Juliette Binoche

franséisch Schauspillerin

D'Juliette Binoche, gebuer den 9. Mäerz 1964 zu Paräis, ass eng franséisch Schauspillerin.

Juliette Binoche
Gebuer 9. Mäerz 1964
12. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Conservatoire national supérieur d'art dramatique,
Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Filmschauspiller, Synchronspriecher, Auteur, Kënschtler, Dichter, Schrëftsteller, Dänzer
Famill
Bestuet mat Santiago Amigorena
Liewenspartner(in) Leos Carax, Olivier Martinez, Benoît Magimel
Mamm Monique Stalens

Si huet a bekannte Filmer wéi Rendez-vous (1985) vum André Téchiné, The Unbearable Lightness of Being (1988) vum Philip Kaufman, The English Patient (1996) vum Anthony Minghella an Trois couleurs: Bleu (1993) vum Krzysztof Kieślowski matgespillt. Si war weider a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Jean-Luc Godard, Louis Malle, Michael Haneke an John Boorman ze gesinn.

Si krut 1997 en Oscar als bescht Schauspillerin an enger Nieweroll am Film The English Patient an 1994 en César als bescht Schauspillerin am Film Trois couleurs: Bleu. Um Festival vu Cannes 2010 gouf si als bescht Schauspillerin am Film Copie conforme ausgezeechent.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um spaweck änneren

Commons: Juliette Binoche – Biller, Videoen oder Audiodateien