Bernard Molitor

lëtzebuergesche Konschtschräiner

De Bernard Molitor gebuer den 22. Oktober 1755 zu Betzder, a gestuerwen de 17. November 1833 zu Fontainebleau, war e lëtzebuergesche Konschtschräiner.

Bernard Molitor
Gebuer 22. Oktober 1755
Betzder
Gestuerwen 17. November 1833
Fontainebleau
Nationalitéit Lëtzebuerg
Wierk vum Bernard Molitor am Cleveland Museum of Art.

De Bernard Molitor, Bouf vun engem Mëller, ass zu Betzder opgewuess an ass ëm 1777 op Paräis gaangen, wou schonn e Koseng vun him als Schräiner geschafft huet, mä wou e sech an den éischte Joren als Händler duerchgeschloen huet. An enger Annonce vu 1778 huet e Reklamm fir Insektegëft gemaach, a 6 Joer drop huet en Handwiermer a Form vu Bicher verkaaft.

Eréischt 1787 ass de Molitor Maître ébéniste ginn, nodeem e sech mat der Duechter vun engem Charpentier du Roi bestuet hat, an domat an d'Konschtschräinerzonft opgeholl gi war. Hien huet en Atelier an der Rue Bourbon opgemaach. Eng vu sengen éischte Commandë koum vum der Marie-Antoinette, där hien de Buedem aus Mahagony-Holz an hirem Boudoir zu Fontainebleau ze maachen hat. Kaum hat e sech en Numm an de Paräisser Adelskreesser gemaach, koum d'Franséisch Revolutioun, an en huet, well seng Haaptclientèle fortgelaf oder e Kapp méi kuerz gemaach gi war, säin Atelier fir eng kuerz Zäit missen zoumaachen

No e puer more Jore goung et dann nees mat sengem Geschäft biergop. Hien hat eng sëllege Leit fir sech schaffen, déi em gehollef hunn, Komouden, Schreif- an Iessdëscher, Sekretären a Schief ze maachen. Déi Miwwele ware meeschtens mat wäertvollem Holz fournéiert, a mat Appliquen aus vergëllter Bronze dekoréiert. Den Napoleon z. B. huet sech bei him verschidde Miwwele fir seng Residenz zu Saint Cloud bestallt. 1811 gouf e Fournisseur de la Cour impériale.

1800 huet de Bernard Molitor sech am schicke Faubourg Saint Honoré en Haus kaaft. 1815 huet e sech eng zweet Kéier bestuet, an 1820 ass en op Fontainebleau geplënnert, wou en am Alter vun 78 Joer gestuerwen ass. Hie läit um Kierfecht vu Fontainebleau begruewen.

1995, wéi Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad war, huet eng Ausstellung vu senge Wierker, hie fir d'éischt engem gréissere Publikum bekannt gemaach. Och nach haut si Sammler a Konschtamateure bereet, héich Präisser fir seng Miwwelen ze bezuelen.

Literatur änneren

  • Leben, Ulrich: Molitor, ébéniste de Louis XVI à Louis XVIII. St.-Rémy-l'Eau, 1992.

Um Spaweck änneren