Metze Schmelz
D'Metze Schmelz zu Esch-Schëffleng, spéider ARBED-Schëffleng, war 1871 eng vun den éischte Schmelzen déi direkt bei de Minettslagere gebaut goufen. Esch-Uelzecht hat deemools just 1.900 Awunner.
Den Numm hat d'Schmelz vun der Schmelzhäre-Famill Metz, obwuel et u sech eng Joint Venture tëscht der Metz & Cie vum Norbert Metz an der Société anonyme des mines de Luxembourg et des forges de Sarrebruck vum Victor Tesch war.
GeschichtÄnneren
UfankÄnneren
D'Entscheedung fir d'Schmelz ze baue muss am Kontext vun der politescher Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung gesi ginn, Konzessioune fir d'Minièren un d'Konditioun ze bannen, datt d'Minett am Land weiderverschafft muss ginn.[1]
Den 18. September 1871 hunn den Norbert Metz an de Victor Tesch eng Konventioun ënnerschriwwe fir eng Schmelz mat véier Héichiewen zu Esch-Schëffleng ze bauen. D'Käschte goufen tëscht den zwéi Partner gedeelt. Déi éischt Direktere waren den Hubert Muller, en Eedem vum Victor Tesch, an de Léon Metz, de Fils vum Auguste Metz. Déi zwéin hunn allebéid am Schlass Berwart zu Esch gewunnt.
Tëscht Oktober 1871 a Februar 1873 goufen déi véier Héichiewen a Betrib geholl. 1875 goufen 100.000 Tonne Goss produzéiert. De Maximum gouf 1881 an 1882 erreecht mat 146.000 Tonnen. D'Hallschent vum Goss ass, engem Kontrakt no, op Burbach gaange fir do weider verschafft ze ginn.
ARBED Esch-SchëfflengÄnneren
Véier Jorzéngten no hirer Grënnung war d'Schmelz vereelzt an onrentabel ginn (mat Goss eleng war net méi vill Goss ze maachen). Ënnert dem Emile Mayrisch goufe Pläng ausgeschafft, mat Hëllef vu groussen Investitioune e modernt integréiert Wierk draus ze maachen, mat ugeschlossenem Stol- a Walzwierk, bei deem d'Héichuewegase benotzt géifen, fir Energie ze gewannen.[2]
Well déi ursprénglech Firmestruktur et net erméiglecht hat, Obligatiounen erauszeginn, gouf d'Metze Schmelz mat an déi nei gegrënnt ARBED integréiert. 1912 huet d'ARBED en Emprunt vun 20 Millioune Frang gemaach, fir ë. a. dës nei Strukturen zu Esch-Schëffleng bauen ze loossen. Kuerz drop hunn d'Aarbechten ënner dem Ingenieur Huber Hoff ugefaangen. Den Héichuewen II gouf mat méi engem groussen ersat an zwéi neier koume bäi, déi allen dräi tëscht Mäerz a Juli 1913 ugestach goufen. Och dat neit Stolwierk gouf am Juli 1913 a Betrib geholl, d'Walzwierk an de Méint dono.[2]
Ewell konnten op ARBED Esch-Schëffleng dräi Zorte Produkter fabrizéiert ginn: Ronneisen, Standardprofiller an Drot. Pro Dag konnten déi 6 Héichiewen 1.100 Tonne Goss produzéieren, deen an engem Thomasstolwierk mat véier Konvertere vu je 25 Tonnen zu Stol verschaaft konnt ginn, an dann an engem Walzwierk mat sechs Stroossen zu verschiddene Produkter gewalzt ginn. Sou konnten a Joer 400.000 Tonne Réieisen an 330.000 Tonne Walzprodukter gemaach ginn.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
ArcelorMittal Rodange et SchifflangeÄnneren
An der Lescht gouf d'Schmelz vun der ArcelorMittal Rodange et Schifflange SA, enger Duechter vun ArcelorMittal bedriwwen.
Nodeems 2012 mat der Produktioun 2012 opgehale gi war, gouf de Site 2016 offiziell zougemaach.[4]
Zukunft vum SiteÄnneren
Zanter 2018 lafen d'Virbereedungen, fir dat ganzt Areal, ënner dem Projetsnumm Quartier Alzette oder Metzeschmelz, nei z'urbaniséieren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Quartier Alzette.
Déi architektonesch Zeie vun der industrieller Vergaangenheet sollen souwäit et geet erhalen an/oder fir nei Zwecker ëmgebaut oder genotzt ginn.[5] An deem Sënn goufen de 24. Mäerz 2023 24 Gebaier an Objeten um Site als national Architekturierfschaft klasséiert[6].
Geschützten architektonesche PatrimoineÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Denis Scuto, Jacques Maas: "La Metzeschmelz, quelle hisoire !" Tageblatt, 6. Abrëll 2019, S.2-3., Download op orbilu.uni.lu.
Commons: Arbed Esch-Schifflange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Quell vun dësem Kapitel: Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum.
- ↑ 2,0 2,1 Scuto/Maas 2019 an der Literatur.
- ↑ Avis vum COSIMO iwwer eng Klasséierung vu verschiddene Gebaier an Objeten um Site, vum 14. Juli 2021.
- ↑ "Esch-Schifflingen: Die Zukunftsschmiede der Escher Stadtentwicklung." wort.lu (Paywall), 3. Januar 2018 um 11:44.
- ↑ "Leitfragen" op quartieralzette.lu.
- ↑ "24 immeubles du site Metzeschmelz inscrits au Patrimoine culturel national." op administration.esch.lu, 11. Oktober 2022.