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën
  Syrien nëmme Police; nieft 110 fir d'Ambulanz an 113 fir d'Pompjeeën
  Taiwan nieft 110 fir d'Police, 119 fir d'Ambulanz an d'Pompjeeën
  Tierkei gebraucht an 32 Provënzen, an deenen aneren 49 Provënze gëllt d'112 nëmme fir d'Ambulanz
  Timor-Leste
  Tschechesch Republik nieft 155 fir d'Ambulanz, 158 fir d'Police an 150 fir d'Pompjeeën
  Ukrain nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police, 103 fir d'Ambulanz an 104 fir Noutfäll mat Gas
  Ungarn nieft 104 fir d'Ambulanz, 105 fir d'Pompjeeën an 107 fir d'Police; 9-1-1 gëtt um GSM-Reseau op d'Noutruffnummer 112 weidergeleet
  USA nieft 9-1-1, um GSM-, AT&T- an T-Mobile-Reseau gëtt d'112 op d'9-1-1 weidergeleet
  Usbekistan
  Vanuatu
  Vatikanstad nieft 113 fir d'national Police, 115 fir d'Pompjeeën an 118 fir d'Ambulanz.
  Vereenegt Arabesch Emirater nieft 999 fir d'Police, 998 fir d'Ambulanz an 997 fir d'Pompjeeën
  Vereenegt Kinnekräich nieft 999
  Wäissrussland nëmme Pompjeeën; nieft 101 fir d'Pompjeeën, 102 fir d'Police an 103 fir d'Ambulanz
  Zypern nieft 199

E112 änneren

Ënner E112 (ergänzt 112-Nummer) versteet een - nom US-amerikanesche Virbild vun der ergänzter E911 - d'Lokalisatioun vun engem deen urifft, wann deen den Noutruff urifft. D'Lokalisatioun erliichtert et den Asazzenteren - wa se deementspriechend ekipéiert sinn - d'Lokalisatioun vun der Persoun déi urifft oder vum Gefier beim sougenannten eCall.

Obwuel d'EU-Reglement festleet, datt d'Noutruffzentralen automatesch d'Informatiounen iwwer d'Positioun vun deem deen urifft, ugewise kréie sollen, fonctionéiert dat bis elo nach net an Italien, Litauen, Holland, Polen a Rumänien. Och an Däitschland ass dat bis elo nach net Gewunnecht. Des Weideren ass d'Lokalisarioun aus technesche Grënn ufälleg fir Feeler.

Geschicht vun der lëtzebuergescher Noutruffzentral änneren

Den deemolegen Inneminister Henri Cravatte huet de 17. Mee 1966 an de Raimlechkeete vun der Direktioun vun der Protection civile um Belair déi éischt Noutruffzentral zu Lëtzebuerg ageweit. D'Nouthëllef war fir d'Autoritéiten an där Zäit als wichteg a sënnvoll ugesi gi fir de Bedierfnesser vun den Awunner gerecht ze ginn. D'Protection civile hat d'Méiglechkeet geschaf, fir vu jiddwer Plaz am Land aus, iwwer d'Nummer 012 un eng eenzeg Noutruffzentral ze kommen. No enger Rei Publicitéitscampagne an der geschriwwener Press an iwwer de Radio ass d'Popularitéit vun der Noutruffnummer mat de Joren ëmmer weider an d'Luucht gaangen.

Enn September 1991 ass Direktioun vun der Protection civile zesumme mat der Noutruffzentral an en deemools neit Gebai op d'Cloche d'or geplënnert; d'Aweiung war den 11. Oktober 1991 a Presenz vum Inneminister Jean Spautz. Nodeems d'Stater Rettungsdéngschter am September 2021 aus der Kasär vun der Areler Strooss op Gaasperech an den nationale Rettungszenter geplënnert waren, ass d'Noutruffzentral och dohi geplënnert an de 16. November 2021 ageweit ginn[4][5].

Op d'Propositioun vun der Europäescher Kommissioun hin, gouf 1991 vum EU-Ministerrot beschloss d'Noutruffnummer 112 anzeféieren[6]. Zu Lëtzebuerg gouf d'112 den 1. Januar 1993[7] ageféiert an et war domat op EU-Niveau eent vun den éischte Länner, dat déi eenheetlech d'Noutruffnummer 112 benotzt huet.

Zanter 2009 gëtt et europawäit den Europäeschen Dag vum 112, deen den 11. Februar (11.2.) organiséiert gëtt, fir op dës europawäit gülteg, eenheetlech Nummer opmierksam ze maachen.

Um Spaweck änneren

Commons: 112 (Europäeschen Noutruff) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Zu Lëtzebuerg festgehalen am Artikel 51 (2) vum Gesetz vum 27. Februar 2011 (Loi du 27 février 2011 sur les réseaux et les services de communications électroniques)
  2. Artikel 7 Abschnitt 5 (a) vum Gesetz vum 28. Juli 2011 (Loi du 28 juillet 2011 portant modification de la loi modifiée du 30 mai 2005 concernant la protection de la vie privée dans le secteur des communications électroniques)
  3. Notrufe zum Herbeiholen von Hilfe op noezsv.at, der Internetsäit vum Niederösterreichischer Zivilschutzverband; fir d'lescht gekuckt de 26. November 2018
  4. Mise en service du CSU-112 au Centre National d'Incendie et de Secours (CNIS). 112.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.
  5. Gaasperech: Offiziell Aweiung vun der neier Noutruffzentral. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-11-16.
  6. Erklärung des Europäischen Parlements zu der Europäischen Notrufnummer 112 op europarl.europa.eu; gekuckt de 27. November 2018
  7. Numéro d'appel d'urgence unique pour toute l'UE op 112.public.lu, gekuckt den 28. November 2018